Kierzlech hunn ech e Reportage gesinn iwwer Dublin. En Desaster! Wéinst enger labberer Steierpolitik gouf d’Stad zu enger Zort Nirwana fir digital Betriber. Déi bezuele keng schlecht Paien, allerdéngs och

net iwwermoosseg. Duerch déi vill Gesellschaften, an also och duerch déi vill Aarbechtsplazen ass Drock op de Wunnraum entstanen an d’Präisser sinn duerch de Plaffong geschoss: 2000 bis 3000 € fir eng Eenzëmmerwunneng! Dat kënnen sech déi wéinegst leeschten. D’Stad – a mat hir de Staat- si räich, ma hir Leit sinn aarm. Bravo!
Zeenewiessel: ech gi mam Mupp duerch mäi Quartier trëppelen, bleiwe bei all Potto stoen, hunn also Zäit fir ze observéieren. Mir fält op e gréissert Familljenhaus: un der Fassade hänken 12 Bréifkëschten. Do liewen also op d’mannst 12 Persounen dran. Eng nei Zort vu Cafészëmmer? Bei engem anere Stroossepotto gesinn ech e fuschneit Gebai, dat aus 15 Studioen besteet. Spartanesch Ariichtung bannenan: Bett, Dësch, Stull, Tëlee a fäerdeg ass de Lack. Déi zwee Beispiller ënnermaueren den enormen Drock op eise Wunnengsmaart. Dublin-Lëtzebuerg, même combat!
An et ginn hei ewéi do, Gewënner a Verléierer. Den Hausbesëtzer kritt gläich op zwou Manéieren méi an d’Täsch. Éischtens duerch allgemeng méi héich Loyerspräisser an zweetens duerch eng Verklengerung vum Wunnraum: aus engem Appartement zwee Studio maachen, bréngt bedeitend méi Geld eran. 60 Prozent vun de Residenten zu Lëtzebuerg sinn Hausbesëtzer. En Zeeche vu Räichtum, absolutt! Wéi vill vun deene Proprietairen méi ewéi een Haus hunn, ass schwéier ze soen, ma all déi, déi e puer Quadratmeter ze verlounen hunn, konnten sech op eng demesuréiert Aart a Weis um Bockel vun deenen anere 40 Prozent beräicheren,
Den Effendi Luc Frieden bretzt sech an engem toutes-boîtes vu senger Partei, datt d’CSV-DP Regierung eng ganz Rei Verspriechen ëmgesat huet. D’Kafkraaft gouf gestäerkt duerch Steiererliichterungen fir jiddereen, déi Jonk ginn ënnerstëtzt duerch finanziell Hëllefen fir Éischtkeefer…(.) Dat stëmmt wuel, an nawell gesäit et fir eng ganz Partie Leit aus ewéi just Gegrimmels. Grad wat dat Soziaalt betrëfft, läit Lëtzebuerg laut der Europäescher Kommissioun op der drëttleschter Plaz, hanner Griichenland a Rumänien(sic)! Iwwerraschend a logesch zugläich, well wéi sos ass sech ze erklären, datt zanter Joer bei eis den Aarmutsrisk permanent klëmmt?
Et war wuel dës Situatioun op déi den Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker an engem RTL-Interview den “Neie Luc” wollt opmierksam maachen: et war eng verstoppte Kritik un der Sozialpolitik vun der ablécklecher CSV, ëmmerhin där hiert Reklammeschëld zanter Joerzéngten. RTL schwätzt vun engem perséinlechen Tuyau un d’Adress vum Luc Frieden, ma et war de facto eng kleng an d’Akaul. De fréiere Staatsminister wënscht sech e politeschen Dréi vu sengem Nofollger an der Partei.
Mä a wat fir eng Richtung? Mat wat fir enger Envergure? Wann zum Beispill eng Persoun mat engem Brutto-Akommes vu 45.000€ d’Joer zejoert 697€ manner u Steieren ze bezuelen hat an dëst Joer nach eemol 397 Euro kann aspueren, da sinn dat wuel 1094 Euro méi an der Täsch, respektiv 22 Prozent. Ma op de Mount sinn et 45,5 Euro. Also net grad fir grouss Spréng ze maachen.
Ech wëll net falsch verstane ginn. Déi verschidden Hëllefen si grad zum richtegen Zäitpunkt komm. Esou sot kierzlech d’Ginette Jones als Presidentin vun der Entente des offices sociaux, datt d’Hausse vu Mindestloun, vu Revis, allocation de vie chère a vun der Energieprime dat Bescht wor, wat de Leit hätt konne geschéien. An et wier och net mat der Strenz geschafft ginn. Also duerchaus Luef fir d’Regierung, an och ech wëll si net méi schlecht maachen ewéi si ass. Meng Befierchtungen sin anerer.
De Leit hëllefen, déi am Misär dra sinn, ass dat eent. Prophylaktesch Moossnamen huelen, fir datt net nach weider Persounen an den Aarmutsrisk glëtschen, ass dat anert. An do gesinn ech éischter schwaarz, jo, Pechschwaarz. D’Liewen zu Lëtzebuerg gouf am Laf vun de leschte Joer extreem deier an ëmmer méi Leit geet et ëmmer manner gutt. Eng Situatioun déi schéi geféierlech ka sinn, well an der Gesellschaft ëmmer méi Frust entsteet, a well de Staat ëmmer méi ënner finanziellen Drock geréit fir all deene Leit ënner d’Ärem ze gräifen; schonn elo gëtt de Staat ronn d’Hallschecht vu sengem Budget fir sozial Moossnamen aus!
D’Ursaachen fir dat deiert Liewen am Grand-Duché sinn eigentlech – ofgesi vum Logement- déi nämmlecht ewéi an anere Länner: Pandemie, Krich an der Ukrain, Energiekris. Dat alles huet d’Inflatioun un d’Glouse bruecht, an eng Adaptatioun via eng Indextranche- oder méi- ass just ewéi eng Plooschter op en hëlzent Been. Den Index als “Mat-Garant” fir de soziale Fridden, dat stemmt net méi onbedéngt. Prioritär misst et drëm goen, d’Zuel vun de working poors esou kleng ewéi méiglech ze halen an de Leit um ënneschten Träpplek vun der Sozialleeder eng minimal Perspektive kënnen unzebidden.
Déi éischt Generatioun vu Portugisen déi bei eis koumen, konnt schonn no e puer Joer fir d’Vakanz an d’Heemecht fueren, an zwar an engem schassgiele Mercedes. Dohanne goufen si empfaangen ewéi Kinneken déi wossten, datt eng haart Aarbecht sech zu Lëtzebuerg gelount huet. Déi nächst Perspektive war ee klengt Haischen dat si selwer renovéiert hunn, duerno en Haischen am Portugal.
Esou Perspektiven huet déi jéngste Generatioun vun Immigranten bei Wäitem net méi! Un een Haus ass haut net méi ze denken. Vill vun deene Leit kommen op Lëtzebuerg fir gréisstendeels ënner eenegermoossen humane Conditiounen ze iwwerliewen, méi net. De Staat hëlleft dobäi esou gutt hie kann. Op eng gewësse Manéier also subventionéiert Aarbecht, déi muss gemaach ginn fir eis Infrastrukturen an der Rei, eis Wirtschaft an eist Pensiounsdëppen an der Riicht ze halen. Et ass deemno duerchaus ubruecht, e Berechnungsmodell fir de Mindestloun auszeschaffen. Ma och do si Grenze gesat, schliisslech ass jidder Hausse vum Loun eng zousätzlech Belaaschtung fir d’Ekonomie!
Eng ganz genee Bestandsopnam vum Ist-Zoustand an eisem Ländchen – deen awer (leider) dem Duerchschnëtts – Lëtzebuerger gréisstendeels zimlech egal ass-sou laang et “eis” (nach) gutt geet. Vill vun hinnen sinn oder ginn Ierwen an de Rescht ass hinne relativ egal….’t ass leider realistësch, datt de “Matmënsch” (an dat ass weder reliéis oder moraliséierend geduecht) an eiser moderner Ego-Welt net méi relevant ass – just wann deen engem pur opportunistësch kann “utile” sinn, dann ass en intressant…Wann ee sech iwwer sozial Themen äussert, dann ass dat vläicht an der perséinlecher Diskussioun dee Moment gutt, e puer Minutten duerno awer scho vergiess-an dat perséinlecht Liewe geet weider…
Ee Buchtipp: Christophe Guilluy – Les dépossédés – L’instinct de survie des classes populaires. Ganz intressant – och am Kontext vum Här Kaiser sengem Text absolut zoutreffend…
A jo, dat alles ass d’Konsequenz vun enger “sozialer Distanciatioun”, déi duerch déi “Pandemie” nach méi däitlech ginn ass, déi awer hiren Origine schonn am neoliberale Fundus huet, nodeem sech dës Welt, an deem folgend eis (ëmmer méi) inexistent “Gesellschaft”) de Conditioune an der Logik vum “Gesetz vum fräie Maart” ënnerworf huet – mat alle Konsequenzen, déi mir haut kennen…An déi bekannt Egoismen sinn dat trauregt Resultat-mat Politfiguren, déi dat soziaalt Gewëssen längst opginn hunn….
Wéi huet den Edmond Ries gëschter absolut treffend op RTL gesot (an ech si sécherlech kee “Paf”): de Wee vum “I-first” zum “You- first” misst richtungsweisend fir erëm eng besser Gesellschaft sinn , wou een de Matmënsch mol rëm gesäit -mä (leider) ass dat eng puer llusioun “in modern times”…