Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: Brandmauer … gegen RECHTS ! 
„Mit mir wird es eine Brandmauer zur AfD geben.“ Friedrich Merz Brandmauer. Der hochaktuelle Begriff dürfte in seiner politischen Bedeutung...
Esou net, Här Staatsminister! 
Dir hutt, Luc Frieden, déi lescht Woch eng anstänneg Ried gehalen zur Lag vun der Natioun. Do war duerchaus Substanz...
E puer Lektiounen aus der Pandemie 
5 Joer sinn et hier, datt d’Welt sech mat engem Lockdown agespaart huet. Näischt goung méi am ëffentleche Liewen: a ville...
Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...

Blog Post

Gesellschaft

Tempi passati fir KGB-Modus zu Lëtzebuerg? 

Tempi passati fir KGB-Modus zu Lëtzebuerg?
Image par HOerwin56 de Pixabay

na also! Geet dach! D’Regierung déi Méintelaang näischt vun engem geheime casier wollt wëssen, huet gëschter e Gesetzprojet deposéiert, fir d’fichieren bei der Police ze moderniséieren, wëll heeschen, an d’Konformitéit ze setzen. Si léisst sech dat eppes kaschten: 21 Milliounen Euro!

E bësselchen no hanne gekuckt: et war den 18. Abrëll 2019, wéi op dësem Site d’Geschicht vun engem Mann erzielt gouf, deen e Virstellungsgespréich hat fir eng Aarbechtsplaz beim Pappa Staat. Hie gouf dobäi op Faiten ugeschwat, déi Joer zeréck louchen, déi sech a senger Jugend zougedroen haten a fir déi dee Mann ni ugeklot gi war. Also och kee Prozess, keng Verurteelung. De Mann hat e casier vierge!

Wéi awer konnten déi Leit beim Staat dovunner Kenntnis hunn? Den Term vum casier secret war gebuer. De maître Gaston Vogel huet sech där Saach ugeholl an d’Geschicht krut eng Eegendynamik. Den deemolegen Polit-Tandem Bausch/Braz wollt am Ufank näischt dovunner wëssen, d’Press huet Woche laang sech net derfir interesséiert, ma et koumen op dësem Site ëmmer méi Detailer eraus, zum Beispill datt d’Police Informatiounen iwwer d’Bierger gesammelt huet an 62 verschiddene Fichieren!

Kee Wonner, datt ech deemools den Titel gemaach hat: https://guykaiser.lu/letzebuerg-a-kgb-zaiten/ Gefundenes Fressen fir d’CSV-Oppositioun, déi d’Regierung virun sech hir gejot an esouguer eng Kéier aus Protest de Chamberplenum verlooss huet. Et koume Rapporten eraus vun der iGPN – d’Police vun der Police- an och vun der Dateschutzkommissioun. Gambia 2 huet mussen noginn, sech agestoen, datt si eng richteg déck Affär wéi eng Eisebull um Been hänken hat.

elo also soll endlech alles a Konformitéit gesat ginn. D’Aarbechten wiere komplex, heescht et op l’Essentiel.fr a géingen dowéinst laang brauchen http://www.lessentiel.lu/fr/luxembourg/story/21-2-millions-pour-adapter-les-fichiers-de-la-police-13857969. Réischt 2026 wären d’Aarbechten ofgeschloss, an dat Ganzt soll wéi gesot 21,2 Milliounen Euro kaschten. An et ass wuel dermadder ze rechnen, dattl nach e puer Gramm derbäi wäerte kommen. De Projet ass zanter gëschter um Instanzewee a soll dat anert Joer am Staatsbudget schonn mat 869.000 Euro zu Buch schloen. Duerno wären et all Joer tëscht 4 a 5 Milliounen.

Satisfaktioun also op der ganzer Linn fir Gaston Vogel a gkonline! Iwwerraschend ass allerdéngs deen houferege Präis vun 21 Milliounen; iwwerdroen op e Land wéi Däitschland géing de Projet iwwer 2,5 Milliarde kaschten! Gëllt och hei nees de Spréchelchen:wat näischt kascht dat daacht och näischt? Oder sinn déi Fichieren tatsächlech esou voluminéis..?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *