aus perséinlecher Erfahrung weess ech, datt de Journalist an der Chamber no 17 Auer 30 wéineg disponibel ass, fir dat, wat sech am Plenum esou ofspillt. Ausser, et handelt sech ëm eng Fauschtdéck Iwwerraschung, oder ëm eppes, wat am Viraus ugekënnecht gi war. Fir de Rescht ass de Reporter drop fixéiert, säin Artikel ze schreiwen: Radio fir Owes an de Moien drop, Zeitungen fir den Internet a fir d’Editioun vum Dag duerno. Dobäi lount et sech, trotzdeem nach de Rieden nozelauschteren, wéi dat zum Beispill e leschte Mëttwoch de Fall war!
do hat den CSV-Deputéierten Gilles Roth duerch d’Blumm, an awer zimmlech däitlech vun engem Bréif geschwat, dee vun enger staatlecher Institutioun un de Chamberpresident soll gaange sinn; an deem Schreiwes wier sech driwwer opgereecht ginn, datt esou vill parlamentaresch Froen a Saache “geheime casier” déite gestallt ginn. De Chamberpresident sollt dach en Effort maachen an d’Recevabilitéit vun esou Froen iwwerpréifen, an anere Wieder a fräi interpretéiert, de President sollt zu deem Thema net méi all Fro zouloossen! Staatlech Institutioun? Do hat sech d’Regierung ugeschwat gefillt an huet op d’heftechst dementéiert: kee Regierungsmember hätt esou e Bréif un de Chamberpresident geschriwwen! De Fernand Etgen fir säin Deel huet just lakonesch gemengt, hien hätt bis ewell nach keng eenzeg Fro, wat de casier ugeet, net zougelooss. Domatter huet hien indirekt d’Existenz vun esou engem Bréif confirméiert. Staatlech Institutioun? Do hätte mir nach d’Chamber, ma déi ass wuel kaum esou blöd, fir sech selwer ee Maulkuerf ze verlaangen. Bleiwt als lescht Méiglechkeet den drëtte Pouvoir, also d’Justiz.
Dat géing passen, ëmmerhinn hu sech déi verschidde Vertrieder vun der Justiz nëmme wéineg asiichteg gewisen, wat den hauseegene casier ugeet. Et wier allemol gutt, wa sech d’Deputéierten dee Bréif géinge weise loossen. Am Fall vun enger Confirmatioun wier et wuel nëmmen normal, wann déi Hären an Dammen Deputéierten géingen d’Staatsprocureure an d’Justizkommissioun invitéieren, fir e Meenungsaustosch iwwer d’Trennung vun de Gewalten am Staat. Och wann verschiddene Vertrieder vum Parquet déi eng oder aner parlamentaresch Fro eventuel “op d’Strëmp” geet, esou ass et inadmissibel, datt d’Justiz sech do amëscht. Op eng Fro recevabel ass oder net, op si ieren muss nei formuléiert ginn, dat decidéiert eleng de Chamberpresident. Op deem Punkt schéngen et Meenungsdivergenzen ze ginn!