Recent Posts

Post Categories

Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...
Mario Dichter: nie wieder? 
50 Milliarden €, vornehmlich erwirtschaftet aus unser aller Arbeit und damit Lebenszeit, macht die „Europäische Union“ in den nächsten Jahren...

Blog Post

Divers

Erënnerungen aus engem normale Summer 

Erënnerungen aus engem normale Summer
Image parTania Dimas de Pixabay

Nach e puer Wochen, dann ass de Summer gepackt! Ëmmerhinn si mer jo elo schonn am meteorologeschen Hierscht. E Rekordsummer, mat x pushen um Handy, fir d’éischt rout, wéinst der Canicule, dunn orange, wéinst dem Gedimmers. Dobäi war et -ofgesin vun engem Tornado, dee vill Leed hannerlooss huet -e ganz normale Summer: déi eng Schüler ware just fäerdeg mat streiken fir de Klima, a schonn goungen déi aner Stodenten op Lloret de mar, fir do hiren Ofschlossexamen ze feieren. Wat heescht hei “goungen”?! Si hu gréisstendeels de Fliger geholl, wäit a breet keng Spuer vum Greta Thunberg-Express. An de ganze Summer iwwer sin d’Klimaanlage gelaaf, vu Moies fréi bis Owens spéit, am anere Fall ass et jo net auszehalen, gell? De Mënsch virum Zäitalter vun der Klimaanlang muss eng Zort Iwwermënsch gewierscht sinn! Klimaanlagen maache frësch Loft, den Co2 gesäit jo keen.

“Eng Gesellschaft ouni Plastik!”, housch et an enger Noriicht, déi ech an der Vakanz um Handy ze liese krut; ech war grad beim swimmingpool, mat enger Cola am Grapp,

Image parmeineresterampe de Pixabay

aus Plastik natierlech, wat soen ech: glécklecherweis! Well grad deen Ablack wor engem Kand de Becher aus der Hand gerutscht. Cola futsch, ma sos näischt gebrach. Wat gëtt dat ginn, duecht ech mir, wann an e puer Joer jiddereen mat sengem Glas laanscht d’piscine getrëppelt kënnt. Do wäert een en Danz wéi op Eeër tëscht de Schierbele musse maachen! Gutt, datt Enn September mol nees gestreikt gëtt.

 

N o der Vakanz geet een an d’Epicerie akafen, et huet een net méi vill an der Reserve, de Frigo ass gapsereg eidel. Eng Tut Spaghetti aus Plastik, eng Pizza, agepak am Kartrong an am Plastik, frësche Fësch, am sëlwer Pobeier ageschweesst, 6 Gaufren fir de klengen Honger, duebel am Plastik agewéckelt, Bio-Geméis an där Zort Plastik, deen esou en eekelege Kaméidi mécht – ma egal: Haaptsaach Bio!-, fäerdegt Fleesch, wéi e Flapp op enger schwaarzer barquette, mat Plastik ronderëm, Kamellen fir d’Spullmaschinn, jiddereng eenzel a matt vill Léift a bronze Pobeier geluecht, de Klarspüler net ze vergiessen, an enger Fläsch, déi awer och esou guer net u Glas erënnert. Ech denken un de Slogan ” e Liewen ouni Plastik” a froe mech, op den Auteur dovunner net e liichte Rass an der Plastikschossel huet. Gutt, datt geschwënn nees gestreikt gëtt.

 

E t gëtt vill manner Insekten, soen d’Spezialisten, an ech gleewen et. Dobäi war ech dëst Joer esou gutt op Sardinien wéi op Balkone ganz vill mat de Mécke geplot. Si ware richteg agressiv,

Image parHans Benn de Pixabay

wahrscheinlech, well et esou waarem war. Huerteg eng Méckebaatsch kaf an och nach eng Faal fir d’Harespel derbei. Ma Moment mol! Wéi ass et mam Déiereschutz? Misst esou Geméchels net verbuede sinn? Egal! Sieben mit einem Schlag! Bravo. Här ass Här, a Max bleiwt Max! Gutt, datt geschwënn nees gestreikt gëtt.

Ma, wann een et genee hëllt: geännert hu mir alleguerten näischt un eise Gewunnechten. Vu Verzichtskultur keng Spur! Esou gesinn also wierklech, en normale Summer!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *