Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesondheet

Schocktherapie duerch Keelt an der Hëtzt 

Schocktherapie duerch Keelt an der Hëtzt
image credits: pixabay

Matten am Summerlach, Temperaturen iwwer 30 Grad! Eigentlech eng flott Kompensatioun fir e richteg verschassene Wanter, mat gefillten 200 Deeg Schmuddelwieder. An elo laafen d’Klimatisatiounen op Héichtouren. Ech gi bei de Coiffeur an hunn d’Gefill, d’Strauwejitzech géing mir Äiszappen erofschneiden, a keng Fliichten! Ech klammen an de Bus a fille mech wéi an Alaska! Wat war d’Liewen dach esou flott an enger Zäit, wou et dat Geméchels nach net gouf, och net am Privatauto. Et ass een an Direktioun Süden an d’Vakanz gefuer, an all 100 Kilometer huet d’Fra niewendrun e Stéck Kleed méi ausgedoen; wann een dann zu Torremolinos ukoum, wousst een, wat op een duer géing kommen, wann een aus dem Auto erausgeklommen ass: fatzeg Hëtzt, stéckseg Loft. Haut sëtzt een a senger Limousine bei 18 Grad, a wann een dann d’Dir opmécht, mengt een, Harmageddon hätt schonn ugefaangen.

An de Busser ass et munnechmol eng Katastroph: et klëmmt een bei 30 Grad eran an et kritt een e Kälteschock! 16 Grad! An déi kaal Loft kënnt vun ënnen a vun uewen! Den Temperaturënnerscheed ass scho krass an ech froe mech, op et net un der Zäit wier, d’Klimatisatiounen am ëffentlechen Transport ze uniformiséieren, also an all Gefier: Bus,Tram, Bunn d’Temperatur op deem nämmlechten Niveau anzestellen, a wa mléiglech, net ze niddereg?!

Bei 30 Grad dierften déi wéinegst vun eis eng Bronchite erwëschen, oder? Dann appelléieren ech un d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch, sech ëm Statistiken ze këmmeren. Wéinie goufen wéivill Antibiotikken verschriwwen? (Fir CNS eng bagatelle).U sech misst den Ënnerscheed tëscht der kaaler an der waarmer Saison krass sinn; ech si mir dees awer net esou sécher, well et ginn ëmmer méi Leit déi iwwerdreiwen et mat der Klimm. Op ieren d’Hëtzt dorunner Schold ass?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *