Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

ZUELE VUM STIERWEN 

ZUELE VUM STIERWEN
Image par S. Hermann & F. Richter de Pixabay

de 7. Januar schreift RTL.lu an engem Artikel mat der Iwwerschrëft: Däitlech méi Doudeger am November 2020: ” Am Verglach zum November 2019 gouf et eng Hausse vun 31.2% bei den Doudesfäll. Virzejoert waren et an deem Zäitraum 404 Awunner, déi verscheet sinn. Mat Bléck op den November 2018 ass et esouguer eng Hausse vun 48%. Deemools goufen 358 Doudeger am Novembermount registréiert.”. Héiert sech dramatesch un! Ass et och. Fir déi Betraffen a fir Familljen a Frënn vun deene Verstuerwenen. Et geet mir op kee Fall drëm, dës Zuelen a Fro ze stellen, dofir si awer an ee méi komplette Kontext setzen.

Jo!. Et gouf grad am November eng Iwwerstierflechkeet, déi ouni Zweiwel op de Covid zeréckzeféieren ass. Ganz esou dramatesch wéi RTL et hei geschriwwen huet, ass et awer och net. Et muss een just déi zweet Säit vum Statec-Communiqué liese goen, wou et heescht: Ce taux est pour les onze premiers mois de l’année 2020 de 6.6‰, ce qui est légèrement supérieur aux taux observés pour la même période des deux années précédentes (6.5‰ en 2018 et 6.3‰ en 2019).

Déi Iwwerstierflegkeet gouf fir 10 vun den am Ganzen 48 Woche festgestallt. Dobäi war et besonnesch hefteg…: Une surmortalité très élevée est constatée pour la semaine 15 (du 6 au 12 avril 2020) et une surmortalité élevée pour la semaine 48 (23 au 29 novembre). An der Woch 38 gouf och méi gestuerwen, wéi am Duerchschnëtt, obwuel an där Woch offiziell keen eenzegen Covid-Doudege gemelt gi war; de Statec geet vun Sequellen aus vun der Krankheet….

Et goufen och Méint vun enger ËnnerstierflechkeetPour les autres semaines (jusqu’à la semaine 48), il n’existe pas de surmortalité par rapport à la période de référence (années 2015 à 2019). La surmortalité observée au Luxembourg est donc relativement limitée surtout en comparaison avec les autres pays européens. Une sous-mortalité est même observée pour les semaines 7 et 35 (10 au 16 février respectivement 24 au 30 août).

Aus deene Statistiken kann een deemno schéin erausliesen, datt d’Stierflechkeet an den éischten 11 Méint vum Joer plus/minus normal war, ma bei der éischter an zweeter Well vun der Pandemie an d’Luucht goung!

“…D’Ongläichheet virum Doud vu Mann a Fra bleift bestoen!…”

männer ginn ëmmer nach net esou al wéi d’Fraen an et sinn och d’Männer, déi méi vum Covid-Doud betraff sinn ewéi d’Fraen: une surmortalité très élevée (pour les hommes) entre le 23 et le 29 novembre! Wann et also am spéiden Hierscht eng méi prononcéiert Stierflechkeet gouf, dann ass déi an der Haaptsaach op d’Männer zeréckzeféieren! Bei de Fraen par contre goufen et eng Rei Wochen, wou si manner wéi “normal” gestuerwe sinn.

Ma och wann et iwwer d’Joer eng liicht Iwwerstierflechkeet gouf – déi besonnesch markéiert war am Fréijoer an am Hierscht-, esou huet sech absolutt näischt geännert, waat en Duerchschnëtt vum Stierfalter ugeet: L’âge moyen des personnes décédées durant les dix premiers mois de l’année 2020 est de 80.4 ans pour les femmes et de 74.0 ans pour les hommes. Cet âge moyen est assez semblable aux années précédentes.

Et bleift engem als Observateur näischt aneschters iwwereg ewéi déi nächst Méint ofzewaarden. D’Iwwerstierflechkeet war déi éischt 11 Méint minimal. Hoffe mir dat Bescht!

Related posts

1 Comment

  1. Gilbert

    RTL schéngt zu engem staatleche Propagandasender degeneréiert ze sinn. Besonnesch wann et em d´Impfung geet, gi kritesch Commentairë ganz einfach net publizéiert. Anscheinend dierf de Publik net gewuer ginn, datt déi versprache 95% Effikassitéit vum Impfstoff guer net zoutrefft, bei méi schlëmme Verleef vun enger Covid 19 Erkrankung. Detailer fënnt een hei: 

    https://multipolar-magazin.de/artikel/geringe-evidenz-impfung

    Et kann och direkt beim RKI des Datei eroflueden, Epidemiologisches Bulletin 02/2021. Wann op sou, dach wierklech wichteg Informatiounen higewise gëtt, ass d´Chance vun enger Publikatioun quasi 0. Et kéint ee bal menge RTL wier Deel vun enger Verschwörung. 

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *