Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Terrorismus a bannenzég Sécherheet: ass eppes ze verstoppen? 

Terrorismus a bannenzég Sécherheet: ass eppes ze verstoppen?
Image par Amberrose Nelson de Pixabay

 

de SRE(L) ass als Geheimdéngscht natierlech ganz geheim, – mol ofgesinn vun engem rezenten Dateleak. Ma de Geheimdéngscht schwätzt mat deem aneren Spëtzeldéngscht aus dem Ausland, am Sënn vun enger géigesäiteger Kollaboratioun. Et gëtt een säin Deel vum Wëssen weider an der Hoffnung, och eppes gewuer ze ginn. A wann d’Info brisant genuch ass, gëtt een se weider un de chef hiérarchique, u säi Minister.

Spéitstens zanter den Attentater zu Paräis an zu Wien war wuel an där geheimer Welt eppes méi lass, a mat deem, wat ech esou lénks a riets ze héiere krut, hunn ech mir meng Froe gestallt. Iwwregens och Politiker vun der CSV, déi eng Sëtzung vun der zoustänneger parlamentarescher Sécherheetskommissioun wollten hunn. Déi koum haut zesummen a Presenz vun Bettel, Tanson a Kox an zwar- CoVid oblige- per Videokonferenz.

No där Sëtzung gouf d’Press näischt bis guer näischt gewuer. Argument: de Staatsminister huet de huit clos gefrot. Alles bleiwt geheim, hinter Schloss und Riegel. Esou eng Situatioun gouf et viru bal genee 5 Joer schonn emol. Deemools aus verständleche Grënn, mam Attentat den 13. November op de bataclan. Minister, Deputéierten haten eng gutt Ursaach, näischt no baussen ze droen, schliisslech war d’Sécherheetssituatioun hei am Land an d’Phase 4 eropgesat ginn, d’Gefor vun eventuellem Terrorismus war net vun der Hand ze weisen.

d’Press war wéi ëmmer vun där Sëtzung haut an d’Bild gesat ginn, ma wéi d’Journalisten sollte Froe stellen -ëm wat goung et?- hunn d’Volleksvertrieder mussen den Hiweis maachen op de huit clos. A jiddereen huet tatsächlech de Bak gehal. Esouguer déi Politiker, déi et sos nawell gäre spruddele loossen, haten d’Lëpsen wéi zougebitzt.

Dat fannen ech déi falsch Reaktioun! De Fall gesat, déi terroristesch Bedreeung zu Lëtzebuerg ass minimal, esou hannerléisst d’Politik op des Manéier dat berüchtegt Gefill bei de Leit, et wir ebe just net esou, eigentlech just am Géigendeel, an iwwerhaapt, do wär nees eppes vill besser ënnert dem Teppech! Deen anere Fall gesat, déi terroristesch islamistesch Kreesser wieren tatsächlech eng eescht Bedreeung fir d’Land, hätt all Bierger e Recht op Informatioun. Well et goung ënnert anerem ëm den Islamismus.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *