Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Enquête am Jugurt-Monopoly! 

Enquête am Jugurt-Monopoly!
Image par 이동원 lee de Pixabay

dräi Volet huet den Dossier Fage, dobäi ass de Leschten dës Woch bäikomm an ass den Interessantsten! Ugefaangen mam Volet Ëmwelt. D’Jugurt-Produktioun verlaangt extreem vill Waasser: Fage bräicht 900 Millioune Liter d’Joer: Kee Wonner, datt sech vill Bierger do Froe stellen. De Verbrauch wär deen nämmlechten ewéi deen vun enger Stad mat 20.000 Awunner. Ma geet dee Volet duer, fir Fage d’rout Kaart ze weisen an op d’Schëff ze schécken? Wa jo, dann acceptéiere mir nach just ganz selektiv eis Industrie, nom Motto: den Dreck sollen déi aner kréien. Ech ginn ze bedenken, datt d’Produktioun vun enger Jeans grad esou Waasserintensiv ass: fir eng eenzeg Box brauch een tëscht 8000 an 15.000 Liter. Et kéint ee jo mat Fage an d’Gespréich kommen, fir d’Produktioun ze moderniséieren…

Volet Nummer 2 ass den Terrain, wou sech déi spannend Fro stellt: wisou konnt de Betrib schonn déi 15 Hektar kafen, zu engem Ament wou nach iwwerhaapt keng Handelsermächtegung virläit?! Ass de Präis vun 20.000 Euro den Ar korrekt? Déi gréng Deputéierten Josée Lorsché schwätzt vun 80.000 euro, op d’mannst am private Beräich. A wann Fage tatsächlech keng Autorisatioun sollt kréien, wat geschitt dann mam Terrain? Kann Fage den Terrain behalen? De Staat huet en droit de préemption, e Virkafsrecht also. Mä wann d’Griichen déi 15 Hektar net wëllen hierginn? A wann awer, zu wat fir engem Präis?!

Deen Terrain hätt ni däerfen esou fréi un Fage verkaf ginn. Am Fall vun engem Refus,kënnt Lëtzebuerg schlecht aus där Nummer eraus, esou oder esou als Verléierer. Et wier net vu Muttwëll, den Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider an d’Parlamentskommissioun(en) ze zitéieren!

 

den drëtte Volet betrëfft Strukturen vum griiecheschen Industriellen. D’Gesellschaft huet nämlech schonn virun 8 Joer en Ofkommes ënnerschriwwen mat zwou Berodungsgesellschaften, Theta Phi an Alpha Phi mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Mount fir Mount krut jiddereng vun deene Gesellschaften 300.000 Dollar, am Ganzen also pro Joer 7,2 Milliounen, bannent 8 Joer iwwer 50 Milliounen Dollar. De Betrag ass héich, ma net anormal. D’Froe stellen sech op engem anere Punkt.

Wéi den Thierry Labro an engem Artikel am Paperjam festhält, hätt keng vun deenen zwou Gesellschaften an deenen 8 Joer iergendeng Persoun agestallt gehat. Bréifkëschtegesellschaften also? Ouni wollen an den Detail ze goen: d’Finanzstruktur vun Theta Phi an Alpha Phi huet een eenzegen Haaptaktionnär, mat Sëtz an der amerikanescher Steieroas Delaware.

De Journalist schreift a sengem ausféierlechen Artikel, datt et him net méiglech war, op déi eng oder aner Manéier mat der Gesellschaft a Kontakt ze kommen. Fage fait des yaourts et communique peu.

wéi ëmmer soll een der Saach net virgräifen, besonnesch net zu Lëtzebuerg, wou een sech auskennt an Extravaganzen vu Finanzstrukturen. Dat war och d’Reaktioun vum Wirtschaftsminister Franz Fayot an der zoustänneger Chamberkommissioun: fir hien wär dat eng normal Steierstruktur…also fir Steieren ze spueren. Wann awer een sollt anerer Meenung sinn, kéint dee jo ëmmer mol Plainte areechen. Den CSV-Vertrieder Laurent Mosar ass der Meenung, datt et tatsächlech genuch Froe ginn, déi een der Justiz op d’mannst kéint weiderginn: déi gréissten Oppositiounspartei huet dem Parquet also e Bréif zoukomme gelooss a krut prompt 24 Stonnen drop eng Äntwert: bei Fage gëtt eng enquête préliminaire opgemaach!

Och dat wëll nach näischt heeschen. E Volleksvertrieder, respektiv eng politesch Partei ass dozou verflicht, Saachen ze denoncéieren, wann ee mengt, et géing sech ëm net kauscher Geschäfter handelen. An d’Enquête ass jo mol den Ablack just préliminaire. Ma wann een déi dräi Volet vum Dossier Fage als e Ganzt hëlt, ass eng méiglech Konklusioun: wat e Brach!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *