Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Blo Revolutioun an Däitschland , gréng Strenzepolitik zu Lëtzebuerg! 

Blo Revolutioun an Däitschland , gréng Strenzepolitik zu Lëtzebuerg!
Image par Krahulic de Pixabay

aKrisenzäiten gëtt de Mënsch couragéiert fir Innovatiounen. Däitschland verléisst de (kuerze) Wee vum Elektro-Auto a setzt elo voll op de Waasserstoff. E Paradigmewiessel. Berlin huet domadder erkannt, datt de Bierger net vum Elektro-Auto z’iwwerzeegen ass, an der Haaptsaach aus zwou Ursaachen: hie bréngt net genuch Leeschtung, an d’Optanken op laange Strecken ass ze vill eng Nervesaach.

A China haten si dat schonn méi laang erkannt a goufen och d’Iddi vum Waasserstoff net op. Mat der Decisioun vu gëschter wëll Däitschland allerdéngs Leader op der Welt an deem Beräich ginn a bottert 9 Milliarden an de Projet, Bund zesummen mat der Industrie. Eng Iwwerraschung war d’Decisioun iwwregens net, schonn am Hierscht hat ech op dësem Site dovunner Rieds. Deemools mat der Bemierkong, datt quasi déi ganz Europäesch Unioun op de Waasserstoff setzt, all, ausser de Lëtzebuerger Gréngen Claude Turmes.

Onëmstridden ass de Waasserstoff nämlech net. Fir seng Produktioun muss vill Elektresch an den Asaz kommen, esou vill, datt et eng Belaaschtung kann fir de Stroumreseau bedeiten. Ma et gëtt Hoffnung d’Produktioun ze vereinfachen, souguer zu Lëtzebuerg gëtt un Alternativen geschafft. D’Elektrolyse soll ersat ginn duerch eng Photosynthese https://www.science.lu/de/nachhaltige-energie/saubere-und-nachhaltige-wasserstoffproduktion Déi Entwécklung brauch natierlech hir Zäit, ma wann bis alles steet, ass d’Ressource quasi onendlech!

zu Lëtzebuerg gëtt et eng gewëssen Onzefriddenheet, wat d’Primmen um Elektro-Geschier ugeet. Hire Montant gouf nämlech bannent e puer Méint fatzeg eropgesat! Housch et fir den Autofestival nach, datt een fir en 100-prozenteg elektreschen Auto eng Primm vun 5000 Euro kann ausbezuelt kritt – iwwregens och fir e Waasserstoff-Auto-, esou gouf déi nämmlecht Primm op 8.000 Euro eropgesat. Fir den elektresche Velo ass et eng Verduebelung vun 300 op 600 Euro!

Dat féiert zu enger cocasser Situatioun: eng Partie Leit haten am Januar hire Won bestallt, deen si elo an den nächste Wochen geliwwert kréien.

Image par Emslichter de Pixabay

Dës Leit kréien maximal 5000 Euro vum Staat. Aner Leit ginn elo bestellen a kréien 3000 Euro méi. Och wann een d’Decisioun vun der Regierung kann verstoen, nämlech am Kontext vun der Pandemie-Wirtschaftskris, esou ass et dach eng gréisser Ongerechtegkeet.

Ech proposéieren, datt déi Hausse vun der gehéichter Primm retroaktiv gemaach gëtt. De Staat kéint sech dat leeschten, well et wore keng dausende Keefer, déi sech um Ufank vum Joer fir esou een Elektro-Woon decidéiert haten. Souwisou mécht déi Primm kee Sënn, well den e-auto meeschtens als Zweet-, jo esouguer als Drëttwon kaaf gëtt. Déi Primm mécht nëmmen dann Sënn, wann beim Kaaf eng traditionnel Kutsch mat Verbrennungsmotor géint en elektreschen Auto getosch gëtt!

Esou wéi et den Ament leeft, ass d’Primm just eng (weider) finanziell Hëllef fir déi gréng Schickeria. Wéi sot de Felix Braz eng Kéier: mir sinn déi besser Liberal! Also méi blo ewéi blo?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *