Recent Posts

Post Categories

Weiterer Leserbrief in Sachen Fussballfeld in Useldingen: 2,7 Millionen für eine Notlösung?!  
Es ist verständlich, dass der FC Jeunesse Useldange sich über eine Modernisierung freut, denn der aktuelle Trainingsplatz ist derzeit immer...
Stellungnahme des FC Jeunesse Useldange zur geplanten Modernisierung des Fußballfeldes 
In den letzten Wochen wurde die geplante Erneuerung des Fußballfeldes in Useldingen öffentlich diskutiert – teils sachlich, teils emotional. Dabei...
Frank Bertemes: Demokratie in der Krise? 
„Ich plädiere für eine grenzenlose Meinungsfreiheit.“ So jedenfalls der durchaus interessante Vorschlag des Philosophen Paul Liessmann. Er definiert eine Krise...
D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 
Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll...

Blog Post

Featured

D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 

D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun
Image par Nicolas DEBRAY de Pixabay

Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll als Kapitän, deen d’Land aus stiermeschem Waasser erausféiert, eran an eng blo Lagun wou Hunneg a Manna vum Himmel drëpsen. No 24 Méint ass et d’Feststellung: alles net esou einfach. Dem Bierger Knippercher verspriechen an um Enn um sëlwere Plateau Gummibärercher zerwéieren. D’Regierung huet wuel schonn eng Partie Decisioune geholl, ma virun allem d’CSV verkeeft sech dobäi extreem schlecht. Ënner dem Präis! An de Luc ass net ganz onschëlleg.

Déi ugekënnegte Steierreform kënnt. Et hält een dovunner, wat ee wëll. Si kascht de Staat net grad eng Milliard, wat esou

Roberta METSOLA, EP President meets with Luc FRIEDEN, Luxembourg Prime Minister

vill bedeit ewéi datt 900 Milliounen ënner dem Vollek verdeelt ginn. Dat as net näischt! An trotzdeem stinn déi Konservativ plakeg do. An der leschter Sonndesfro hu si am Wielerpronostic 4 Mandater verluer. Wéi ëmmer, mat Virsiicht ze genéissen: géing déi Ëmfro haut gemaach ginn, – wou d’Detailer vun der Steierreform bekannt sinn a wou d’Land Deeg laang am Tommel war vum Trounwiessel-, kéim mat Sécherheet een net grad esou katastrophaalt Resultat fir dës Partei eraus.

Trotzdeem bleift d’Feststellung: et leeft net ronn bei der CSV. Et goufe massiv Feeler gemaach an der Kommunikatioun. Eng ugeduechte Pensiounsreform huet hiert dozou bäigedroen. Um Knuedler hate vill Leit manifestéiert an elo sinn och nach d’Dokter opbruecht. Dat hannerléisst d’Bild wéi wann d’halleft Land et op si sëtzen hätten! Den Tubak fir an d’Friddenspäif ass wuel kaum mat der ablécklecher Ministesch Deprez ze fannen. Och hei gouf den neie Luc net déi beschte Figur of.

Als Chef, als CEO misst hien géigesteieren. Regierungsremaniement? D’Ministesch huet allemol méi kabott gemaach ewéi datt si der Regierung gutt Déngschter erwisen hätt. De Capitan awer muckst sech net. Iwwerhaapt schéngt hien zanter dem Gewerkschafts-Concert um Knuedler liicht ugeschloen ze sinn, als Politiker an als Mënsch.

Am Juni 2023 hat d’Luxemburger Wort den CSV-Parteiprogramm fir d’Wahlen esou resuméiert: Die Volkspartei verspricht weniger Steuern, eine bessere Gesundheitsversorgung und mehr erschwingliche Wohnungen. Eng Partie Saachen sinn um Punkt, ëmgesat ze ginn, ma gut’ Ding will Weile haben.

csv.lu

Manner Steieren? Jo, ma dat brauch nach 3 Joer bis datt de Wieler dat am Portmonni ze spiere kritt. Méi Wunnengen? Jo, absolutt. Ma dorunner gouf schonn ënner Gambia geschafft: 4226 Wunnechten si staatlech subventionéiert, eleng zejoert koumen iwwer 500 Unitéite bäi. An trotzdeem nëmmen eng Drëps op de waarme Steen! De Bauterrain goung zwar déi leschte 30 Méint ëm 15 Prozent zeréck, ma an der Gemeng Lëtzebuerg kascht den Ar ëmmer nach 272.000 Euro.

Op aneren, awer net onwesentleche Themaen konnten déi Schwaarz gutt punkten, ouni et allerdéngs un déi grouss Klack ze hänken. Kommunikatioun wéi bei den Indianer mat Dampzeechen! A Finanz- a Wirtschaftskreesser zum Beispill kënnt déi schwaarz-blo-Regierung gutt un. Wat och net schwéier war, well déi Secteuren Joer laang vu Gambia quasi ignoréiert gi waren. Ma och hei blouf den “Hauruck-Effekt” aus, mat däitleche Signaler no baussen, datt et an eng aner Direktioun geet, datt et de Bierchop geet. Eleng de Finanzminister Gilles Roth huet probéiert, vu “virsiichtegem Positivismus” ze schwätzen. Dat war bei Geleeënheet vun der Presentatioun vum Staatsbudget, wou de Mann konnt weisen, datt hien eppes vu sengem Fach versteet.

facebook.com

Eng änlech gutt Zensur geet un den Inneminister Gloden, deen et wéinstens deelweis fäerdeg bruecht huet, dat subjektiivt an objektiivt Sécherheetsgefill vum Bierger no uewen ze corrigéieren. Dat sinn Decisiounen déi d’Vollek empiresch kann novollzéien an deementspriechend honoréiert. D’Martine Hansen mécht eng grouss Fläissaarbecht, ma si vertrëtt mat hirem Ministère just 1300 Baueren an 250 Wënzer. An dat war et dann awer schonn. Roth, Gloden an Hansen, Topp! Martine Deprez, Flopp! Et ass um nationale CEO, dorauser d’Konklusiounen ze zéien. Villäicht geet jo de “Luc” an de Gréngewald spadséieren an denkt driwwer no….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *