Déi finanziell Situatioun vum Staat iwwerschaat?!

0
11693
gouvernement.lu

D’Regierung kënnt dëst Joer bekanntlech matt der Strenz. Wann d’Diskussiounen iwwer de Staatsbudget no der Ouschtervakanz an der Chamber ufänken, wäert méi wéi eng Kéier drop higewise ginn, datt ënner Gambia 2 de Mindestloun ëm 100 Euro eropgesat gouf, datt d’Crèchen an den ëffentlechen Transport gratis ginn an d’80/80/90-Regelung an der fonction publique ofgeschaafe gëtt. Fir sech dat ze leeschten, gëtt sech op excellent Zuele baséiert, wat d’Recetten vum Staat uginn. Ouni wollen d’Aarbecht vum Finanzminister schwaarz ze molen, zeechent sech awer ëmmer méi of, datt den Optimismus wuél dach e bësselchen ze grouss war.

“…D’chambre de commerce an d’Handwierkerkammer warnen virun ze héige Prognosen…”

…well d’Ausgaben dichteg klammen, an d’Recetten net deementspriéchend mattzéien. Et ass nämlech e Feeler, sech aleng op déi steierlech Einnahmen ze baséieren. Do kënnt et vir, datt déi eng oder aner grouss Gesellschaft matt de Steieren hannendra war, an dann alles op ee Coup nobezillt. Dat kann duerchaus zu enger Verfälschung vun der reeller Situatioun féieren. Et kann awer och ëmgedréit de Fall sinn: eng Gesellschaft gëtt op der Basis vun hire Resultater vum Joer virdrun besteiert; well d’Geschäfter awer zeréckgoungen, faalen d’Steierrecetten fir de Staat méi kleng aus, deen, jenodeem, en Deel vun den Avancen dem Betriib muss zeréckbezuelen. Aus deem Op-an-Oof eng Moyenne ze zéien,geet éischter op, wann d’Wirtschaft ronn leeft, awer net méi onbedéngt, wann déi ekonomesch Zeechen no ënne weisen!

 

Déi verschidde Patronatsorganisatiounen sinn an hirem rôle, d’Regierung virun iwwerdriwwenen Ausgaben ze warnen, eben virun engem ze groussen Optmismus, trotz engem budgetären Iwwerschotz zejoert vun op d’mannst 773 Milliounen Euro. Ob si Recht behalen, ass zu dësem Ablack wéi aus dem Kaffi’s-Mott gelies, ma ëmmerhinn gesäit och eng Europäesch Kommissioun de wirtschaftleche Wuesstëm fir Lëtzebuerg dest Joer bedeitend méi kleng.

image credits:pixabay

Et héiert een awer, datt schonn zejoert am Finanzsecteur méi kleng Eeër geluecht a geschielt goufen, an dat gesäit een och an den Zuelen. Beispill Spuerkeess: där hieren Nettogewënn goung zejoert vun 240 Milliounen erof op 175 Mio., ass gläich e Minus vun iwwer 27 Prozent. Beispill Banque Générale, där hiert Nettoresultat erofgoung vun 366 Milliounen op 339 Mio. Zuelen, déi op wirtschaftlech Fluctuatiounen hiweisen, näischt Aussergewéinleches, déi awer op en Trend no ënnen hindeiten.

Et héiert ee weider, datt déi digital Welt am gaangen ass, voll an de Banken anzeschloen! Mir kommen den Zäiten méi no, wou d’Transaktiounen quasi exklusiv iwwer de web-banking lafen, wat als Konsequenz huet, datt d’Personal a verschiddene Berufskategorieën wäert mussen ofgebaut ginn; do bleift ofzewaarden, ob deen Oofbau iwwer sougenannten natiirlech Départen ka gemaach ginn oder net . Et ass net, fir den Daiwel un d’Mauer ze molen, an awer schloe verschidden Ausgaben vun der Regierung kräfteg zu Buch, an zwar nohalteg, op déi nächst Joer a Joerzéngten!

 

 

LEAVE A REPLY

Please enter your comment!
Please enter your name here