Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Finanzen

Immobiliemaart: d’Grenzen vum Wuesstem 

Immobiliemaart: d’Grenzen vum Wuesstem
pexels-pixabay

usech misst et e Schock ausléisen. Och zejoert woren d’Immobiliëpräisser kräfteg geklommen. Plus 13,9 Prozent, mellt de Statec! All Respekt. An dat an engem Covid-Joer. Zu Lëtzebuerg hëlt een et éischter geloossen, et huet een sech dru gewinnt. Eng eege Wunneng ass nun emol saudeier. Ma do kënnegt sech eng Brems un. Ëmmerhin goung de Quadratmeterpräis am éischten Trimester vun dësem Joer ëm 2,42 Prozent zeréck. Du jamais vu! Oder bal.

Den Entsteeungspräis fir eng Wunnecht zu engem abordabele Präis (SNHBM) läit an der Tëschenzäit bei 7.800 Euro de Metercarré. Wann een de Präis vum Terrain mat arechent, kënnt een op houfereg 13.000 Euro! Ouni iergendwelleche Luxus. Fir e klengen Appartement vu 60 Metercarré blecht een also 780.000 Euro. Eng Affär! Iergendwéi sinn domadder allerdéngs d’Grenze vum Wuesstem erreecht!

Photo de Jovydas Pinkevicius provenant de Pexels

Et muss een nämlech engersäits bedenken, datt et eng Rei Leit gëtt – an am Grand-Duché nawell genuch dovunner-, déi hiert erspuertent oder geierwtent Geld an de Steen investéieren: si kafen Haiser an Appartementer fir se weider ze verlounen. Iwwer des Zort Leit kann ee jalous sinn, ma et muss een hinnen zegutt halen, datt et ouni si nach manner Wunnraum fir ze verlounen déit ginn! Et stellt sech d’Fro: geet deene Leit hir Rechnung nach laang op?

Wien ronn 800.000 Euro op den Dësch bliedert fir e klengen Appartement mat enger Kummer, deen erwaart sech och e Rendement dovunner. Also e säftege Loyer! A grad op deem Punkt fänkt et un, ze kraachen. Et gëtt ëmmer manner Leit, déi sech esou Präisser kënnen als Loyer leeschten!

Wuel gëtt et nach vill Gedrécks um Wunnengsmaart, ma an der Haaptsaach an der Kategorie vu méi präiswäerte Wunnengen. Déi Situatioun kéint bedeiten, datt Persounen mat vill Goss sech alt manner fir d’Immobilien interesséieren a sech no eppes ëmkucken, dat méi rentabel ass. Méi bëlleg gëtt d’Bauen an direkter Zukunft net!

ugefaangen bei den ablécklechen Energiepräisser. Bagger a Camion schaffen mat Diesel, de Kran mat Stroum. Eng Verdueblung vum Präis. Derbäi kënnt, datt zanter der Pandemie verschidde Materialien extreem deier goufen: bei Holz a Metall ginn et Präisschwankungen vu Woch zu Woch. Doduercher klëmmt de Präis vun eisem Beispill vun de 60 Metercarré. An et kënnt nach eppes dobäi.

Photo de Roger Brown provenant de Pexels

Am Abrëll erfält nees eng Indextranche. D’Press feiert dat wéi eng grouss Errongenschaft am Lëtzebuerger Sozialmodell. Soe mir et direkt a riicht eraus. Den Index kann eventuell fir d’Salariat eng gutt Saach sinn – obwuel een och do kann hefteg driwwer diskutéieren-, ma fir d’Ekonomie ass et eng Katastroph! An do bleiwen déi 60 Metercarré net verschount.

Schliisslech kréien och Architekten, Ingenieuren, Entrepreneur, Camionschauffer a Steemetzer dës Indextranche. Ugeholl si hunn, fir eng Wunneng ze plangen an ze bauen, bis gëschter 500.000 Euro kascht. Mat enger Indextranche ass dat eng Hausse vun 12.500 Euro. Bei zwou Tranchen 25.000! An déi Rechnung dobäi kënnt d’Verdueblung vum Dieselpräis fir Bagger a Camion.

Zu gudder Lescht ass dovunner auszegoen, datt déi Europäesch Zentralbank dëst Joer domadder ufänkt, de Leetzëns eropzesetzen. Wuel nëmme ganz zëmperlech, ëm e Véierels Prozent. Schliisslech muss sech an Uecht geholl ginn virun deene Millioune Leit, déi e Prêt lafen hunn an déi elo schonn Schwieregkeeten hunn beim Ofbezuelen. Mä den Trend wäert an déi Richtung goen.

Op dës Manéier gëtt d’Wunnecht nach méi deier. Ëmmer manner Leit kënnen sech et leeschten. Zugläich interesséieren sech d’Investisseuren mat déckem Portmonni manner fir dee Secteur, deen net méi esou vill abréngt wéi grad an de leschte Joer. D’Grenzen vum Wuesstem sinn ereecht. Mir fält op, datt ëmmer méi Haiser laang Zäit eidel stinn , éier se dann endlech kënnen de Proprietär wiesselen.

Photo de Jovydas Pinkevicius provenant de Pexels

Zugläich fält op, datt d’Wunnechten ëmmer méi kleng ginn. Aus engem Eefamilljenhaus mat Geméisgaart entsteet e Block mat 14 Studio! Buppställercher gi se genannt, ma et ass dat, wat sech vill Leit nach esou just kënne leeschten. An esou loossen déi sech besser verlounen ewéi Appartementer. An zwee Studio vun 30 Metercarré brénge méi Loyer eran ewéi een Appartement vu 60. De Studio ass souzesoen de leschten échappatoire fir d’ Investisseuren.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *