Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Kommt, Madamm Lenert, mir schwurbelen e bësselchen! 

Kommt, Madamm Lenert, mir schwurbelen e bësselchen!
Photo de Engin Akyurt provenant de Pexels

viru ronn zwee Joer huet eise Misär ugefaangen! Wat de Ministère vun der Santé nach am Februar 2020 als lokal Kränkt vun der Volleksrepublik China dohinner gestalt hat, gouf zur Pandemie erkläert. Zimmlech séier koum d’Maskeflicht, den totale Confinement. An eng Zort black out vum Toilettëpabeier! Näischt goung méi an der Wirtschaft, an der Gesellschaft, d’Stroossen waren wéi dout, de mot d’ordre war, sech Owes um 8 Auer op de Balcon ze stellen an an d’Hänn ze klappen, als Merci fir d’Gesondheetspersonal, dat mat de Patienten géint den Doud gekämpft huet.

Photo de Anna Shvets provenant de Pexels

Zwee Joer méi spéit hu mir – zesummen mat villen anere Länner- déi Pandemie wéinstens provisoresch opgehuewen. Et war wéi e Begriefness à l’intimité. Déi sëllegen Restriktiounen sinn gréisstendeels vum Dësch. Och wann ech dat begréissen, verstinn ech d’Logik net. Mir hunn haut, also 24 Méint nom Ufank vun deem Krich nach ëmmer vill Infektiounen, d’Hospitalisatiounen sinn zu Lëtzebuerg esou guer um Klammen. Virun zwee Joer wier déi Situatioun op alle Fall duergaangen, Café a Restaurant mat Brieder zouzeneelen! An haut?

Ech kucken d’Noriichten a staunen. Bei eisen Noper gëtt Foussball gespillt, zeg dausende Leit drécken sech op de Gradinen, jäizen a bierelen, huelen sech vu Begeeschterung an den Aarm. Keen dréit eng Mask! Hate mir éieren virun zwee Joer iwwerreagéiert? Ëmmerhin stierwen och haut nach ëmmer zu Lëtzebuerg Persounen un där Krankheet oder mat hir. Wisou gëtt et Masekeflicht am ËFTRA ( ëffentlechen Transport) an net an de Geschäfter? Hunn déi ee méi harmlose Virus?

Op de 6. Abrëll goufen 3200 Tester gemaach, 1250 Persounen ware positiv. En Infektiounstaux vun 39,10 Prozent! Virun zwee Joer ware mir erféiert, wann deen Taux mol bei 8 – 10 Prozent loung. D’Hospitalisatiounen sinn um Klammen. Haut huele mir dat éischter geloossen. Risiko-Gruppen déi eis virun zwee Joer esou léif waren, sollen elo kucken, datt si selwer eens ginn! Dobäi sinn grad si zu dësem Ablack gréissere Geforen ausgesat. Ech schwätzen vun Diabetiker, vu Kriibskranken, Leit mat Häerz- oder Niereproblemer, mat rare Krankheeten.

Photo de Edu Carvalho provenant de Pexels

De mot d’ordre war virun zwee Joer, besonnesch déi Al an déi Krank ze schützen. D’Altersheemer an d’Klinicken goufen zu Prisongen. Wochen, jo Méinte laang duerft een net säi Papp oder seng Mamm, d’Grousselteren an d’Heem besiche goen, et duerft ee mol net bei enger Persoun derbäi sinn, déi um Stierwe loung! An haut? Sécher, et muss een als Visiteur geimpft sinn an/oder et muss een en Test maachen, an dach vergeet quasi keen Dag wou net en OMICRON-Fall an engem Alters- a Fleegeheem muss festgestallt ginn.

Virun engem décke Joer gouf zum Skandal geruff, wann an engem Heem e sougenannte Cluster entstane war. Och haut kënnt et reegelméisseg vir, datt sech eng Dose Leit ugestach hunn, mä mir maachen dofir net méi déi zoustänneg Ministerin verantwortlech! Deux poids, deux mesures? Wat fréier wouer war, ass haut falsch?

Zanter dem 24. Februar ass d’Welt tatsächlech an engem Krich, net géint e Virus ma géint en Diktator. Zwee Weltkricher an engem Siess, dat wier wuel ze vill gewiescht, an also hu mir deen éischten mol ofgeschloss. D’Mënschheet huet géint de Covid gewonnen, elo geet et géint Onmënschleches. Ma an Däitschland streiken Dokter an Infirmier, well d’Klinicken komplett iwwerlaf sinn. China, wou de Bazillus eng éischte Kéier opgetruede war, verbarrikadéiert nees seng Stied.

Verschidde Wueren ware schonn virum Krich an der Ukrain méi rar ginn, wat zu grousse Probleemer an der Ekonomie bäidréit. Dat ass keen Hokus-Pokus, dat ass d’Konsequenz, datt esou vill Leit sech mam Virus infizéiert hunn an also net kënne schaffe goen. Dat gëllt och fir d’Spideeler. Kee schwätzt méi vun hinnen. Wann virun engem Joer 3 Persounen wéinst dem Virus dës Welt verlooss hunn, krute mir wibbeleg Knéien. Haut sinn si quantité négligeable. Dir, Madamm Lenert waart e leschte Méindeg Invité op RTL. Dir hutt iwwer d’Ettelbrécker Maternité geschwat, iwwer en Dokter, iwwer alles wat huet musse sinn, just net iwwer de Virus!

“…Dobäi misst grad elo d’Zukunft am Avenir virbereed ginn!…”

Ech hunn wéi gesot näischt dogéint, datt déi meescht Restriktiounen opgehuewe goufen. Ech hätt allerdéngs gären déi wëssenschaftlech Explikatioun dofir. A virun allem hätt ech grad elo wou d’Gemidder sech berouegt hunn, gären eng Diskussioun an aller Rou, ouni Emotiounen, ouni politesch Attack, ouni politesche self-defense. Dir, Madamm Lenert, hat jo selwer gesot, et misst een eng sachlech Diskussioun féieren, wann d’Pandemie bis eriwwer ass!

Ah! Si ass net eriwwer? Si mécht just eng Paus! De Virus sammelt seng Truppen fir eng sechsten Offensiv? Da misst dat gesot ginn.

pexels-pixabay

Oder wëll Dir eis onpreparéiert an déi nächst Schluecht schécken? Wéi gesäit et zum Beispill aus fir déi nächst Summervakanz a fir den Hierscht? Gëllt do de Leit hiren Impfpass nach ëmmer? Oder gëtt eng zweete Booster-Sprëtz drop gesat? An den nächsten 10 Deeg soll zu Lëtzebuerg de Peak vun den Infektiounen erreecht sinn, heescht et. An där Terminologie ginn duerno d’Zuelen de Biergof. War et dat dann oder mat wat muss duerno gerechent ginn?

An Däitschland leeft eng Diskussioun iwwer eng allgemeng Impfflicht. Gëschter gouf et e politeschen Debakel fir déi verschidde Propositiounen am Bundestag. A Frankräich sollen déi iwwer 60 Joer geboostert ginn. Maache mir et wéi esou dacks? Ofwaarden, wat ronderëm eis geschitt an dann Copy/Paste? Eng Diskussioun wënschen ech mir och iwwer eventuell Niewewierkungen- kleng oder grouss- vun de Vaccinen.

Vun allen Dokter mat deenen ech déi lescht Méint a Kontakt wor, krut ech confirméiert: wann eng Persoun e “wonne Punkt” um Kierper huet, kritt si dat no der Impfung besonnesch ze spieren. Beispiller? E Mënsch huet Réckeproblemer. No der Sprëtz spiert hien sech ewéi gebrach. En aneren huet méi héije Bluttdrock, duerno nach méi héich. Oder eng Persoun ass mat Problemer am Verdauungstrakt geplot. No der Vaccinatioun dräi Méint laang Schësser! Idem fir Asthmatiker etc.

Photo de cottonbro provenant de Pexels

Gären géif ech déi Dokter beim Numm nennen, ma dat waren allkéiers Privatgespréicher, wou ech entweder selwer als Patient war oder als Patienten-Assistent derbäi war. Ënnert dem Stréch hunn dës genannten Niewewierkungen sech a Grenze gehalen an ech si mir sécher, datt eng Partie Medezinner si och net bei der Santé gemellt hunn. Mä déi betraffe Leit sinn hir “kleng” Problemer nach Méint duerno net lass a stellen sech berechtegt Froen ewéi: muss ech elo de Rescht vu mengem Liewen dat mat mir erëmschleefen? Oder ginn si ieren nach méi schlëmm bei der nächster Booster-Aktioun?

Wëssenschaftlech Etuden vun Biontech a Co kéinten hëllefen. Ma déi sinn nach ëmmer net gemaach! Madamm Lenert, Dir hat an engem vun deene villen Debaten iwwer d’Pandemie versprach, doropper zeréckzekommen, wann d’Nervositéit an der Populatioun sech geluecht hätt. Zanter 6 Wochen sinn eis Sënner komplett op d’Ukrain fixéiert, d’Coviderei hu mir aus dem Cortex no hanne getässelt. Et wier awer politesch net vu Muttwëll, dem Land ze soen was Sache ist. Un de Froen feelt et net…

 

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    Egal wéi een elo zu där “Pandemie” steet, Fakt ass, datt do Villes derniewt, zumindest awer héchst diskutabel war a wuel bleift a komëscherweis haut dee Sujet nom Ukrain-Krich sou zimlech ënnergaangen ass – ausser déi ominéis “Impfpflicht” déi w.e.gl. WAT brénge soll? Et wär sënnvoll sech un deem z’orientéieren, wat gëschter an Däitschland gelaf ass. Wee weess da wierklech, wat am Hierscht geschitt? Deemno wat do kënnt, notzt KENG Impfung eppes-mä dat ginn déi egal wéi ni zou! Et kann awer och sinn, dat näischt dramatësch Schlëmmes méi nokënnt, och do ass d’Wëssenschaft sech jo guer net eens – wéi iwwregens a sou Villem an dëser “Pandemie”, déi eis Gesellschaft doriwwer eraus och nach mat nohalteger Wierkung gespléckt huet!
    Ech wollt just nach bemierken, datt eis esou eng blass “Ministësch” wéi déi Madamm, déi den Här Kaiser hei direkt viséiert, eis – hoffentlech – als “Premier-Ministësch” erspuert bleift. Wann déi Damm – ouni politësch Face, ouni erkennbar Ideologie, ouni Linn – nämlech alles ass, wat eis “sozialistësch Abbeiterpartei” (Zitat Maître Vogel) ze bidden huet, dann “Abee Merci”!
    Nach ass Zäit….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *