Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

En nervöse Staatsminister an der Zwéckmillchen 

En nervöse Staatsminister an der Zwéckmillchen
Image par ptra de Pixabay

well Lëtzebuerg de Buttek net ganz zougespaart huet, gëtt an der Lescht reegelméisseg de Verglach mat Schweden gemaach. Dat kann een effektiv esou gëlle loossen, awer just zum Deel, well wéi ëmmer hänkt et dovunner of, wat een mat wat vergläicht. Schweden gëtt gären an d’Vitrinn gestallt vun deenen, déi d’Pandemie méi relax uginn, respektiv déi der Meenung sinn, datt mat de Restriktiounen iwwerdriwwe gëtt. Ma grad dat Land ass am gaangen, eng Kéier ze maachen.

Schweden tatsächlech e Musterschüler?  Firwat sinn d’Leit dann am Fréijoer an den Alters- a Pflegeheemer esou massiv gestuerwen?! A virwat goufen duerno déi Heemer esou laang vun der Aussewelt ofgeschnidden, op eng Manéier, wou de Besuch bei Boma a Bopi bis viru Kuerzem quasi onméiglech war?! Schweden goung en anere Wee, an der Haaptsaach aus zwee Grënn:

  1. D’Land ass traurege Champion an den Depressiounen an an de Selbstmorden. Am Summer vergësst d’Sonn ënnerzegoen, am Wanter weist si sech just fir e puer Stënnercher. Dohier kënnt dee massive Stroumverbrauch, deen d’Gretha bis ewell ni ugeschwat huet, et pour cause! An esou engem Land ass et net ze denken, d’Awunner mat staarken Restriktiounen ze ploen.
  2. Schweden ass bekannt als räicht Land mat enger gutt entwéckelter Industrie. Dee Räich -tum gëllt et ze verdeedegen, wat awer bei enger klenger Populatioun vun 10 Millioune Leit méi komplizéiert ass, wéi an engem Land ewéi Däitschland. Schweden wollt seng Ekonomie net ze vill belaaschten, fir net säi weltbekannte Sozialstaat a Gefor ze bréngen.

An et ass op deem zweete Punkt wou d’Situatoun änlech am Grand-Duché ass. Ee weidere komplette lockdown ass keng politesch a wirtschaftlech Optioun.

“…Deementspriechend opgedréit war gëschter de Staatsminister!…”

déi éischt 10 Minutten waren en Husarenritt, de Premier huet geschwat wéi e Waasserfall, sech dobäi dacks verplappert, sech erëmgeholl, Wieder 2-3 mol gesot, vill gestikuléiert. Dorunner, an un der Mimik konnt ee feststellen, datt den Drock op seng Persoun an de leschten Deeg a Wochen muss enorm gewiescht sinn. De Xavier Bettel souzesoen tëscht Hummer an Amboss. Engersäits d’Wirtschaftskreesser mam Moto: looss et rullen, anerersäits d’Gesondheetsministesch mat Dokter a Spideeler am Genéck a mam mot d’ordre: zéi d’Noutbrems!

Eraus komm ass eng Gaalgefrist! De Premier wëll den HORECA-Secteur net liichtfankeg zouspären. Dat ass him héich unzerechnen, an awer muss hien sech de Virworf gefale loossen, datt dat alles méi no pilotage à vue ausgesäit, ewéi no engem kontrolléierten Regéieren vum Land.

D’Oppositioun um Krautmaart hat sech e lockdown schonn fir éischter virgestallt, fir datt d’Land sech a Rou kéint op d’Chrëschtdags- oder Wanterbeemerchesfest preparéieren. Et goung een dervunner aus, datt d’Ukënnegungen hätte solle gëschter kommen. Dat war net de Fall, a wann dach, dann éischter hallefhäerzeg. D’Gastronomie däerf mol nach 5 Deeg schaffen. Sollten d’Zuelen bannent deene puer Deeg net signifikativ zeréckgoen, muss alles ganz schëtzeg goen: schonn en Dënschdeg, spéitstens e Mëttwoch déi aner Woch wäre Bistro a Restaurant zou.

Dat ass ee Punkt, dee vun den HORECA-Vertrieder ugeprangert gëtt: wéi vill Fleesch, Fësch, Geméis kann/soll een dann nach aleeën?! Wat iwwer de Week-end net zervéiert gëtt, misst ënner Ëmstänn d’Woch drop ewech gehäit ginn. De Mini-lockdown soll jo mol bis de 15. Dezember gëllen. Wéi gesäit et fir duerno aus, iwwer déi Chrëschtdeeg? Eng Partie Restaurant hunn do normalerweis zou, fir anerer par contre ass et de Karschnatz vum Joer! Wat kann de Patron do sengen Ugestellte soen? Wat ass muer net méi wouer vun deem, wat haut gesot gëtt?

Och dat hänkt vun der Entwécklung of vun den Zuelen. Kloer! Grad dowéinst wier et esou wichteg gewiescht, de lockdown 2-3 Wochen éischter ze maachen. Ma ugeholl, d’Zuelen ginn effektiv fatzeg erof. Dann decidéiert d’Regierung e Méindeg, 23. November keng weider Restriktiounen. A wat geschitt, wann d’Zuelen Ugangs Dezember nees grad esou fatzeg eropginn?

An iwwerhaapt: wat geschitt an der Silvesternuecht? Déi fält mat Sécherheet net esou roueg aus wéi Hellegerowend, dausende Leit – an der Haaptsaach Jugendlecher- wäerten och ouni Freedefeier an hoffentlech friddlech op de Stroossen an d’Neit-Joer eran danzen. Mä, do hunn ech eng Fro opgeworf, un déi sech bis ewell nach kee Land erugetraut huet…..

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *