Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Tam-Tam ronderëm den Tram 

Tam-Tam ronderëm den Tram

 

zanter e puer Deeg rullt den tram also tëscht Kierchbierg an der Gare. An hie stéiert manner, wéi ech et viru 25 Joer duecht. Am Géigendeel: hien verstäerkt d’Bild vun enger moderner Haaptstad, vun enger vun de gréisste Finanzplazen op der Welt! Ma bréngt hien eppes a Punkto Verkéiersberouegung? Well dowéinst gouf hie jo wärend bal 3 Joerzéngten kontrovers diskutéiert a schliisslech gesetzlech op d’Schinne gesat.

Méi Tram ass gläich manner Busser. Wierklech? Natierlech kann ee soen, ass de Projet nach ëmmer an de Kannerschong an et wäert mussen hei an do ajustéiert ginn. An deem Sënn sinn déi heiten Iwwerleeungen ze verstoen.

Ech huelen d’Buslinn 9, déi just viru menger Hausdier fort fiert- wat e Luxus!

image credits: AVL

Fir op d’Gare ze kommen, huet dee Bus am ale System ronn 20 Minutte gebraucht. A wat ass am neie System? An der Halschecht vum Wee, um Hamilius steigen ech ëm op den Tram. Laut dem Horaire muss ech 7 Minutte waarden – a Wierklechkeet waren et der 17, well et hat eng kleng Panne ginn, ma dat soll elo hei keng Roll spillen. Ech waarden also déi 7 Minutten of a wär nom ale System schonn op der Gare ukomm.

De Bus-Tram-System ass méi ëmständlech, brauch méi laang. Fir mech waren et der 6 méi ewéi virdrun. 6 Minutten sinn net d’Welt! Besonnesch net fir e Pensionéierten. Wat mech awer foxt. Ech hätt och duerchaus kënnen am Bus sëtze bleiwen, well d’Linn 9 kutschéiert ëmmer nach bis op d’Gare, fir do d’Kéier ze maachen fir de Retour.

“…iwwerhaapt wimmelt et ëmmer nach vu Bussen an der Haaptstad!….”

Ech studéieren d’Mobilitéitskaart a stelle fest: eng Abberzuel Linnen fueren ëmmer nach monter duerch d’Stad bis op d’Gare fir do d’Kéier ze huelen! War eis d’Iddi vum Tram net mam Argument ‘verkaf’ ginn, datt d’Zuel vun de Bussen massiv déit erofgoen? Dat Zil schéngt op d’mannst an enger éischter Phase net erreecht ze sin!

fir bei mengem perséinleche Beispill ze bleiwen, proposéieren ech déi heiten Ännerung: de Bus No 9 léisst mech an der Amélie-Strooss eraus a fiert säi Wee zeréck op den Cents. Da muss ech zwar 250 Meter ze Fouss goen bis bei den Tramsquai, ma et fiert ee Bus manner  iwwer de Boulevard Royal fir op d’Gare. Esou änlech kéint et oflafen mam Bus aus anere Quartier aus der Stad. Geplangt waren manner Busser. Zu dësem Ablack ass hier Zuel stabel bliwwen an et koum en Tram bäi!

Meng éischt Tramerfarung war also net iwwerwältegend. Hie stéiert manner am Verkéier ewéi gefaart, ma hie bréngt net vill als zousätzlech Entlaaschtung! Zu där Konklusioun schéngt och de Mobilitéitsminister François Bausch komm ze sinn. Firwat sos huet dee Mann et fäerdeg bruecht, ganz rezent eng nei RGTR-Linn op de Kierchbierg fueren ze loossen?! Grad wéi wann et den Tram net déit ginn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *