Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

André Kemmer: SREL huet ë.a. 3 Attentater verhënnert! An elo Fousspanzkullang fir de Frank Schneider? 

André Kemmer: SREL huet ë.a. 3 Attentater verhënnert! An elo Fousspanzkullang fir de Frank Schneider?

De Frank Schneider ass bekanntlech um Punkt, vun de Fransousen un d’USA ausgeliwwert ze ginn. Dobäi as hie Lëtzebuerger an de Grand-Duché liwwert seng Bierger net un déi amerikanesch Justiz aus. De fréiere Chef vum Geheimdéngscht wier also eng Ausnam an e Prezedenzfall!

Juristesch bleift him keng eenzeg Patroun méi zanter dem Verdikt vum franséische Cassatiounsgeriicht. Hien ass komplett op de gudde Wëllen vun der Politik ugewisen. De Premier Xavier Bettel ass souzesoen himm säi Sécherheetsnetz, wann, jo wann hien da bereet wier, fir hien anzesprangen, den Telefon an de Grapp ze huelen an dem franséische Staatspresident Emmanuel Macron unzeruffen.

An engem viregten Interview mam Marc Thoma hat de fréieren Operatiounschef vum lëtzebuerger Geheimdéngscht reegelrecht ëm déi Hëllef gebiedelt, hie goung verbal virum Staatsminister op d’Knéien. Ech hunn de Regierungschef doropperhinn per mail kontaktéiert, krut allerdéngs bis haut keng Äntwert.

Den André Kemmer ass och esou e fréieren SREL-Mataarbechter. Fréier, well hie gouf wéinst der berüchtegter Aueregeschicht viru bal 10 Joer administrativ suspendéiert. An dee Kemmer setzt sech vehement fir säi fréieren Aarbechtskolleeg an. Virun e puer Wochen an engem Statement, dat hien an de soziale Medien verbreet huet.https://bit.ly/3sK2zKu, an och an engem neien Interview mam Marc Thoma hëlt hien kee Blat virun de Mond.

Déi groussherzoglech Press kann een an dësem Fall vergiessen. An der Tëschenzäit kënnt allerdéngs Beweegung op ënnert dem Vollek. Ëmmer méi Leit iergeren sech, datt dem Frank Schneider net gehollef gëtt, et gouf esou guer eng ëffentlech Petitioun op de Wee geschéckt….

gk online

 

De Frank Schneider – deem ech berufflech een oder zweemol iwwer de Wee gelaf sinn-, soll wuelverstanen keng Extra-Wurscht gebrode kréien, ma hie soll endlech esou behandelt ginn wéi jidder normale Bierger zu Lëtzebuerg. NET un d’USA ausgeliwwert ginn, säi Prozess am Grand-Duché gemaach kréien! Ass dat ze vill verlaangt?

Mä lauschtere mir eis den Interview vum Marc Thoma mam André Kemmer un, e Gespréich, datt een och op apart tv ka lauschteren, op Youtube an dann elo och hei:

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Dat trauerspill an der causa Schneider geet weider.
    De premier pendelt fir privataudienzen zweschen Roum,der ukrain a kanada an d press souwei de bausseminister ergoetzen sech a belanglosen kommentaren zu den haeren bolsonaro,netanyahu oder erdogan.
    Nemmen neischt zur persoun Frank Schneider soen…dat kennt jo an enger ambassade ennen um Lampertsbierg unecken.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *