Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Ëmwelt

Déi Gréng sin nohalteg an der Bredouille! 

Déi Gréng sin nohalteg an der Bredouille!
Photo de Efrem Efre provenant de Pexels

 

et ass fir an e Mëschtgreef ze lafen! Ausgerechent duerch e Gaardenhaischen – wat éischter e Weekendhaus ass- geréit déi gréng Partei a stiermesch Zäiten. D’Procureure générale Martine Solovieff huet d’Chamber wëssen gedoen, datt et d’Parlament ass, dat däerf/soll/muss iwwer eng eventuell Verfeelung vun engem Regierungsmember urteelen. Déi Gréng duechten, mat der Demissioun vun der Ministesch Dieschbourg wier et gedoen. Quetschen och!

Den Dossier “Gaardenhaischen” goung an der Tëschenzäit un déi ganz Chamber, also u 60 Volleksvertrieder. Domadder ass hien esou gutt wéi op der Place Publique. An esouguer dann, wann keng pikant Detailer sollten un d’Ëffentlechkeet geroden, wäert nawell  reegelméisseg vun der Affär geschwat ginn. An anere Wieder: de gudde Ruff vun der Partei ass ugekraazt!

Firwat huet d’Ministesch esou séier demissionéiert? Ëmsou méi wou si ëmmer nees an der Ëffentlechkeet an an der Chamber ënnermauert huet, datt si sech absolutt näischt virzewerfen huet?! Fir een, dee bereet ass géint de Klimawiessel ze kämpfen ass esou eng mise en accusation just e Klacks. Ouni et beweisen ze kënnen ginn ech perséinlech dovunner aus, datt d’Partei Drock gemaach huet, d’Madamm fale gelooss huet wéi eng waarm Gromper. Circulez! Rien à voir!

Elo ass den Dossier an der Chamber a wäert a reegelméissegen Ofstänn an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn. Zum Beispill wëll déi Chamber elo d’Meenung héieren vum Verfassungsexpert Luc Heuschling zur Fro: ass de Krautmaart tatsächlech kompetent fir d’Madamm Dieschbourg zu der Saach ze héieren? D’Politik géing domadder d’Roll vum Parquet iwwerhuelen.

Weder d’Demokraten nach d’Sozialisten sinn begeeschtert vun der Persoun Heuschling, ma goufen dach hiren Accord. De Verfassungsrechtler kritt also nogelauschtert, seng Meenung ass awer schonn bekannt: d’Chamber sollt nämlech den Dossier zeréck un de Parquet schécken. Fänkt domadder eng Partie Ping-Pong un? Virun allem bleift den Dossier un de Grénge pechen ewéi Pattex!

Ëmgedréit ass et net besser. Wann d’Chamber decidéiert, den Dossier bei sech ze halen, ass dat och net grad e Quicky! Et ginn eng sëlleche Kommissiounssëtzungen -eventuell esouguer ëffentlech-, d’Press kritt Detailler zougestach, et gëtt vill kommentéiert a polemiséiert. Je, et ass een entgéint sengem eegene Wëllen periodesch an der Aktualitéit.

Dat ka schleefen, besonnesch d’Oppositioun wäert et schleefe loossen, am Beschten bis an dat nächst Fréijoer, wann d’Gemengewahle sinn, e puer Méint drop Nationalwahlen. E Leckerli fir jidder Wahlcampagne. An esouguer wann d’Parlament zur Konklusioun kéim – grad ewéi virun 10 Joer am Fall Jeannot Krecké-, datt den Dossier ze dënn wier fir eng Uklo, sinn weder d’Madamm Dieschbourg nach hier Partei op der gewonnener Säit. Beim Vollek bleift gären e Rescht vu Mësstrauen nom Motto: et wäert schonn eppes dru sinn!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Keng “basis-politësch” lénk Ideologie méi, et geet nach just (beschtens “etabléiert) , ëm Regierungsbedeelegung “à tout prix”, ëm Posten und Pöstchen a jidereen, deen do ee Risiko fir Stëmmeverloscht duerstellt, gëtt fale gelooss, wéi (dixit GK) ” eng waarem Gromper”. Eng traureg Entwécklung vun enger grénger Beweegung, déi hir ursprünglech Prinzipien laang net méi respektéiert, fräi nom Henri Nannen- Motto “Was intressiert mich mein Geschwätz von gestern” – mir si bedingungslos “realo”. Kann een esou enger Partei nach vertrauen, déi nach just no realpolitësch etabléierte Virgabe fonctionéiert a scho laang keng politësch “Alternativ” méi duerstellt? Intressant ass just nach deen oder dat, wat passt – Seiteneinsteiger*Innen inklusiv! Och mënschlech huet déi Partei bewisen, wéi et ëm “Frënn*dinnen” steet – cf. d’Causa Félix Braz an och elo d’Madamm Dieschbourg , déi hir “Démissioun” wuel iergendwéi kompenséiert kritt – a virdrunn an der Geschicht vun der Partei och anerer, déi an den Eck gedréckt gi sinn …do kéint een nach méi däitlech ginn!
    Egal wéi, een Trauerspill an der Entwécklung vun enger Partei, déi emol “erfrischend anders” wollt sinn…mon oeil! Et kann e sech op déi nächst Wale jiddefalls freeën – well et ginn duerchaus Alternativen zu deem blo-rout-grénge Wirtschaftsliberalismus an et dierf ee gespaant sinn, wat mir als “tumbes Wahlvolk” do nach ugebuede kréien, oder?

  2. Jean

    Eis greng genau sou wei hier kollegen an deitschland transformeieren sech mam alter emmer mei zu enger embourgeoiseierter krich a mief partei…dougeint wierken souguer deeler vun der csv bal erfreschend…c est tout dire.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *