Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Finanzen

Steiersuen: méi responsabel domatter ëmgoen! 

Steiersuen: méi responsabel domatter ëmgoen!
Image parGerd Altmann de Pixabay

eis Staatsfinanzen si méi wéi gesond. Et gesäit ganz duerno aus, wéi wann d’Joer 2018 kéint matt engem Iwwerschotz vun 1,5 Milliarden ofgeschloss ginn. An deen Trend geet och dëst Joer weider: an den éischte 6 Méint goungen d’Recetten op en Neits ëm 13,2 Prozent an d’Lut. Do ass et net verwonnerlech, datt de Staat d’Land wéi matt der Strenz begléckt, wéi zum Beispil gratis ëffentlechen Transport an/oder Kannercrèchen.Mir liewen zanter ronn 20 Joer op ze héigem Fouss, dat wor am CSV-Staat schonn esou, ma war et net Gambia, déi versprach hat, d’Fënster géint de Mief opzerappen, war et net Gambia, déi ganz um Ufank vun hierem Règne 256 Spuermoossnahmen op den Dësch geluecht hat?! Ech wëll kengem de Spaass verdierwen, ma et stellen sech dach eng Partie Froen.

 

  • W aer et net un der Zäit, d’Solidaritéitssteier ofzeschafen? Ass et net eng Blamage, esou an de Suen ze schwammen an nach ëmmer esou ze maachen, wéi wann d’Regierung misst géint eng Kriis ukämpfen?
  • Sollte vun deem Iwwerschotz net e gudden Deel an de Souveränitéitsfong gestach ginn, deen als Apel fir den Duuscht gëllt, als Zukunft fir déi nächst Generatioun? Déi ablacklech 50 Milliounen d’Joer ginn héchstens mol duer, vu Schimmt rout am Gesiicht ze ginn!
  • Ass et net un der Zäit fir eng näechst Steierreform? D’Steierlaascht ass nämlech am kompletten Déséquiliber: 67 Prozent gi vun de Privatpersounen geschëllert, 33 vun de Betriiber. Dat ass e Verhältnëss 2 zu 1!                                                                            

“…muss d’Police tatsächlech 840 Beamte bäikréien?….!”

Et ass ee gewinnt, datt e Projet vu Staat oder Gemeng am Laaf vu senger Realisatioun méi deier gëtt, respektiv vill méi laang dauert, ewéi virgesinn. D’Kanalisatioun am Neiduerf gouf net bannent 24 Méint nei geluecht, ma huet bis ewell 40 Méint hannert sech. De Foussballterrain gëtt ëm net grad 20 Millioune méi deier a klëmmt vun 58 Milliounen op 76,5 Mio., ass gläich eng Hausse vu bal 35 Prozent! An nach ass d’Saach jo net fäerdeg gebaut. Dat erënnert mech un dee kolossale Präis, deen um Enn fir de Pei-Musée erauskoum.

Ech hunn am Lëtzebuerger Wort vum 27. Juli en explikativen Artikel gelies, wat de Stadion betrëfft: do hat een d’Onkäschten fir eng Seelnetzfassade ënnerschat, an der Beliichtung vun der Fassade gouf sech gläich emol ëm 840.000 Euro verrechent etc. Do platzt engem de Colis! Wat mécht et dann e Sënn, iwwerhaapt en Devis ze froen?! Sécher, et kommen bei engem Projet regelméisseg “imprévüën”, ma et ass jo dann erlaabt, op enger anerer Plaz manner Suen auszeginn, fir datt de Budget net komplett gesprengt gëtt. Ma zu Lëtzebuerg gëllt: wat näischt kascht, dat daacht och näischt!

 

D’ Police kritt 840 Beamte bäi, déck 600 fir den direkten Asaaz, déi aner fir den administrative Beräich. Ech wëll der Police hier Probleemer net kleng rieden: mam Wuessen vun der Populatioun klammen och d’Tëschefäll fir déi Uniforméiert. Ech stellen awer a Fro, wéi dës Zuel vun 840 Beamten zustaane koum!

www.police.lu

Do gouf nämlech keen audit externe gemaach, ma d’Police gouf selwer gefrot, wat si dann esou un zousätzlechem Personal bräicht. Hand op d’Häerz: wann Dir an Aerem Service gefrot géingt ginn, wéivill Mattaarbechter Dir wéilt bäikréien, Dir wäert bestëmmt net géint eng Verduebelung! All chef de service mécht sech do séier bäi, am anere Fall gëtt hien als schlechte Chef betruecht. D’Politik huet sech schlisslech mat der Police a mat hirer Gewerkschaft op dëse Chiffer vun 840 gëeenegt. Wéi gesot, et ass jo méiglech, datt déi dach héich Zuel berechtegt ass, ma d’Manéier, wéi se zustaane koum, ass alles aneschters wéi objektiv, net transparent. An esou nierwebäi: 840 Beamten zousätzlech, dat kascht eng ganz Staang Suen!

Et däerf een net vergiessen, datt et sech ëm Steiergelder handelt, an och déi nei Polizist(inn)en gi vun 2 Drëttel vum Bierger bezuelt! A wéi sot meng Bom: d’Beem wuessen net an den Himmel!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *