Recent Posts

Post Categories

Politesch Meteo vun der DP 
Bei der DP gi Still geréckelt an domadder Weiche fir d’Zukunft gestallt.Tatort: dëse Sonndeg um Kongress. D’Carole Hartmann gëtt nei...
Eng Majoritéit ass (k)eng Majoritéit! 
Alles wat iwwer 50 Prozent läit, ass an der Politik eng Majoritéit. Et kann awer och de Spunnes mat der...
Frank Bertemes: Die CSV und die irenische Formel 
“In dem Begriff soziale Marktwirtschaft liegt die Betonung auf dem Wort sozial.” Julius Raab Julius Friedrich Raab (* 29. November 1891 in St. Pölten, Niederösterreich; † 8....
Frank Bertemes: Grüne Friedenspartei? 
Viel ist schon gewonnen, wenn nur einer aufsteht und Nein sagt. – Bert Brecht –   Grüne Politik ist eine...

Blog Post

Politik

Lëtzebuerg a KGB-Zäiten? 

Lëtzebuerg a KGB-Zäiten?
Image parStefan Schweihofer de Pixabay

et ginn där Geschichten, bei deene muss  ee sech d’A reiwen ; et huet ee Schwieregkeeten, si ze gleewen !

 

E Mann gouf a senger Jugend vun der Police ausgefroot an zwou Affairen, bei deenen et ëm « coups et blessures goung, verbonne mat enger incapacité de travail an och ëm outrage à agent ». Et koum awer ni zu engem Prozess, also och net zu enger Veruurdeelung. Casier vierge deemno!

 

Joren méi spéit – zimmlech rezent elo- goung dëse Mann sech an eng Verwaltung vum Staat virstellen, fir eng Plaaz ze kréien. An deem Virstellunsggespréich goufen allerdéngs déi Faiten ugeschwaat, déi sech a senger Jugend zougedroen haten, an de Mann kruut ze verstoen, datt hien net dee Richtege wier, fir beim Staat ze schaffen !

“…Do staunt een, gell ?! ..”

Wéi konnten dës Fonctionnairen vun där Geschicht wëssen, de Casier wor schliisslech vierge ?! Dobäi waren et net egal wat fir Fonctionnairen, et ware Leit vum Parquet an esouguer de Procureur !De betraffene Mann huet dat ganzt Gespréich humiliant fonnt an d’Virstellungsgespréich ewéi am Tommel verlooss, ma wëll déi doten Decisioun net acceptéieren. Hien huet sech en Affekot geholl, dee sech direkt mat der Police a Kontakt gesat huet. « Hat do ieren ee Fonctionnaire Renseignementer bei der Police iwwer dëse Mann gefrot ? D’Generaldirektioun äntwert 3 Woche méi spéit an ass formell : » j’ai procédé à un contrôle des fichiers log afin de déterminer si le nom de votre mandant avait effectivement été recherché par un membre de la Police qui l’aurait alors éventuellement communiqué à une autre administration. Néanmoins, je peux vous assurer qu’il résulte de mon contrôle qu’aucune recherche sur le nom de votre mandant n’a été effectuée au sein de la Police depuis au moins 2 ans »

 

image credits: Guy Kaiser

Wéi also konnten déi Leit vun der staatlecher Verwaltung un déi Donnéeën erukommen ? Am offizielle casier steet jo absolutt näischt. Existéiert nach nierwebäi eng Zort casier caché ? Den CSV-Deputéierten Laurent Mosar formuléiert dat  esou a senger parlamentarescher Fro : »Et ass mir zougedroe ginn, dass servicer vum Staat ‘casier-ähnlech’ Fichier alimentéieren mat Faiten, déi zwar eng stroofrechtlech Konnotatioun kéinten hunn, déi awer ni zu iergendwelleche Condamnatiounen gefouert hunn ».

Ass et just eng Verwaltung, déi esou « recherchen » maache léisst, oder ass et allgemeng den Usus an der fonction publique ? Wee sinn dës Persounen ? Weem sinn se ënnerstallt ? Handelt et sech ëm eng rezent Prozedur  oder geet se schonn op fréier Zäiten zeréck? Sollt et da stëmmen, wat ech an dësem Kontext ze liese krut, da wier et gravissime ! Ween huet net a senger Jugend eng Kleng gestëppst a war frou, mat engem bloen A derfunner komm ze sinn, ouni en Androën an de casier ?! Elo dann e casier caché ?  Dat erënnert un däischter DDR-Zäiten. D’Madame Procureure Générale d’Etat, d’Martine Solovieff gouf heiriwwer an d’Bild gesat, well, wéi gesot, dee jonke Mann sech dat net wëll bidde loossen. Fir een Tëschefall, fir deen hien ni bestrooft gouf, definitiv « caséiert » ze sinn, oofgestempelt, als net « tauglech » fir de Staatsbetriib ! Sëtzt de Mann elo op ëmmer-an-éiweg an der staatlecher Verdammung, an enger moderner Zort Goulag ?

 

Et däerf ee roueg gespaant sinn, op d’suite vun dëser Affaire !

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *