Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Téitschen am Blech fir d’Regierung 

Téitschen am Blech fir d’Regierung
Image par Pete Linforth de Pixabay

Abei deene Gréngen ass de Lack of! Et ass schonn erstaunlech, wéi hefteg de Klimapak ausernee gepléckt gëtt! Datt déi politesch Oppositioun geschlossen dergéint wierdert, ass jo normal, ma de Protest kënnt jo och aus dem Eck vun der Wirtschaft an esouguer aus dem mouvement écologique. Dee bescht duerchduechte Klimapak aus der ganzer europäescher Unioun mécht also alles aneschters wéi d’Eestëmmegkeet, an och aus Kreesser vun de Koalitiounspartner DP an LSAP héiert een ëmmer méi Gegrommels. Derbäi kommen dann verschidde Bauzegkeeten, Ongereimtheeten, Widderspréch: den neien zoustännege Minister Henri Kox versprécht an der Chamber, méi Wunnechten ze bauen; de stater Conseljee François Benoy gëtt dem Schefferot en Triple B, well senger Meenung no ze vill an der Stad gebaut gëtt. Jo, wat dann elo?! Am Plenum doropper ugeschwat, äntwert hien: Gemengepolitik dierft een net mat Nationalpolitik verwiesselen! Herrlech! Hü an der Nationalpolitik, Hott op kommunalem Plang.

Bei der LSAP leeft et den Ament och net grad ronn. De Vizepremier a Wirtschaftsminister  Etienne Schneider war vill ze fréi an d’Ëffentlechkeet gaangen, fir ze soen, datt hien eigentlech d’Flemm huet mat der Politik. Domatter hat hien sech selwer ënner Drock gesat, a well et dem Jean Asselborn net séier genuch goung, huet hien am RTL-Interview gemengt, den Etienne misst seng Decisioun nach viru Chrëschtdaag bekannt ginn. Ween esou gudd Frënn huet, brauch keng Feinden! Esou Iwwerleeungen gehéieren an d’Partei-Interna, ob kee Fall an d’Ëffentlechkeet, well si schueden net nëmmen dem Vizepremier, ma der Partei an och der Regierung. Egal: de Franz Fayot steet an de Startlächer, fir dee Posten ze iwwerhuelen. Ob hien jeemools un d’Schonggréisst vum Etienne erukënnt….?

Fir den Alex Bodry war et gëschter déi lescht Chambersëtzung. No der Chrëschtdaagsvakanz wiesselt hien eriwwer an de Staatsrot. Ee ganz kompetenten Deputéierten, mat extreem vill politescher Erfahrung. Et huet een net ëmmer mat himm mussen averstaane sinn, ma hie kennt de Laaf vun der Politik – Regierung esou gutt wéi Chamber- wéi aus dem “ff”. Dee Mann wäert der LSAP op ville Punkten feelen! De Renouveau brauch een bei de Genossen net méi ze ruffen, hie kënnt vum selwen a wahrscheinlech ze schëtzeg.

just déi Blo koumen dës Woch als Regierungspartei net schlecht ewech. Eenzeg an aleng de Staatsminister Xavier Bettel wor opgefall, well hien net am Plenum präsent wor. Schued! Hien hätt sech kënnen eng Nués voll huelen vun de schwaache Leeschtungen vu villen vu senge Majoritéitsvertrieder. Ma de Mann huet et souwisou net einfach: zwee vun de Matgrënner vu Gambia (1+2) – Etienne Schneider a Felix Braz hunn hien un der Spëtzt vun der Equipe verlooss! Wann dat kee Grond ass fir an eng Déprime ze falen?! D’Piraten hu mol aus Jux en Avis de recherche lancéiert….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *