Verblöden kann ech mech selwer!

1
1752
Image par SamWilliamsPhoto de Pixabay

D’Regierung ass houfereg op hire groussen Corona-Testprojet. Keng hallef Millioun, ma gläich iwwer anerhallef Millioun där Tester goufe kaaf. Käschtepunkt: 40 Milliounen Euro. Dee Chiffer gouf vum Staatsminister genannt an och vun der Gesondheetsministesch. Bei esou enger schéiner Sömmchen hätt eigentlech mussen e Gesetz geschriwwe ginn! Dat war meng Iwwerleeung an engem aneren Text  https://guykaiser.lu/test-fir-den-test/. a si gouf vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar an enger parlamentarescher Fro opgegraff. D’Aentwert vu Regierungssäit heet een ëm! Déi Tester kaschten elo keng 40 Milliounen, ma just der 39,6! Also e richtege Schnäppchen! A fir esou wéinegt Geld ass e Gesetz net néideg.

Elo kann een argumentéieren, datt d’Ministeren ëmmer vun enger ofgerönnter Somm geschwat hunn, ouni dobäi sech drop festzeleeën, datt dee Chiffer bis hannert dem Komma och der Wierklechkeet géing entspriechen. Et kann een et awer och aneschters gesinn, datt d’Ministeren an der allgemenger Hektik komplett vergiess haten, e Gesetz fir deen deal schreiwen ze loossen.

An deem Präiss vu 40 Milliounen, pardon, vun 39,6 Milliounen ass mat abegraff: den test selwer, d’Uwendung vum Test, d’Personal, dat mat involvéiert ass an natiirlech d’Laboratoiren. Am Budget vun der “recherche” sinn ëmmer nach 40 Millioune virgesinn!! An iwwerhaapt: et wier deen éischte Projet vum Staat, wou de Budget net géing iwwerzunn ginn!

Iwwregens huet dee Projet vun engem Massentest op de Corona eng aner Tonalitéit kruut. Virun enger Woch goung nach Rieds vun all den Awunner, déi sollte kënnen op d’mannst eemol getest ginn; elo heescht et, datt an deene verschiddene Secteuren, also a Berufs- a Gesellschaftsgruppen échantillonen geholl ginn. Also awer net Jenni a Menni?

Souwisou ass den Test net onëmstridden, am Vollek net an och net  ënnert de Spezialisten. Nëmme 40 Prozent vun de Studenten déi dëst Joer hiren Ofschlossexamen maachen, hu sech bis ewell teste gelooss!. Och do kann ee soen: et sinn jonk Leit, déi dat alles net esou genee, esou eescht huelen, mä, ass déi Iwwerleeung net zugläich eng Ënnerstellung, datt jonk Leit sech keng Gedanken maachen?!

“…no 2 Méint forcéiertem Congé, nach e puer Wochen Congé drop?!….”

Mat där Schnappsiddi koum gëschter de Wirtschaftsminister Franz Fayot an engem laangen Interview am paperjam.lu . Do steet jo tatsächlech ze liesen: “Les salariés sont déjà, à l’heure actuelle, dans une situation de stress considérable. Un patron intelligent serait bien avisé de permettre à ses salariés de prendre des congés après le confinement.” Bei der Lecture vun deenen Zeilen falen engem baal d’An aus dem Kapp! Vu gestresste Patron, déi elo probéieren, esou séier ewéi méiglech nees op d’Been ze kommen, geet do keng Rieds. All déi Patron, déi hirem Personal kee bezuelte Congé ginn, sinn also blöd, hunn op d’mannst keen soziaalt Häerz!

Wirtschaftlech mécht esou ee bezuelte Congé nëmme Sënn fir e Betriib, wou et den Ablack net esou gutt leeft, awer mat der Sécherheet, datt d’Commandenhefter besser gefëllt sinn fir déi Méint duerno. Da misst allerdéngs fir de Bausecteur de Kollektiv-Congé geännert, respektiv méi flexibiliséiert ginn!

Dës Aussoen vum Wirtschaftsminister hunn allemol fir vill Opreegung ënnert dem Patronat gesuergt an, kuck do! hunn den CSV-Deputéierten Laurent Mosar zu enger weiderer  parlamentarescher Fro motivéiert. Sollt d’urgence vun där Fro vum Chamberpresident unerkannt ginn, kéint de Staatsminister de Mëtten am Plenum dozou d’Wuert ergräifen. Ass d’Regierung ieren der Meenung, datt sech déi wirtschaftlech Relance mat bezueltem Congé maache léisst, nom Motto:mir hunn et jo!?

Q urgente Mosar Economie

1 COMMENT

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here