Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Sonndesfro: a wat elo, Frank Engel? 

Sonndesfro: a wat elo, Frank Engel?
Image par mailme6 de Pixabay

net laang ronderëm de Bräi geschwat: d’CSV huet de Match vun der Sonndesfro verluer! An nawell däitlech, mat engem weidere Verloscht vun 2 Sëtz. Datt déi (nach) gréissten Oppositiounspartei näischt géif derbäi gewannen, war vu vir eran kloer; dofir war dat politescht Ëmfeld net dat Richtegt. A Pandemie-Zäiten ass keng Plaz fir Politik ausser der Virus-Bekämpfung. Datt d’CSV awer esou fatzeg ofgestrooft gëtt, ass eng Iwwerraschung! Déi sech allerdéngs erkläre léisst.

D’Strof huet zwou Ursaachen. Déi manner wichteg ass d’Pandemie selwer, wou iwwer Méint d’Partei sech hannert d’Regierung gestallt huet an eréischt vill méi spéit -ze spéit?- méi kritesch gouf. Esou bedauert deen een oder aneren CSV-Vertrieder, datt de Sondage just tëscht dem 10. a 24. November duerchgefouert gouf an net nach e puer Deeg méi laang; also bis an d’Zäit eran, wou d’Diskussiounen an der Chamber iwwer déi nei Restriktioune gefouert goufen. Esou Iwwerleeungen sinn wuel net ganz falsch, ginn awer bei Wäitem net als Explikatioun duer!

De Schëllegen ass huerteg fonnt, mam neie Parteipresident! Hien ass d’Haaptursaach. De Frank Engel probéiert d’Partei méi an dee lénke Wahlspektrum ze dirigéieren an hat matzen am Summerlach iwwerraschend Aussoen gemaach a Punkto Ierfschaftssteier. Hie krut deemools décke Luef vu Politiker aus de Reien vun der LSAP a vun deene Gréngen, déi sech dobäi an d’Fauscht gelaacht hunn, well si wossten, datt dee Schoss géing no hanne lass goen. Luef grad esou – wann och just fir e puer Deeg-, vu lénks orientéierte Journalisten, déi grad esou wossten, datt et géing schif ausgoen fir déi Schwaarz. An esou koum et!

De Parteipresident hat sech zwar fir säi cavalier seul entschëllegt, ma dem Wieler waren d’Disharmonien tëscht Parteispëtzt a Fraktioun mat all den Deputéierten net entgaangen. Firwat onbedéngt op dee lénke Bord zéien, wou et do schonn 3 Parteie ginn mat der LSAP, deene Lénken plus d’Kommunisten? Ëmsou méi wou d’Sozialisten gutt opgestallt sinn! Et ass evident, datt d’Genossen d’Sonndesfro gewonnen hunn wéinst der Madamm Lenert. Donieft awer huet de Minister Dan Kersch et fäerdeg bruecht, seng Partei effektiv méi un dee lénke Bord ze féieren, do, wou d’LSAP eigentlech hi gehéiert. Esou bleift keng Plaz fir eng CSV an der lénker Pierch mat ze grasen.

Zugläich gouf et e Wiessel an der ADR. De Gast Gibéryen huet d’Pensioun geholl, a seng Fonktioun koum de Fernand Kartheiser. Back to the roots, seet deen sech an dirigéiert d’Partei vum 5/6-tel an deen Eck, wou den Daum lénks ass. Och do ass also weider keng Plaz fir CSV, awer nach éischter ewéi um lénke Bord.

Wann ee mat CSV-Deputéierten esou an d’Gespréich kënnt, kritt een de Frust mat, deen eropstéisst wéi schlëmme Soud. Den nächste Parteikongress riskéiert heiter bis lustig ze ginn, am Fréijoer kéint et dem Frank Engel de Kapp kaschten!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *