Recent Posts

Post Categories

3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 
Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi...
Frank Bertemes: Krisenfall Demokratie 
„Eine Stimme ruft aus dem Chaos: Lächle! Denn es könnte schlimmer kommen… Ich lächelte… Und es kam schlimmer!“ Dieses Zitat...
An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin? 
D’Fro an der Iwwerschrëft as provokativ, ma duerchaus realistesch. Et hänkt alles dovunner of, wéi staark oder schwaach déi verschidde...
E räiche Staat mat ëmmer méi aarme Bierger? 
Kierzlech hunn ech e Reportage gesinn iwwer Dublin. En Desaster! Wéinst enger labberer Steierpolitik gouf d’Stad zu enger Zort Nirwana...

Blog Post

Featured

Situatioun op der stater Gare: fir Firlefanz huet d’Justiz keng Zäit 

Situatioun op der stater Gare: fir Firlefanz huet d’Justiz keng Zäit
Photo de Sora Shimazaki: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/bureau-des-juges-avec-marteau-et-balances-5669619/

Ewéi esou dacks spillt d’Musek an de soziale Medien. Zum Beispill op Whatsapp. Do kritt een am Text, Bild an Toun virgefouert, wéi desastréis d’Situatioun op der stater Gare ass: Junkies drop an derwidder, d’Sprëtzen leien an de Virgäertercher oder an de Garagenentréeën, gedealt gëtt quasi iwwerall an der Ëffentlechkeet. Et gëtt sech geiergert, datt d’Garer Leit vun de Politiker hänke gelooss goufen: virun de Wahlen vill gebraddelt a versprach, no de Wahlen, näischt méi!

D’Police ass zwar aktiv, ma huet grad ewéi d’Awunner déck de Kéis. Si huele mol hei an do Leit fest, kutschéieren se bei den Untersuchungsriichter, deen da méi ewéi eng Kéier zu der Konklusioun kënnt. fir Fütilitéiten huet d’Justiz keng Leit a keng Zäit. D’Handschelle gi séier nees opogemaach Duerch esou änlech Aussoen riskéiert d’Justiz déi nächst Wochen a Méint d’Kritik voll an d’Gladder ze kréien.

Esou schreiwt an deem Grupp oop Whatsapp eng Persoun mam Numm P. Reisdorff:

Le 13 septembre 2021, le ministre de la Justice de l’époque déclarait sur RTL : « Je ne peux pas laisser dire que la justice ne fait pas son travail. »
Aujourd’hui, de nombreux policiers ont été embauchés et formés (et certains s’en vantent) et puis, tout d’un coup, la procureur générale d’Etat dit : « Parce qu’on manque de personnel, vu qu’on manque d’enquêteurs, on ne peut enquêter sur et instruire uniquement les affaires importantes ou majeures. La justice ne peut pas s’occuper de futilités… ». Et encore : « Si le pouvoir judiciaire avait suffisamment de juges, il nous manque des salles d’audiences… et vice-versa. Voilà le résumé. » 
An anere Wieder: d’Justiz wier komplett iwwerfuerdert! Dat kann ee jo ëmmer mol behaapten, besonnesch wann een als Procureur um Sprong ass fir an d’Pensioun. Virun 2 Joer hat d’Land 283 Riichter, dovunner 50 op der Cour supérieure, 20 fir de Parquet général an 173 op den Arrondissementsgeriichter. Trotzdeem! Et schéngt sech zu dësem Ablack keen ëm eng Plaz als Riichter(in) ze räissen: 32 Plaze stinn nach ëmmer op! Do muss sech d’Magistratur selwer hir Froe stellen…
Et héiert een, datt d’Stëmmung am Justiz-Apparat net sonnerlech gutt wier, woubäi et een Ënnerscheed gëtt vun Departement zu Departement. Vun deenen enge kritt een ze verlauschteren, datt een sech a senger Aarbecht net eescht geholl fillt; vun deenen aneren heescht et, den neie President vun der Cour Supérieure, Thierry Hoscheit, wier e Sklavendreiwer a géing ewéi de Beelzebub d’Riichter duerch d’Dossiere joen; nach anerer bekloen sech iwwer d’Pai an déi schéngen déi mannste Suergen ze hunn, well eng Partie Magistrater hunn eng méi déck Pai ewéi hire Justizminister. Deene meeschte geet et esou schlecht net.
Et erënnert mech e bësselchen un déi Zäit, wou de Luc Frieden als deemolege Ressortminister wollt un de Schoulvakanzen am Justizapparat fréckele goen. Wat war dat en Opstand!! An d’Situatioun gouf zanterhier net besser: esou bal e Politiker no baussen och nëmmen e Soupçon u Kritik um schwéierfällegen Justizapparat äussert, kënnt wéi aus dem Maschinnegewier de Virworf, d’Politik géing sech an den drëtte Pouvoir amëschen. Séparatioin des pouvoirs ass dann dat magescht Wuert, fir weider kënnen a sengem Elfenbeintuerm ze iwwerliewen. Wat komplette Blödsinn ass!
Schliisslech ass de Minister Chef iwwer säin Departement. Hie setzt de Kader fir datt de Justizapparat ka fonctionéieren. Ass dat net de Fall, ass et seng politesch Flicht, anzegräifen. Doriwwer an nach méi ka jo da geschwat ginn, wann den Aarbechtsgrupp zesummekënnt, deen déi stater Buergermeeschtesch an hirem Bréif un de Staatsminister fuerdert; et ass jo unzehuelen, datt si sech am Virfeld – also virum Bréif- mam Premier ofgeschwat huet sou datt dat elo net méi all ze laang wäert daueren. De Quartier Gare hätt et verdéngt.
Schonn ënner Gambia hätt méi musse geschéien ewéi just déi leedeg Diskussioun vum Policeminister Henri Kox iwwer e subjektiivt Onsécherheetsgefill vum Bierger! Iwwregens: an där Zäit vun der Dräierkoalitioun -ëmmerhin 10 Joer!- war d’Lydie Polfer net esou beflass, fir de Staatsminister selwer mat an d’Boot ze huelen…..

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *