Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Lieserbréif vum René Summer: Wannechgelift! 

Lieserbréif vum René Summer: Wannechgelift!
Foto von Kampus Production von Pexels

Ech krut an de leschte Méint eng Abberzuel Reaktiounen aus dem Vollek, wat de Covid-19 ugeet. Vill vun deene Lieserbréiwer, Artikelen sinn net publizéiert ginn, well se op onheemlechen Theorien opgebaut waren. Anerer goufe vertikal klasséiert, well se aggressiv geschriwwe waren. Den Toun mécht bekanntlech d’Musek! 

D’Fro vum Impfen soll sachlech ausgeschwat ginn. Net déi eng just als Schwurbler dohinner stellen an déi aner als Volldeppen, déi sech an den Doud sprëtze loossen. Esou soll et och sinn am Kontext vun der geplangter Impfflicht.

Kann een zum Beispill higoen an déi Impfflicht just fir Persounen iwwer 50 Joer aféieren? Si mir virum Gesetz net all gläich? Juristen diskutéieren allemol doriwwer, och wann aner Länner schonn esou eng selektiv Vaccinatiounsflicht agefouert hunn. Éisträich huet haut déi integral Impfflicht decidéiert.

De René Summer schreift an deem Sënn e Bréif un d’Regierung, un d’Gesondheetsministesch: pointéiert am Inhalt, korrekt am Toun.

                                            

D’Lëtzebuerger Regierung schreift mir: *Loosst Iech wannechgelift impfen!”

Dofir erlaben ech mir Iech ze schreiwen. Schwätzt wannechgelift mat deene Leit déi sech net wëllen impfen loossen!

Schwätzt wannechgelift mat mir, aplaz den physeschen Drock ëmmer méi ze erhéijen. Ech sinn net méi d’Accord mat der Aart an Weis.

Ech sinn keen Impfgéigner!
Ech behaapten net dass et keen Corona-Virus gëtt. Ech sinn ee friddlechen Bierger.

Ech wëll selwer iwwert mäin Kierper entscheeden.

Mee leider gëtt op esou Leit net gelauschtert, si hunn keng Chance fir sech kënnen ze erklären, si ginn ewell diskriminéiert.

Dofir dëst Schreiwes.

Ech stelle fest, un Hand vun Zuelen déi een sech jo glécklecherweis op villen Platzen am Internet kann besuergen, dass trotzt der Impfung dëse Wanter massiv méi Leit positiv getest ginn.
Ech stelle fest, dass nëmmen méi vun Omicron geschwat gëtt, an dass d’Zuelen vun den Leit déi schlëmm krank ginn, geréng sinn.

Ech stelle fest, dass d’Gëltegkeetsdauer vun der Impfung ëmmer méi kuerz gëtt.

Ech widderhuelen nach eng Kéier, datt ech net géint impfen sinn.
Eng Impfung géint Tetanus z.b. ass fir mech keen Thema, an wann et eng Impfung géint Kriibs géif ginn déi wierkt, géif ech an der éischter Rei stoen.

Awer net elo, wou keen mir ka soen géint wat dat Mëttel soll wierken wat ech gesprëtzt kréien an wat d’Niewewierkungen sinn.
Ech kenne mäin Kierper lo no 63 Joer ewell ganz gutt, an ech weess dass hien ganz empfindlech op all Zort vun Medikament reagéiert.

Ech huelen doduerch keng Medikamenter an, ausser et ass fir een akuten Noutfall.
Ech war an menger Kandheet no der Schluckimpfung géint Kinderlähmung vill krank an konnt e puer Méint net méi richteg goen.

Aus deenen virgenannten Grënn wëll ech mech elo net impfen loossen.

Ech hunn Verständnis fir déi Leit déi sech impfen loossen, déi et aus Iwwerzeegung maachen.

Et soll eben jiddereen säin fräie Choix hunn.

Ech hunn den groussen Virdeel, datt ech elo an der Pensioun sinn, vill Leit déi änlech Grënn hunn wéi ech, fir sech net impfen ze loossen, ginn duerch Är Mesuren gezwongen.

E groussen Deel kréien och nach moraleschen an psycheschen Drock op hirer Aarbecht gemaach, an sinn mat den Nerven um Enn.

Sie ginn gezwongen sech impfen ze loossen well se soss hir Aarbecht verléieren. Sie ginn diskriminéiert.

Eppes stëmmt net méi!

Ech hunn eisen Kanner ëmmer erzielt, mir wieren hei an engem demokrateschen Land, do wou jiddereen, seng Meenung kann soen, wou zesummen diskutéiert gëtt an Léisungen gesicht ginn, mee wou ass dat alles hin?

Merci fir Äert Versteesdemech

René Summer Lëtzebuerg

Related posts

3 Comments

  1. Phil

    Här Summer,
    Merci fir ären Courage an fir äre Bréif, deen ech ouni ze zëcken mat ënnerschreiwen. Meng Situatioun an Gedanken sin quasi déi selwecht wéi är. Op Impfen oder net Impfen, et muss een sech wuel dobäi fillen… de Kapp muss mam Bauch am Aklang sin, soss huet een permanent dat Gefill eppes net richteg gemat ze hun, an dat kann op Dauer ganz bedrëckend gin. Et kann leider och net sin, dass een op Grond vun senger Entscheedung vun aneren Leit déi ee kennen schief bekuckt gett an deelweils ze héieren kritt… “mat engem Ongeimpften sëtzen ech mech net un en Desch”, oder… “et kann net sin, dass mir ons wéinst esou Leit wéi iech mussen aschränken loossen”. Et muss een net onbedéngt nach am Schaffen sin fir den moraleschen an psycheschen Drock ze spieren, deen ons Regierung ausübt… an dat jo och nach mat Absicht wéi den Premier schon puermol verlauden gelooss huet. Mol kucken wat nach alles op ons duerkënnt…
    Phil

  2. Gilbert

    Wat d´Niewewierkunge betrëfft, do misst een awer och ee Bléck op d´Iwwerstierflechkeet an Europa werfen. Op Euromomo, wou ganz vill europäesch Länner hier Donnéeë betreffend Doudeszueln eran ginn, sinn mir 2 Grafiken opgefall déi mech wierklech erféiert a schockéiert hunn. Dat ass:

    1. an der Alterskategorie vu 15 bis 44 Joer gëtt et 2021 eng staark Iwwerstierflechkeet am Verglach zu 2020. Wou kennt déi wuel hier? Dat ass dach awer eng Alterskategorie déi kaum bis guer net vum Corona betraff ass. Kann dat dann net um Vaccin leien? 2020 hate mer de Virus, a kee Vaccin – 2021 gouf ugefaange mat der Impfung! Ass dat Zoufall? Ee klore NEE!!

    2. Firwat dee NEE, majo ganz einfach. Kuckt een d´Alterskategorie vun 0 bis 14 Joer, da fält op, datt d´Iwwerstierflechkeet kuerz no der 21 Kalennerwoch ufänkt rapid an d´Luucht ze goen. Do gouf ugefaangen d´Kanner ab 12 Joer a verschiddene europäesche Länner ze impfen. Dat ass dann awer zu 100% keen Zoufall méi!

    Ech géif mengen, zumindest an deenen 2 Alterskategorien huet d´Impfung méi Leit an d´Graf bruecht wéi de Virus. An elo solle mir gezwonge ginn ons sou eng Substanz sprëtzen ze loossen. Ech sinn zwar kee Jurist (vläicht liest jo een dëst a ka mir eng Äntwert ginn op meng Fro), déi  Fro déi ech mir stellen ass Folgend:

    Wann d´Persoun X, d´Persoun Y zwéngt eng Substanz ze huel, wou gewosst ass, datt d´Persoun Y dorunner ka stierwen, da ginn ech dovunner aus, datt et sech em een “homicide volontaire” handelt, falls den Y stierft, resp. em de Versuch den Y ëmzebréngen?  Dat misst da jo ee Verstouss géint de “Code Pénale” sinn, deemno strofbar? Och wann et sech beim X em de Staat handelt? 

     Een de géint eng Impfflicht ass, ass nach laang net géint eng Impfung. 

  3. Chris Filip

    Et ass schon onverständlech dass hei emmer nach vum ëngem “vaccin” geschwaat get. E “vaccin” ass e Medikament dat den Ausbroch vun der Krankheet an an eischter Instanz d’Ustiechen vun aaner Persounen verhennere soll an dann doduerch e sechert Stoppen vun Virus erreecht get. Dat mecht keen sougenannten “Covid-vaccin”. Also kann weder dei sou gepriesen “Herdenimmunität” nach d’Andämmung vum Virus ereecht gin. Wat soll also all dess Diskusiounen iwert Impfzwang? Impfzwand ouni richtege “vaccin” an ouni Erkentnisser iwert eventuell Nirwewierkungen … oder jiddefalls këng dei öffentlech publizeiert gin ….. froe mech wiesou. Ech dënken d’Pharmaindustrie huet endlech hier Gäns mat de goldenen Eeer fond an well dess Situatioun sou laang wei meiglech ausnotzen … an d’Politik, blann an inkometent wei emmer, spillt voll mat.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *