Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Gambia 2 an de leschten parlamentareschen Otemzich 

Gambia 2 an de leschten parlamentareschen Otemzich
Foto von Pixabay: https://www.pexels.com/de-de/foto/weisser-lowenzahn-unter-blauem-himmel-und-weisser-wolke-39669/

Vill leeft bis den 21. Juli wuel net méi um Krautmäertchen, ausser dee gewinnten Trallala tëscht Majoritéit an Oppositioun; an déi Kéier ass et och nach d’Enn vun enger Regierungsperiod. Dat versprécht! Ma et kann awer nach duerchaus Verstänneges dobäi erauskommen, wéi e leschte Freideg an der Finanz- a Budgetskommissioun.

Den CSV-Vertrieder Laurent Mosar hat an de leschte Wochen reegelméisseg an de soziale Medien drop higewisen, datt d’Banken zu Lëtzebuerg ëmmer manner un engem Konto vu Gesellschaften interesséiert sinn. Et soll esou guer eng Bank ginn hunn, déi gläich 5000 Gesellschaften de Kont zougemaach huet, net well déi Firmaen a schlechten Dicher gewiescht wieren oder datt eppes an hire Konten net an der Rei gewiescht wier, mä ganz einfach aus Käschtegrënn.

Als zousätzlech Explikatioun muss ee soen, datt eng Rei Gesellschaften net eens ginn mat de Paperassen, mat Formulairen déi auszefëlle sinn, an datt esou d’Banken vill mat hinne geplot sinn. Déi leschte Wochen krut een hannert de Kulissen mat, datt d’ABBL der CSSF d’Schold un där Situatioun gouf, an datt déi de Ball zeréckgeschoss huet un d’Banquieren: si sollten ganz einfach méi Personal astellen, da wären si de Problem séier lass.

E Freideg gouf an der parlamentarescher Kommissioun mat Satisfaktioun festgestallt, datt déi zwou Säiten sech dach nach eens goufen. D’Banken koumen zu der Asiicht, datt et keng Léisung ass, einfach d’Konten zouzemaachen, schliisslech ass dat hire Business. An och klengt Véi mécht Mëscht! Also ginn tatsächlech méi Leit fir den Departement vun der Compliance agestallt an och kleng Gesellschaften solle weiderhin hire Bankkonto kréien, respektiv behalen.

“…Summerpaus, da gläich Wahlen, den Thermometer klëmmt!…”

An där nämmlechter Sëtzung vu der Finanz- a Budgetsdiskussioun goung et och ëm e Gesetzprojet deen d’Fongenindustrie zu Lëtzebuerg betrëfft. D’Taxe d’abonnement op deene Finanzproduiten läit bei 0,05 Prozent. Per Derogatioun soll déi Taxe op verschiddenen spezialiséierte Segmenter op 0,01 Prozent erofgoen. Dee Prozentsaz héiert sech no Kakuetten un, spullt dem Staat allerdéngs gutt 1,3 Milliarden Euro an d’Kees eran. Déi geplangte Reduktioun vun der Taxe ass geduecht fir de Retard op d’Kompetitivitéit vun der Finanzplaz vis-à-vis vum Ausand opzefänken.

rtl.lu

Ma wann den Dan Kersch – Lénksaussen an der sozialistescher Mëttelschichtpartei- esou kapitalistesch Wieder héiert ewéi Fongenindustrie, da kritt hien Riedelen a Riselen zugläich! Hie war an der Sëtzung aus der Këscht gesprongen an hat jo tatsächlech proklaméiert, datt hien dee Gesetzprojet net kéint matdroen. Hie bräicht nach zousätzlech Informatiounen vun der Finanzministesch. Déi aner Kommissiounsmemberen waren ewéi vum Tommel erschloen!

De Projet muss séier duerchgoen: d’Konkurrenz schléift net an d’Parlament geet stramm op de Congé duer. Dees woren sech all d’Politiker bewosst, ma den Dan Kersch blouf stuer. Et gouf vun alle Säiten op hien ageriet, ëmsoss… bis schliisslech dem Kommissiounspresident André Bauler de Collis geplatzt ass,- a bei deem sengem Temperament wëll dat eppes heeschen. De Liberalen huet dem Sozi dohinner geplättelt, datt am Fall vun engem Refus de Projet eben mat de Stëmmen vun der CSV géing gedroe ginn!

Hoppela! Flénk Zong! An dee verbalen Techtelmechtel weist, datt duerchaus Drock aus der Finanzwelt op d’Politik besteet an zugläich, datt et Divergenzen a Spannunge ginn tëscht de Bloen an de Rouden. De fréiere Vizepremier an Aarbechtsminister gouf schliisslech dach nach kleng bäi. Ouni seng Stëmm am Plenum wär Gambia tatsächlech op d’Stëmmen aus der Oppositioun ugewise gewiescht. E Selbstgol geschoss vun engem Sozi, dee grad a Steierfroen sech d’CSV wëll vum Pelz halen.

Den Dan Kersch hat et op eng Blamage ukomme gelooss, déi hien a leschter Sekonn evitéiert krut. An den nächste Wochen kënnt d’Finanzministesch nodréiglech an déi zoustänneg Chamberkommissioun fir bei Kaffi a Kuch nach eemol mat den honorabelen Deputéierten ze poteren, mä dat war et dann och schonn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *