Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Grénge Klengkrich 

Grénge Klengkrich
Image par Ryan McGuire de Pixabay

Dat hat den Henri Kox sech net dreeme gelooss! Datt hien enges Daags géing e Plädoyer halen fir d’Police! Do steet déi gréng Welt dach op der Kopp, an där de Polizist esou eppes ass ewéi e Jeeër: e Ballermann. Op där anerer Säit ass ze bedenken, datt déi gréng Wielerschaft geännert huet. Wat fréier e Lénks-Katholik war, ass haut nawell gären e Wäertkonservative Gréngen an déi Wielerschaft kënnt prioritär aus der Fonction Publique.

Den Henri Kox wiert sech géint Sécherheetspatrullen vu private Gesellschaften an der Stad Lëtzebuerg. Grad wéi wann et dat nach ni ginn hätt. Hie selwer hat a senger Zäit als Réimecher Buergermeeschter esou eng Firma kontaktéiert, fir d’Sécherheet vun de Leit an der Schwemm. Zu Déifferdeng hat de grénge Buergermeeschter Traversini och eng Privatgesellschaft dermadder beoptraagt, duerch d’Stad ze patrulléieren. Elo wou déi blo-schwaarz Koalitioun um Knuedler grad esou eppes wëllt maachen, fir wéinstens dat subjektiivt Sécherheetsgefill vun de Bierger eropzesetzen, soll d’Iddi op eemol falsch sinn? De Kox bréngt domadder seng eege Regierungskolleegen an d’Bredouille!

Ëmmerhin gräift och de Staat massiv op de private Gardiennage zeréck. Am nächste Staatsbudget sinn bäino 40 Milliounen Euro virgesinn. Och déi gréng Justizministesch Sam Tanson muss op déi Servicer zeréckgräifen: gëtt engem Schwéierverbriecher de Prozess gemaach, ass selbstverständlech d’Police am Sall. Geet et awer ëm eng Scheedung oder ëm sos zivilrechtlech Affären, steet eng Persoun vun enger Privatfirma bei der Dir. D’Madamm Tanson wäert jo kaum higoen an all dës Kontrakter briechen! An deem Sënn ass eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Laurent Mosar, Leon Gloden a Gilles Roth ze interpretéieren.

  • Combien de sociétés disposent actuellement de l’agrément ministériel pour l’exercice des activités en question ?

 

  • Combien de services, administrations, établissements publics étatiques et autres personnes investies par l’Etat d’une mission de service public ont actuellement conclu des contrats avec ces sociétés ?

 

  • Combien de ces contrats permettent aux agents de gardiennage et de surveillance des contrôles d’accès à l’enceinte voire aux bâtiments publics tout court ?

 

  • Combien de ces contrats permettent aux agents des sociétés en question d’exercer l’activité de protection des personnes ?

 

  • Serait-il possible d’obtenir une liste complète de ces contrats avec la précision du cocontractant « étatique », des activités couvertes par lesdits contrats et des prestations accessoires éventuellement prévues ?

 

  • Quel est le budget total projeté par les acteurs étatiques pour les activités de gardiennage et de surveillance respectivement pour la protection des personnes ?

 

  • A quelles données ces sociétés privées de gardiennage ont-elles accès pour accomplir leurs missions ? Madame et Messieurs les Ministres peuvent-ils nous fournir des précisions à cet égard pour chaque type de contrat de prestation concerné et l’intégrer dans la liste mentionnée supra ? La législation sur la protection des données est-elle respectée dans ce contexte ?

 

Nous vous prions d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de nos salutations distinguées.

 

Laurent Mosar

Député

Gilles Roth
Député

 

Léon Gloden

Député

Wéi gesot, bal 40 Milliounen Euro sinn fir dat anert Budgetsjoer virgesinn! A bei der Police gëtt keng eenzeg Aarbechtsplaz ofgebaut. Just am Géigendeel. Et soll massiv opgestockt ginn! Datt d’Policegewerkschaft éischter skeptesch Téin vu sech gëtt, ass en normale gewerkschaftleche Jargon; ëmsou méi interessant ass, datt de Pressedéngscht vun der Police op eng gutt Zesummenaarbecht mat de Privatfirmaen hiweist.

A bei der DP sinn se och net grad amuséiert iwwer dee Virstouss vum Henri Kox! Schonn nëmmen eleng, fir der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer politesch de Réck ze stäipen. E Stuerm am Waasserglas nennt et de Minister Marc Hansen a seet net, datt e bësselche Musek méi derhannert stécht….

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *