Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Gesellschaft

Wien dat mécht, wat hie scho kann, bleift deen, deen hie schonn ass! 

Wien dat mécht, wat hie scho kann, bleift deen, deen hie schonn ass!
Photo de Anush Gorak: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-tenue-haltere-1431282/

Sport maachen, Sport kucken. Zwou komplett verschidde Saachen, woubäi ech Problemer hunn, kënnen ze verstoen, datt een mat Enthusiasmus anere Leit nokuckt wéi déi sech kristillegen, mat enger Eisekugel, mat engem Spier, mat Diskus; beim Lafen, beim Schwammen, beim Vëlofueren. Ëmsou méi wou déi athletesch Ënnerscheeder um Top-Niveau sech meeschtens am Beräich vun Dausentstelsekonnen oder vu Millimeter ofspillen. Elo gouf mir déi franséisch Philosophin Julia de Funès een Denkustouss, dee meng Meenung ëm 180 Grad geännert huet: Sport ass esou wichteg, datt hie misst verbuede ginn!

De Sport schwëmmt nämlech géint de Stroum, hie passt net an de Kader eran vu kenger gesellschaftlecher Ideologie ; hie mécht den Uz mam “Gutmensch” deen eis gleewen deet, datt jidder Bierger d’nämmlecht ass. De Sport geet kategoresch an déi aner Richtung.

Photo de nappy: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-portant-un-pull-blanc-et-un-short-noir-sur-le-point-de-courir-936094/

Esou huet déi ganz Welt op den olympesche Spiller net nëmmen Athlete gefeiert, ma virun allem HELDEN, déi et u sech net méi däerft ze ginn, ma déi eis gewisen hunn, datt de Sport aus Disziplin besteet, aus enormer Aarbecht, aus Ustrengung, alles Begrëffer déi op den Index vun de Verboter gesat goufen. D’Madamm de Funès schreift am L’EXPRESS…”que le sacro-saint progressisme juges rances et rejette à jet continu au profit du loisir, du fun, du cool. La gamification et le système distractionnaire ont envahi l’apprentissage…”

Sport ass gläichbedeitend mat Ustrengung, iwwert sech erauswuessen.  D’Gesellschaft zitt den Ament an déi aner Richtung. Nëmmen näischt ze vill schaffen. D’Biergergeld an Däitschland  weist de Wee: jiddereen verdéngt dat Nämmlecht, firwat sech dru ginn?! An enger Partie europäesche Länner – och bei eis- lafen Diskussiounen iwwer d’35-Stonne-Woch. De Mënsch lieft net fir ze schaffen, ma schafft fir ze liewen. Also nëmmen näischt ze vill. Wien seng Aarbecht gäre mécht an deementspriechend méi liwwert, ass en Topert!

Sport ass Gedold. Dag fir Dag op den Training goen, sech Owes als jonke Mënsch net vill an den Discothéiken ophalen. Deen een Dag geet et am Training gutt, deen aneren Dag richteg schlecht. Kee weess, firwat. Réckschléi ginn et ëmmer nees, och Verletzungen, déi een ëm Wochen oder Méint op d’Kopp puchen. Mir sinn alleguerte gläich? De Sport ass de C,Q.F.D., de Beweis, datt dat falsch ass.

Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-faire-exercice-414029/

Zwou Saachen ginn matenaner verwiesselt: mir sinn tatsächlech alleguerte gläich virum Gesetz, wat allerdéngs net ze vergläichen ass mat iergendenger Equivalenz vun de Kompetenzen. Duerch de Sport ginn d’Ënnerscheeder ënnert de Mënschen grad ervirgehuewen, zum Beispill déi kierperlech: e Mann mat Gréisst 48 am Schong ka seng Féiss beim Schwammen als Floss benotzen. Zum Beispill déi psychesch, wou spéider Gladiatoren besser eens ginn ewéi anerer mat Péng, Verletzung, mat Angscht, Trauer, Stress.

 

Am Sport gëllt d’Leeschtung. Näischt aneschters. Et ass de Regime vun. der méritocratie.En Athlet deen op den OS zu Paräis gudde Leschte gouf, interesséiert keen. Mir féiweren a mir zidderen fir déi dräi Éischt;  si kréien fir hier Leeschtung eng Medaile. Leeschtung? E ranzegt Wuert an eiser Gesellschaft, bei deem zum Beispill eng Staatsbeamtegewerkschaft – awer net nëmme si- gréng Pautschen an d’Gesiicht kritt. Mir wieren all gläich, gëtt dann nees getrotert, also nëmme keen Ënnerscheed wannechgelift, och net an der Pai!

De Sport geet nach ee Schrack méi wäit. Déi beschten Athleten ginn net nëmmen mat enger Medaile belount, ma ginn op e Podium gestallt: Éischten, Zweeten, Drëtten. Här ass Här a Max ass Max. Am Sport gëtt d’Hierarchie respektéiert, scho bal ewéi an der Arméi! Uff! Gutt, datt d’Spiller eriwwer sinn. Elo däerf weider gefaulenzt ginn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *