Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Geheim Fichieren: d’Regierung huet op deem Punkt endlech e Casier vierge 

Geheim Fichieren: d’Regierung huet op deem Punkt endlech e Casier vierge
Foto von Mike: https://www.pexels.com/de-de/foto/scharfentiefe-fotografie-der-dateianordnung-1181772/

Et sinn exakt 5 Joer an 4 Méint hier, datt ech eng éischte Kéier vun engem geheime Casier geschriwwen hat. An et sollt sech erausstellen, datt et eng Hellewull där Fichieren gouf. Den 18. Abrëll 2018 hat ech déi heite Geschicht verzielt:

E Mann gouf a senger Jugend vun der Police ausgefrot an zwou Affären, bei deenen et ëm « coups et blessures goung, verbonne mat enger incapacité de travail an och ëm outrage à agent ». Et koum awer ni zu engem Prozess, also och net zu enger Verurteelung. Casier vierge deemno!

Joren méi spéit – zimmlech rezent elo- goung dëse Mann sech an eng Verwaltung vum Staat virstellen, fir eng Plaaz ze kréien. An deem Virstellunsgespréich goufen allerdéngs déi Faiten ugeschwat, déi sech a senger Jugend zougedroen haten, an de Mann krut ze verstoen, datt hien net dee Richtege wier, fir beim Staat ze schaffen !

Do huet sech fir jidder räsonabele Mënsch d’Fro gestallt: wéi konnten déi Leit vun där Geschicht wëssen? Schliisslech hat et ni e Prozess ginn, d’Saach war klasséiert ginn, also am Prinzipp kee Vermierk am Casier! An et huet sech bei deene Leit net ëm egal wien gehandelt, et ware Leit vum Parquet, aus dem Entourage vum Procureur!

Een handfeste Skandal also, ma et huet Wochen, jo Méint gedauert bis déi groussherzoglech Press sech fir d’Affär interesséiert huet. De Chefredakter vum Staatssender 100,7 Jean-Claude Frank huet laang Méint refuséiert vun enger Affär ze schwätzen a léiwer mir Raibergeschichten virgehäit. https://bit.ly/2M6XHuE

Foto von Element5 Digital: https://www.pexels.com/de-de/foto/aktenschrank-aus-grauem-stahl-1370294/

D’Politiker aus de Regierungsparteien, ma och d’Procureure hate grad esou Schwieregkeeten, d’Existenz vun deem geheime Fichier als fatale Feeler unzëerkennen. Wollten si net oder konnten si net verstoen? Kuerz no menger Publikatioun hat sech de maître Gaston Vogel an der Saach zu Wuert gemellt. Och hien hat vun enger reegelrechter Sauerei geschwat, méi wéi eng Kéier zur (spatzer) Fieder gegraff. Ee Beispill ënner villen, hei säi Bréif deemools un de Bâtonnier:

Monsieur le Bâtonnier,

J’ai été saisi par Mr. X. d’un singulier dossier qui a fait surgir la question très ténébreuse et peu connue de l’exploitation par le Parquet et la Police, d’un casier secret appelé fichier et où se trouvent renseignés des éléments épars de la vie d’un citoyen, consignés par des policiers, dans le plus grand secret et donc en violation totale de la règle essentielle du contradictoire assortie de contrôle et de recours.

*

Voici le récit de Mr. X. qui fut confronté à sa plus grande surprise à son casier secret.

Lors d’un entretien professionnel auprès de l’Etat, ses interlocuteurs lui soumettaient soudain des données à caractère personnel se lisant comme suit :

« Il ressort de nos fichiers que Mr. X. a été interrogé par la police dans le cadre de deux affaires ayant trait aux faits allégués suivants :

  • Coups et blessure volontaires ayant entrainé une incapacité de travail ;
  • Outrage à agent. »

Quels fichiers ?

Il est incontesté et incontestable que X. n’a jamais été entendu à charge par la police pour l’une quelconque des deux infractions alléguées.

Aucun P.-V. n’a été dressé contre lui.

Il n’a jamais eu un début de commencement de procès pour quoi que ce fût.

Il n’a à aucun moment été condamné, et aucune procédure n’est en cours dans le cadre de ces faits qui restent ainsi à l’état d’une affirmation faite avec une légèreté blâmable, pour rester un tant soit peu courtois.

L’entretien professionnel s’est terminé sur ce casier secret – inouï.

*

À partir de ce récit, il faut supposer que chaque citoyen ait à côté de son casier judiciaire normal, un casier secret dans lequel la police inscrit à sa guise ce qu’elle veut, sans contrôle, sans recours, sans le moindre souci du contradictoire.

C’est effrayant.

C’est asphyxiant de vivre dans une société où de tels secrets délétères pourront vous être opposés avec les conséquences désastreuses qui ont été celles du cas d’espèce.

*

J’ai trouvé l’affaire si grave que j’ai saisi deux députés qui allaient questionner à ce sujet le Gouvernement.

La réponse leur fut communiquée le 27.05.2019.

Vous la lirez en annexe.

Dès le deuxième passage, que je me suis permis de flécher, vous constatez que le Gouvernement fuit l’aveu qu’un tel casier existe.

Il y revient in fine.

Ce sont là des pratiques dignes des régimes totalitaires.

C’est coutumier chez Erdogan et Poutine.

Je me pose de multiples questions inquiétantes – l’une d’elles concerne le sort réservé dans ce fichier aux condamnés qui ont bénéficié d’une réhabilitation judiciaire.

Rappelons que le propre d’une réhabilitation est d’assurer l’annulation sous tous ses aspects du passé pénal d’un individu.

D’après certains renseignements obtenus, mais qui restent à vérifier, même réhabilité, le citoyen trouve dans son fichier tout le passé pénal.

Je suis d’avis que votre Conseil de l’Ordre devrait à ce sujet, communiquer au Ministre de la Justice, ses plus vives inquiétudes.

Il est inadmissible qu’un 2ème casier existe à côté de celui qui est officiel.

Un casier constitué in catimini sans aucun souci de contradiction est une horreur qui annihile tout ce qu’on peut attendre d’une justice correcte et respectueuse des droit élémentaires.

  

Bien confraternellement à vous.

 

Lues a lues huet sech och déi politesch Oppositioun – virop d’CSV- deem Thema ugeholl: et goufen Sëtzungen vu parlamentaresche Kommissiounen drop an derwidder, an et sollt sech confirméieren, datt et där geheimer Casier méi goufen.

Zum Beispill wosst d’Police genee Bescheed, datt de Gaston Vogel an där Zäit op 38 Avertissement Taxé komm war; alleguerten bis op de leschten Dibbelchen bezuelt. Wat haten déi AT also an engem Fichier ze sichen, vun deem iwwregens bis dohinner nëmmen déi Wéinegst Bescheed wossten?

No 5 Joer a 4 Méint ass elo endlech Schluss mat där Willkür. Am Laf vun dëser Woch gouf am Parlament d’Gesetz ugeholl, dat reegelt, wéi déi perséinlech Donnéeën am Justiz-Casier “Jucha” traitéiert ginn. Dat neit Gesetz präziséiert, dass perséinlech Donnéeën den internationalen Normen no musse protegéiert ginn. Nawell soll et dem Justizapparat erméiglechen, effikass ze fonctionéieren. Uff! No 64 Méint kann also deen Dossier zu den Akte geluecht ginn!

Fazit: et ass net richteg ze behaapten, datt et kee Sënn mécht, sech als Eenzelpersoun géint Staatsgewalt ze wieren, datt et besser ass, Herrgottswaasser iwwer Herrgottsmillen lafen ze loossen. An dësem Fall waren et just 3 Persounen déi de Steen un d’Rulle bruecht haten. D’Affer, dat de Courage hat vu senger Geschicht ze verzielen, ech selwer deen d’Envergure vun där Geschicht richteg ageschat hat an de Gaston Vogel dee mat sengem enormen juristeschen Know-how deen néidegen Drock gemaach huet.

An deem Sënn: bleift kritesch!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *