Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Divers

Klengen Hëllefsruff 

Klengen Hëllefsruff
Image par Leroy Skalstad de Pixabay

kloer! Jiddereen vun eis huet säi Kräiz ze droen, an elo koum nach e Stéck Holz derbäi mat deem Coronavirus. Ma et ginn der ënnert eis, déi kruten eng ganz Kouert opgedroen! Net jiddereen vun deenen ass selwer Schold u sengem Lous; et si Leit, deenen ee manner op der Strooss begéint, dofir ëmsou méi dacks um Trottoir: Strummerten. Ech ginn zanter Joer ëmmer deem nämmlechte Mann, an deen huet elo Probleemer!

Bal net ze gleewen, ma dee Mann gouf viru Joer iwwerfall! Dat Wéinegt, wat ën hat, war fort. Doniewt war hie schwéier blesséiert an hat mussen operéiert ginn. Déi rezent Visite beim Dokter huet erginn, datt de Mann nach emol zimmlech séier misst ënner d’Messer. Eng béiss Geschicht mam Réck. Käschtepunkt: 15.000 Euro! Suen, déi de Mann natiirlech niimols zesummekritt. Dofir dësen duebelen Appel!

CNS!Léiw Krankekeess: wann de Mann mir dat richteg erziélt huet, läit d’Demande bei Ierch um Bureau. Dat brauch wahrscheinlech seng Zäit, dat muss zimmlech sécher duerch eng Spezialkommissioun goen, ier de Stempel op de Pobeier ka gemaach ginn, fir dem Mann seng OP ze iwwerhuelen. Maacht just, datt d’Demande net dräimol muss den Tour maachen, waart net ze laang, well et geet dem Mann gesontheetlech net gutt: hien huet extreem ofgeholl (30Kg) an et ass him éiweg kal- dobäi ass en Heeschert wuertwiertlech kal a warem gewinnt!

Léiwe Lieser! Sollt Dir eng Kéier an der Stad sinn, da maacht dee klenge Wee bis bei de fréiere Centre Bourse an der Neipuertsgaass: do huet dese Strummert zanter Joer seng Stammplaz, dat heescht, wann hien net grad vun aneren vun do verdriwwe ginn ass. De Mann heescht an der Lescht, fir an der Jugendherberg d’Nuecht kënnen ze verbréngen, fir do e puer Stonnen an der Wäermt ze leien. Hie brauch dofir 25 Euro den Dag. Leet him wannechgelift e puer Cent-Stécker a säi Becher. Dir erkennt hien u senger Frëndlechkeet an hie gläicht e bësselchen deem, deen ech als Photo un dësen Artikel ugespéngelt hunn, just mat Kap a mat manner Hoer.

Well och wann d’Liewen munnechmol schwéier ass, et bal onméiglech ass, mam Corona nach iergendwéi u flësseg Seef ze kommen, et gëtt Leit, déi besonnesch schlëmm gebeidelt sinn!

Merci un Ierch an un d’CNS!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *