Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Räichesteier: Jalousie, Ideologie, Demagogie, Hypokrisie? 

Räichesteier: Jalousie, Ideologie, Demagogie, Hypokrisie?
Photo by Karolina Grabowska: https://www.pexels.com/photo/stack-of-different-currency-with-photo-of-men-and-buildings-4386158/

 

D’Walcampagne huet längstens ugefaangen, kommunal an national vermëscht. Bei all gudder Geleeënheet wäerten Politiker- besonnesch déi vun der Gauche- an de Medien déi Ultraräich thematiséieren. Dat ass bei eisen Noper Däitschland a Frankräich net aneschters: et geet Rieds vu Klimakatastroph? Déi Räich! Si sinn schold, well si verbëtzen CO2! Et geet Rieds vu Pensiounen? Déi Räich! Et geet Rieds vu Staatsschold? Déi Räich! Si mussen zur Oder gelooss ginn! Dat héiert sech esou un, wéi wann een mat dësem Sujet all d’Sozialproblemer kéint léisen. D’Welt ass jo esou einfach.

D’Anne Rosencher am l’EXPRESS (3736) stellt sech d’Fro, ob dat net e bësselchen demagogesch ass? D’Wirtschaft vun engem Land géing jo net (eleng) vun e puer Milliardären ofhänken. Wär dat de Fall, da wär dat Land äusserst schlecht drun, stéing ekonomesch op méi ewéi wackelege Féiss!

Et kann een grad esou d’Fro opwerfen, ob dësen Debat net och eppes mat Hypokrisie ze dinn huet? Et si jo net nëmmen déi ganz Aarm, déi neidesch sinn iwwer déi Super-Räich, ma et ass grad esou de Mëttelstand an déi besser Bourgeoisie, déi sech iwwer dësen 1 Prozent vun der Bevëlkerung opreegen. Dat féiert dann dozou, datt esou guer e Staatsbeamten mat enger Pai vun 15.000€ de Mount sech kann zu den Ënnerdréckten zielen!

Photo by Reynaldo #brigworkz Brigantty: https://www.pexels.com/photo/black-steel-pet-cage-with-one-dollar-747113/

D’ONG Oxfam hat d’Propositioun gemaach, datt eng Taxe vun nëmmen zwee Prozent um Verméigen vun de Milliardären géing duergoen fir d’Lach am franséische Pensiounsdëppen opzefëllen. Héiert sech gutt un….just, datt virdrun schonn eng Steier fir déi nämmlecht Steeräich eropbeschwuer gi war fir de Klima ze retten, fir d’Pandemie-Schold ze begläichen an iwwerhaapt, fir de Staatsbudget nees an d’Riicht ze kréien.

Wann d’Politik net méi weider weess, dann zaubert den Simplizissimus d’Steier aus dem Hutt fir déi Super-Mega-Räich, nom Motto: Sai sinn Sai, och déi déi mam Zylinder an d’Bett ginn!

Virun allem awer ass den Thema vun de Super-Mega-Räichen eng herrlech Niwwelkäerz: et kann een domadder vun allen aneren Diskussiounen oflenken! De François Mitterrand koum 1971 mam Slogan: l’argent qui corrompt, l’argent qui achète, l’argent qui écrase. Domadder war kloer gestallt: d’Geld vum klenge Mann vun der Strooss ass propper, dat vum Décken ass d’office knaschteg. An de François Hollande hat nach eng drop gesat: mon ennemi, c’est la finance! Muss een sech mol virstellen! Grad dee Secteur bei der Däiwel wënschen, deen wéi Manna op d’Staatsfinanzen wierkt, besonnesch natierlech zu Lëtzebuerg!

Photo by Andrea Piacquadio: https://www.pexels.com/photo/man-in-black-suit-holding-banknotes-and-credit-card-3831185/

Den Elon Musk huet mat Tesla 100.000 Aarbechtsplaze geschaafen, de Bill Gates mat Microsoft 221.000, Larry Page an Sergey Brin mat Google 200.000 an de Jeff Bezos kënnt bis ewell mat Amazon op 1,5 Milliounen. Natierlech kann een do d’Remark maachen, datt eng ganz Partie vun deenen Ugestellten schlecht bezuelt sinn – also ënnerdréckt an ausgeschluecht ginn-, ma ouni déi 4 Betriber wär de Risk vun 2 Milliounen zousätzleche Chômeuren grouss.

D’Politik sollt net mat Jalousie a mat Ideologie spillen, ma ganz einfach hiren Job maachen. Et ass jo evident, datt déi Déck musse Steieren bezuelen, och nach e bësselche méi ewéi den Otto-Normalverbraucher. Ma et muss grad esou kloer sinn, datt net si d’Schold sinn, wann am Staatsbudget d’Mécken sech rare maachen. Do muss schonn d’Politik hire Rousekranz ofbieden.

Mä well mir jo souwisou net géint déi Déck ukommen, proposéiere mir deene Klengen d’36-Stonnewoch. Och déi kascht Geld. Déi Räich! Déi Räich!

 

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    E plaidoyer fir dei raich….pourquoi pas?
    Allerdengs muss d fro erlabt sin ob z.bsp e jeff bezos mat amazon wirklech sou positiv schafft wei vun him durgestallt.
    1,5 milliounen arbechtsplatzen klengt gudd…allerdings huet amazon mat sengem weltwaitem liwerservice secher och munch kleng commercen zersteiert an domat och arbechtsplazen.
    Et dierft natierlech bal onmeiglech sin dest ze quantifizeieren bei enger entreprise ,dei op all kontinent aktiv ass.

  2. Frank Bertemes

    Dat ass sécherlech net falsch – mä et gëlt och fir déi Räich de Prinzip: Reichtum verpflichtet. Ee Beispil vun engem aarme Mann, deen an Amerika ausgewandert ass an do immens räich ginn ass, sech awer ëmmmer bewosst war, wat et heescht, arem en ze sinn:
    Säi Buch: DAS EVANGELIUM VOM REICHTUM. Text dozou: “Andrew Carnegie war ein engagierter, massiv erfolgreicher Geschäftsmann und Philanthrop. Nachdem er 1901 durch den Verkauf seiner Carnegie Steel Company ein riesiges Vermögen von 480 Millionen angehäuft hatte, beschloss Carnegie, 90 % seines Vermögens zu verschenken. Carnegies massive philanthropische Bemühungen betonten Bibliotheken, Weltfrieden, Bildung und wissenschaftliche Forschung. Er baute die Carnegie Hall und gründete die Carnegie Corporation of New York, die Carnegie Endowment for International Peace, die Carnegie Institution for Science, den Carnegie Trust for the Universities of Scotland, den Carnegie Hero Fund und viele mehr.”
    ‘t verlaangt keen, datt déi “Räich” – déi WIERKLECH Räich esou mënschlech exemplarësch agéieren wéi deen duerfir beispilhaften Här CARNEGIE, mä grad an dësen Zäiten wär engagéiert Solidaritéit, entspriechend Steieren asw. awer duerchaus ugesot. A jo, do wär d’Politik entspriechend gefuerdert – mä déi bécken sech léiwer…

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *