Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Gesellschaft

Corona: bis datt den Doud eis trennt! 

Corona: bis datt den Doud eis trennt!
Image par My pictures are CC0. When doing composings: de Pixabay

keen war op d’Pandemie preparéiert, sou datt an der allgemenger Hektik deementspriechend falsch, respektiv onlogesch Decisioune geholl goufen, kleng oder gréisser Bauzegkeeten. Aus de Feeler sollt ee léieren. Op mënschlechem Plang fannen ech et zum Beispill eng Katastroph, wéi den Ament gestuerwe gëtt, an den Altersheimer, an de Kliniken. Sécher, et ginn d’Corona-Patienten, ma et ginn där anerer bedeitend méi. An déi stierwen entweder un Alter, u Kriibs oder u sos wellecher “normaler” Krankheet. An zwar aleng!

Ech stelle mir et gefillsméisseg dramatesch vir: de conjoint läit an der Klinik ze stierwen, an ech däerf net no him kucke goen, héchstens vun Zäit zu Zäit an der Klinik uruffen, fir ze froen, wéi et him/hir geet. Huet hie Pëng? Wéi geet et him séilesch? Huet hien nach fir laang? Gëtt et e leschte Wonsch? Wat sinn seng lescht Gedanken? E klengen Austausch iwwert eist Liewen, dat mir zesummen haten, eng lescht Ëmäermelung, e leschte Kuss, all dat ass eng Saach vun der Onméiglechkeet!

Dat fannen ech mënschlech net ze vertrieden!

awann et dann esou wäit ass – dat heescht, de grousse Schwaarzen ass mat sénger Séissel passéiert- da gëtt een och nach aleng begruewen, op d’mannst wann ee sech verbrenne léisst. Do däerf keen derbei sinn, wéinst  Sécherheetsbestëmmungen. Op d’mannst war dat esou bis déi leschte Woch.

Déi ablacklech Ausgangsaschränkungen goufe jo geholl, fir (eist) Liewen ze schützen. Et goung an et geet drëm, d’Zuel vun den Infektiounen zäitlech an d’Längt ze zéien, wat implizit bedeit, datt een den Doud duerch dëse Virus mat an d’Berechnungen hëllt, net haut, net mar, ma villäicht iwwermuer. Besonnesch däitlech gëtt dat an den Diskussiounen iwwer eng méiglech zweet Well no der grousser Vakanz: en zweete lockdown gëtt vu ville Säiten als irrealistesch agestuuft, well d’Wirtschaft dat net kéint stemmen.

Op déi Manéier gëtt den evenuellen Doud explizit a Kaaf geholl! Da solle mir elo schonn aus den ablackleche Feeler léieren, eis op déi eventuell Situatioun preparéieren. Dat gëllt virun allem vir d’Klinikken a fir d’Alters- a Pfleegeheimer: net nëmmen alles virgesinn, fir Liewen ze schützen, ma och fir an der Dignitéit stierwen ze kënnen. Ëmmerhinn gouf an deem Sënn eng Motioun eestëmmeg vun der Chamber ugeholl….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *