De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert an näischt ugekënnegt, wat nach net sprochräif ass, wat net mam Koalitiounspartner ofgeschwat ass.. Hien huet d’Experienz vum leschte Joer nach an der Akaul sëtzen an huet sech deementspriechend kleng gehalen. Esou koum eng Zort Pitti’s-Schoulaufsatz zustanen. Inhalt korrekt, ma eidel. Kee Message un d’Vollek, keng Empathie, keng Visioun, näischt wat op Hoffnung hoffe léisst. Diametral aneschters war den Dag drop den CSV-Fraktiounschef.
De Frank Zeimet huet alles richteg gemaach, grad um pädagogesche Plang. Esou gouf hien d’Gedanken erëm, déi sech

d’Vollek stellt, am genre wéi geet et weider? Bleift um Enn vum Mount nach eppes iwwereg am Portmonni?, fir direkt drop de Syndikater de béise Fanger ze weisen: et gëtt eng Diskussioun gefouert, wéi wann hei am Land näischt méi géif fonctionéieren.
JJo!Den Index ass a Steen gemeesselt! Ma d’Kafkraaft besteet net eleng doranner. Den Zeimet huet e.a. op steierlech Moossnamen verwisen, déi op d’Schinne gesat goufen, op eng grouss Steierreform mat engem Käschteponkt vun 900 Milliounen Euro d’Joer.”
Wat huet d’Regierung sos fir Grujelegkeeten ënnerholl?”
De Frank Zeimet huet d’Fro ironesch gestallt, fir de Gewerkschaften e weidere Coup an d’Rëpper ze ginn. Ëmmerhin si jo OGBL an LCGB an der Ëffentlechkeet der Meenung, datt de Grand-Duché nach ni esou eng onsozial Regierung hat ewéi déi vu Frieden/Bettel. Den CSV-Fraktiounschef wollt dat net op sech sëtze loossen an huet gekontert. D’Energie-Prime gouf verdräifacht, vun 200 op 600 Milliounen Euro (Grujel); de Stroumpräisdeckel bleift bestoen (GrujelGrujel!); d’Allocation de vie chère gouf ëm 10 Prozent eropgesat (The Horror!); 7 vun 10 Moossnamen fir d’Bauprozeduren ze vereinfachen, wiere schonn ëmgesat….
D’Kiischt um Kuch: déi ablécklech Regierung huet eng éischte Kéier en nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut op d’Bee gestallt. Dat alles zesummegerechent muss een als Observateur net onbedéngt zefridde stellen, ma de Frank Zeimet huet et geschéckt fäerdeg bruecht, de Kriticke vun de Syndikater de Jus erauszesuckelen, d’Loft aus de Seegelen ze huelen. Déi Roll hätt de Staatsminister missen iwwerhuelen. Dee soll nämlech och verbal dirigéieren. Et däerf ee gespaant sinn op d’Entwécklungen an der Tripartite….