Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Featured

Wiessel vun de Generatiounen! A séier! 

Wiessel vun de Generatiounen! A séier!
Photo de Pixabay: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/grand-mere-et-grand-pere-tenant-l-enfant-sur-leurs-genoux-302083/

Net genuch datt et op der Welt zwee gehéiereg Kricher gëtt, déi westlech Gesellschaft gëtt vun allméigleche Stréimungen duerchgerëselt: Wokismus, LGBTQ+, Universalismus, Multikulturismus, Décolonialismus, national Identitéit, inklusiv Sprooch asw. Eng Partie vun hinne plädéiere ganz populistesch fir den totalen Egalitarismus: mir sinn all gläich, wëll heeschen, mir hunn all deen nämmlechte Stellewäert an der Gesellschaft. A well et méi einfach ass, beim Mann Buuschten a Stoppelen ewechzeraséieren ewéi bei der Fra Hoer bäizesetzen, ass – ganz am Sënn vun der Paritéit vun de Geschlechter- d’Generatioun vun der Total-Epilatioun. entstanen. An déi muss sech elo dru ginn, well déi nächst Generatioun dréckt schonn hannendru an déi dréit -laut der internationaler Press- nees Bësch tëscht de Been. E puer Joer muss dës Welt sech allerdéngs nach gedëllegen.

Eigentlech erënneren dës Leit een un d’Jesus-Kanner. Alles ass gutt, jiddereen ass schéin. Si sinn d’Gutmenschen par excellence, jiddereen fir sech e bësselchen de Spriecher vum Messias. Wat mat sech bréngt, datt een net kann, net däerf widderspriechen…”que nous sommes prisonniers des dogmes de la pensée positive….”, schreift am l’EXPRESS d’Philosophin Julia de Funès. E Bierger, deen déi Saach méi kritesch gesäit, gëtt an de reaktionären Eck gestallt, dee Bierger deen esou Gedanken probéiert,ze hannerfroen, ass d’Intoleranz a Persoun! Eng Chape de plomb, une sorte de pensée définitive qui étouffe les  opinions. De Bierger seet léiwer näischt méi an der Ëffentlechkeet, a wann, da seet hien déi nämmlecht Wieder ewéi all déi aner.

Dës gesellschaftlech Entwécklung koum net vun engem Dag op deen aneren. Si huet sech lues a lues breet gemaach. Esou huet schonn viru 25 Joer RTL an enger Annonce am Lëtzebuerger Wort keng Botzfra méi gesicht, ma eng  technicienne de surfaces. Botzfra héiert sech esou eekeleg un, esou ofwäertend. E puer Su méi an der Pai hätten der Fra deemools wuel besser gedoen ewéi dat Jongléieren mat de Buschtawen. Anert Beispill: aus Personalbureau goufen an där Zäit d’ressources humaines , an d’Gutmenschen setzen haut nach eng drop: si schwätze vum Bureau vun den Talenter, vun de richesses humaines.

Jiddereen huet Talenter op seng Manéier. An anere Wieder: kee brauch sech op der Aarbecht oder am Privatliewen drun ze ginn. Talent geet duer. Deen een huet Talent fir richteg unzerappen, deen aneren léisst d’Muskelen éischter am Näischt-Maache spillen. Jidderengem Säint, seng him ugebuere Capacitéiten. Egalitarismus op der ganzer Ligne. Wien dat och nëmmen ëm en Dibbelchen a Fro stellt, gehéiert an de reaktionären Eck. Differenzéiert Denken ass onerwënscht. Positiv denken, wannechgelift!

D’Paritéit tëscht Mann a Fra ass e gutt Beispill. Jidder raisonabele Mënsch erkläert sech domadder zu 100 Prozent averstanen, an nawell kann een déi verschidde Gesetzer an deem Kontext hannerfroen. Wien awer mécht dat schonn? Als Mann gëtt een direkt als Macho disqualifizéiert, op d’mannst kritt een onhéiflech ze verstoen, datt ee seng Fanger soll dervunner loossen.

Paritéit tëscht de Geschlechter am Sport? Gëtt et net. Trotzdeem kann ee sech d’Fro stellen, ob et richteg ass, de Mann als Norm ze huelen. Firwat muss eng Fra deen nämmlechte Marathon vun 42,195 km lafen ewéi de Mann, wou si dach an der Reegel meeschtens méi kleng ass ewéi hien a wou si mat Sécherheet net déi nämmlecht Muskulatur huet? Si muss sech also vill méi ustrengen a kann dowéinst eescht krank ginn. Am Ausland fänken Dokter an och Dokteschen(!) un, doriwwer nozedenken. An ëmmer méi Klinicken gëtt et en Departement eleng fir Fraespezifesch Krankheetsbiller.

Net nëmmen d’Generatioun vun der Total-Epilatioun deet sech schwéier mat esou Iwwerleeungen, och déi vun de Baby-Boomers: viru 40 Joer sinn déi jonk Fraen massiv op den Aarbechtsmaart gestouss, an d’Gläichbehandlung vun der Fra an der Gesellschaft gouf lues a lues zur Normalitéit. Déi Gläichbehandlung vun der Fra an der Gesellschaft soll op kee Fall a Fro gestallt ginn, par contre gewëssen intellektuell Gewunnechten. De Spillraum dofir ass allerdéngs extreem enk, Diskussiounen sinn net zougelooss. De Generatiounewiessel kann einfach net séier genuch kommen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *