Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Soziales

Statec: et geet duer fir Krunnewaasser a groen Drot! 

Statec: et geet duer fir Krunnewaasser a groen Drot!

Fir de Statec steet fest: eng Koppel matt zwee Kanner vun 10 a 14 Joer, brauch 4079 Euro de Mount, fir éierbar kënnen ze liewen. An anere Wieder: wa Papp a Mamm allenzwéin de garantéierte Mindestloun hunn, kommen si domatter eleng op 3997,18 Euro  (Stand virun der leschter Indextranche); fir zwee Kanner kritt dës Koppel nach zousätzlech 594,48 Euro bäi! Aneschters ausgedréckt: dës Leit liewe souzesoen am Floribus, matt engem Akommes vun 4591,66Euro de Mount, also 512 Euro iwwer deem montant, deen de Statec fir si ausgerechent huet!

Do geet et wuel e puer Leit ze gutt!

 Eng Etude hunn ech keng parat, wëll ech och net! Ma ech weess, wat d’Liewe kascht an ech kréie vu Leit erzielt, wéi schwiereg et ass, matt engem SSM iwwer d’Ronnen ze kommen. De Statec geet nach e Schrack méi wäit: eng Koppel ouni Kanner bräicht nëmmen 2707 Euro de Mount! Also ka jiddereen 45 Euro den Dag ausginn, fir Loyer,Auto, Assurane,Televisioun,PC…a Krunnewaasser a Lioner. Wow! Ech si begeeschtert! U sech ass dem Statec seng Konklusioun d’Opfuerung un d’Politik, de soziaale Mindestloun erofzesetzen, op kee Fall awer, wéi et d’LSAP (neierdéngs) fuerdert, hien nach weider eropzesetzen. Mä, wat heescht eigentlech, wéi de Statec et formuléiert: ” pour vivre décemment”? E bësselche méi wäit schreiwt hien: ” satisfaire ses besoins de base et participer activement à la société”. Dat éischt léisst sech matt Krunnewaasser a Lioner ëmschreiwen, mä, kann esou eng Koppel tatsächlech mat esou wéineg Geld aktiv an der Gesellschaft mattmaachen? Ech bezweiwelen dat! Dës Etude gouf gemaach vu Leit, déi wäit ewech sinn vun der Realitéit. Bei engem Stonneloun vun 11€61 bleiwt schonn net méi vill, wann ee sech e Pak Zigarette keeft an eng Fläsch Mineralwaasser. Déi am Statec sollen dat nämmlecht Experiment maachen, ewéi viru Joer op Radio Lëtzebuerg: deen, dee matt der Etude chargéiert gëtt, soll probéieren, fictiv matt ronn 2000 Euero/Mount auszekommen. Villäicht hätt hien dann eng aner approche a kéim och zu enger anerer Konklusioun.

Ophaalen, mam “deiere Lëtzebuerg“!

Déi lescht 25 Joer krut een ëmmer nees vu Patron ze héieren – besonnesch där aus dem Ausland:”Vous, les luxembourgeois, vous coûtez trop cher”! Am charmantsten ass et, wann esou Leit bis zu 100.000 € Akommes hunn….de Mount! D’Gewerkschaften hu sech domatter och an d’Knéien drécke gelooss an handelen zanterhier gréisstendeels ganz brav Kollektivverträg aus. Dat konnt een an enger éischter Zäit gutt halen, elo allerdéngs ass d’Zäit komm, kräfteg nozehuelen. Fir elo einfach de Mindestloun ëm 100€ ze hiewen, wéi d’LSAP ta proposéiert, ass allerdéngs problematesch, well, esou eng Hausse schaaft nei Ongerechtechkeeten. Et ass par contre un der Zäit, en aneren Toun unzeschloen vis-à-vis vum Patronat. An deem, deem et net passt, ka jo d’Land verloossen a säi Betrib an der bëlleger Noopeschgéigend installéieren. De Grand-Duché wëll nohalteg wuessen, och am soziaale Beräich!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *