Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

TAMBOW: vun der preisescher an déi russesch Hell! 

TAMBOW: vun der preisescher an déi russesch Hell!

75 Joer sinn et hir, datt de Krich géint d’NAZI gewonne gouf. 75 Joer sinn et hir, datt 1740 Lëtzebuerger Jongen aus russescher Gefaangenschaft zeréck op Lëtzebuerg konnte kommen. D’Amicale vun den Tambower feiert dat an dësen Deeg: esou gouf zu Minsbéch eng Rous geplanzt mam Numm: Tambower Jongen an esou ass de 5. November eng Gedenkzeremonie an der Stater Gare.

Et war eng schwéier Zäit fir Lëtzebuerg, an dat soll nach esou bal net vergiess ginn. Ech hunn mam Vik Steichen en Interview gemaach. Hien ass Member vum  Comité vun der Amicale an och där hire Porte-Drapeau.

den 2.Weltkrich gouf glécklecherweis vun den NAZI verluer. Mä 1945 war et fir vill Leit nach net direkt d’Enn vun hirem Leiden. Lëtzebuerger Jongen ware bekanntlech vum däitschen Okkupant an d’Wehrmacht zwangsrekrutéiert ginn. Eng Partie vun hinnen waren am Krich gefall, anerer koumen -eben wéinst hirer ‘preisescher’ Uniform- a Gefaangenschaft; déi, déi vun de Russen matgeholl goufen, koumen op TAMBOW. Vu wéi vill Lëtzebuerger schwätze mer do a wéi vill hunn déi russesch Gefaangenschaft iwwerlieft?

Eng 1.900 Lëtzebuerger Jongen waren a russescher Krichsgefaangenschaft, dovu waren der eng 1.012 am Lager N° 188.

Gestuerwen zu Tambow-Stad (Spidol vum Lager bis Juni 1944) an am Lager Tambow-Rada 115 Jongen, an zu Kirsanow (Spidol vum Lager ab Juni 1944) 33 Jongen. Op der Heemrees sinn nach eng 13 Jonge verscheet.

161 Lëtzebuerger hunn also hiert Liewe gelooss, wéinst enger Uniform, an déi si era gezwonge gi waren! Eréischt virun 2 Joer huet Russland dem Lëtzebuerger Premier d’Dokumenter vun dëse ‘Prisonéier’ iwwerreecht. Firwat huet dat esou laang gedauert?

Déi ganz Dokumenter leien zu Moskau am Militärarchiv wou et ganz schwéier ass, Zougank ze kréien. 1992 ass den Här Paul Dostert vum deemolege Staatsminister beoptraagt ginn, déi Archiven nozesichen. Hien huet deemools e groussen Deel vun Ënnerlage konnten agesinn an huet si och iwwersetze gelooss. Dat waren Informatiounen iwwer all déi Lëtzebuerger, déi a russescher Gefaangenschaft waren. Eng 1900 Lëtzebuerger wouvun der eppes iwwer 1000 am Lager 188 zu Tambow waren. Laang Joer hu mir mat deenen Informatiounen de Wee vun onse Lëtzebuerger konnten nosichen.

Konnt Dir Abléck an dës Dokumenter kréien?

Déi Dokumenter sinn op der Uni Lëtzebuerg zougänglech.

D’Leed vun de Leit, déi zu Auschwitz an an all deenen aneren KZ-Lager agespaart waren, si bekannt. Iwwer d’Leiden vun den Zwangsrekrutéierten gëtt vill manner diskutéiert a geschriwwen. Wourunner läit dat?

Dat meescht ware jonk Leit, déi an eng Heemecht zeréck koumen, déi zu 1/3 zerstéiert war, déi wéinegst vun hinnen hunn iwwer déi schwéier Zäit, déi se an hirem schéinsten Alter, der Jugend, erlieft hunn, eppes erzielt; ze déif souzen déi Wonnen, déi haaptsächlech Nuets an den Dreem erëm opgetaucht sinn! Et gi vill Erklärungen an déi versteet een eréischt wann ee selwer an engem gewëssen Alter ass a selwer eng Famill a Kanner huet.

Et ginn mat Studenten reegelméisseg Schoulvisiten a Konzentratiounslager gemaach, wou Leit, déi d’KZ iwwerlieft hunn, kënne mat jonke Leit an d’Gespréich kommen; ma och haut, 75 Joer nom Enn vum Krich, héiert a liest een relativ wéineg vun den Zwangsrekrutéierten. Dir vun der Amicale wëllt op alle Fall d’Erënnerungen un déi Zäit wakereg halen. Freet sech just: wéi?

Zënter 1986 fiirt d’Amicale reegelméisseg op Tambow a Kirsanow. 2006 war ech déi éischte Kéier mat derbäi, an zënterhier fuere mir all 2 Joër dohinner. Déi Leit déi mat ginn, sinn deels Tambower – Nokommen, awer och anerer, déi un der Geschicht vun den Tambower Jongen interesséiert sinn. E Grupp besteet aus Maximum 28 Leit a sinn vun der 2., 3. an souguer vun der 4. Generatioun.

Dës weideren kréie mir reegelméisseg och Besuch aus der Tambower Regioun, vun Tambow, Rada a Kirsanow.

Zënter e puer Joer hu mir awer och enke Kontakt mat der Uni Lëtzebuerg, wou mir derbäi sinn, wann d’Studente vun der Tambower Uni d’Studenten vun der Lëtzebuerger Uni besiche kommen.

Merci fir d’Gespréich!

 

Related posts

1 Comment

  1. Greiveldinger Jean

    Eng Fro: firwat koumen déi Tambower Jongen dann esou spéid aus der Gefangeschaft nees heem?
    Wat war de Grond?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *