dat dierft schonn hefteg sinn fir d’Maria Teresa! Si, déi sech nach ganz rezent an engem Sträitgespréich mat der Madame Lulling bis op d’Tréinen fir méi “Gläichberechtegung” um Haff agesat hat, soll mam neien Organigramm déi Fräiheeten ofgeholl kréien, déi hir laut Verfassung eigentlech ni zougestaanen hunn. Ee Schoss, deen no hanne lass goung! De Staatsminister Xavier Bettel – deen iwwregens extreem iwwerzeegend op der Pressekonferenz eriwwer koum- war op deem Ponkt formell: d’Maria Teresa ass a bleiwt d’Madame niewt dem Grand-Duc!
Dem Staatsminister säin Optrëtt war esou selbstsécher, wéi scho laang net méi, an dat hat seng Uursaachen: de Rapport Waringo war e puer Deeg an der Ëffentlechkeet, hie gouf vill kommentéiert, jee, et wor déi néideg Zäit fir d’Meenung ze héieren aus dem Vollek an awer och d’Reaktiounen vun deenen anere politesche Parteien ofzewaarden. Zimmlech séier gouf kloer, d’Situatioun war zwar delikat, ma eng revolutionnär Stëmmung houng net an der Loft. D’Vollek ass net stramm géint d’Monarchie –mir wëlle schliisslech bleiwen wat mir sin!- an ënnert de Parteien hunn d’Kreesch no der Republik sech méi wéi a Grenze gehaalen, wann ee mol vun de Jongsozialisten ofgesäit. Et wor och déi néideg Zäit, de Positionnement vun der gréisster Oppositiounspartei ofzewaarden.
D’CSV huet iwwregens deen nämmlechten Dilemma ewéi déi aner méi grouss Parteien: e klengen Deel vun hire Memberen a vun hirer Wielerschaft plädéieren éischter fir eng republikanesch Staatsform, en anere klengen Deel steet souzesoen Gewier bei Fouss fir d’Monarchie a méi e breeden Deel ass wuel fir d’Monarchie, hätt awer gären, datt de groussherzoglechen Haff net ze dacks an der Ëffentlechkeet steet a wënscht sech Reformen, déi elo getréischt kënne kommen. Souguer bei deene Gréngen steet an der Tëschenzäit d’Signal op Rout, wat eng eventuel Republik betrëfft….
eréischt wéi de Staatsminister sech senger Saach sécher war, goung hien an déi parlamentaresch Kommissioun an duerno virun d’Presse. Châpeau! Geschéckt agewéckelt! De Xavier Bettel huet e puermol ënnerstrach, datt de Grand-Duc op ville Punkten vun der ugekënnechter Reform averstaanen ass, dobäi war de Bréif, deen den Henri ouni den Accord vum Premier un d’Vollek geschriwwen hat, keen Thema méi!
Datt de Premier näischt wollt soen zu de Rumeuren vun eventueller physescher Gewalt um Haff, war vu vir eran kloer: do gëllt -méi wéi jee- d’Gewaltentrennung, d’Justiz soll hire Wee goen. Ëmsos huet een op d’Fro gelauert, ob de Premier ieren am Virfeld vun deene verschiddene Rumeuren och héieren hat; dat misst bal de Fall gewierscht sinn, well virwat sos gouf hien de Rapport Waringo an Optrag?!
Fazit: d’Monarchie huet et fäerdeg bruecht, eng éischte Kéier vun der lëtzebuerger Press hannerfrot ze ginn a muss Artikelen am SPIEGEL an an der GALA iwwert sech ergoe loossen. An da misst et awer gutt sinn. Den Incident gouf vum Xavier Bettel magistral bäigeluecht. Fir d’Monarchie soll et eng Warnung gewierscht sinn: eng weider rout Kart daerf si sech net leeschten!