Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

D’Sozialisten hunn elo schonn Gambia III diskret begruewen 

D’Sozialisten hunn elo schonn Gambia III diskret begruewen
Le Quotidien

 

Mir hunn e Wahljoer ugefaangen. Fir d’éischt wiele mir kommunal, dann national. Et misst also e Joer sinn, wou de Bierger vill ze soen huet, vill kann decidéieren. Normalerweis misst et e Joer sinn, wou d’Politik dem Mann/Fra/* vun der Strooss nolauschtert, e Joer wou keng grouss politesch Projeten entaméiert ginn, aus Angscht, beim Wieler unzëecken a sech parteipolitesch onbeléift ze maachen. Et versteet een also den Opruff vum Staatsminister, d’Gambia-Familljen net vum Wahlféiwer ustiechen ze loossen.

Et war zugläich en Opruff un de roude Koalitiounspartner, sech wannechgelift zeréckzehalen. Well de Premier hat am Neijoerschinterview zugläich e Rappel à l’ordre gemaach un d’Adress vun de Sozen: eng Steierreform ass onméiglech ouni deen néidegen budgetären, also finanzielle Spillraum! Message un d’Genossen: haalt op mat de Féiss ze schären a stellt Iech zeréck an d’Rei! Dat huet den Dan Kersch op de Plang geruff, deen a senger Retourkutsch gemengt huet, d’Prestatioun vum Premier wier net grad déi grouss Konscht gewiescht!

Op engem Punkt muss een him Recht ginn. Eng ondifferenzéiert Steierreform, wéi d’DP se versprach hat, wier senger Meenung no vun Ufank un net méiglech gewiescht, och net ouni Pandemie an Krich. An Aussiicht -versprach?- gestallt gi war jo, datt ënner dem Stréch keen eppes manner am Portmonni gehat hätt. Also souzesoen eng Reform zum Null-Tarif fir d’Regierung. Wär dat méiglech, kéint d’Regierung déi Reform duerchaus zu dësem Abléck duerchzéien, well si jo näischt déit kaschten.

Déi Rhetorik weist awer dach e gewëssene Frust beim Kersch, deen zwee Joer laang Vizepremier vun der Regierung war an elo als Deputéierten probéiert, seng Partei aus der politescher Mëtt erauszehuelen a méi op lénks ze driften. Domadder gëtt Gambia quasi ausgeschloss, well eng DP gëtt eens mat enger Partei déi grad ewéi si selwer sech vun der Wielerschaft aus der Mëttelschicht erniert, net awer mat enger Partei déi permanent probéiert, mat engem Corner vu lénks ze markéieren. Kommen zum Beispill no der Steierreform d’Sozialisten mat enger Propose vun Ierfschaftssteier? Soll d’Aarbechtswoch vun de 36 Stonnen tatsächlech agefouert ginn?

Grad dat sinn zwou Froen déi treffen déi liberal Wielerschaft an d’Muerch! Bei där enger sinn et räich Elteren, bei där anerer Patronen. De Xavier Bettel kann sech et net leeschten, op esou Wieler ze verzichten. Schonn guer net, wou hien wëlles huet, Premier ze bleiwen. Eng drëtt Editioun vu Gambia ass awer nëmmen dann méiglech, wann déi dräi Parteien eisern zesummen halen, wou all Partei bereet ass, op Deeler vun hire Positiounen, Fuerderungen ze verzichten fir weider mam Jabel ze kommen.

Dat awer ass den Ament mam Getroters a mam Getwitters vum Dan Kersch nëmme schwéier méiglech. An esou amuséiert sech d’CSV aus dem Oppositiounseck. Et kéint een sech a Krisenzäiten keng Regierung leeschten, déi zerstridden ass.

gkonline

 

D’Äntwert vum Kersch weist, datt hien net zu deene LSAP-Memberen ze zielen ass, déi bereet wieren mat der CSV an eng Koalitioun ze goen. Wat dann elo, Här Kersch? Mengt Dir wierklech an 8 Méint stäerkste politesch Kraaft am Land ze sinn an deenen aneren kënnen ze diktéieren, wou de Bock d’Lach huet, datt kee Wee laanscht d’LSAP féiert, fir déi nächst Koalitioun opzesetzen? Gott, pardon, Marx mat Iech, datt Dir Iech do alt net selwer an de Fanger schneid! Ma um Schengenerhaff gouf eis allemol e rout Joer an Aussiicht gestallt.

“…D’Hoffnung heescht Paulette!…”

D’Gesondheetsministesch huet ugekënnegt, prett ze sinn fir d’Spëtzekandidatur a si géing dat maachen, net am Bezierk Zentrum, ma am Osten vum Land, souzesoen op hirer eegener Mëscht. Domadder bréngt si der Partei zwar manner Stëmmen, ass sech allerdéngs sécher, en Top Score erauszeschloen. An et ass virun allem parteipolitesche Kalküll! Mat deem excellente Score deen hir wéi gesot sécher ass, kënnen d’Genossen am Osten e Sëtz bäikréien, an et ass d’CSV déi em hiren drëtte Sëtz baange muss. Bis dohinner geet d’Rechnung op.

Op nationalem Plang gëtt allerdéngs eng aner Gei gespillt, do kënnt dee lokale Colorit, eng Zort lokale Patriotismus nëmme wéineg zum Droen. D’Lat gëtt méi héich geluecht, zum Beispill mat der Fro, mat wéi enge Parteien bestinn Koalitiounsméiglechkeeten? Esou wéi d’Sozen den Ament ënnerwee sinn- och mat engem Rapprochement zum OGBL-, op kee Fall mat der DP a mat der CSV. Bleiwen nach déi Gréng, d’Gauche an d’Piraten.

Den Dan Kersch huet sech an de leschte Wochen wäit zur Fënster erausgeluecht, esou wäit, datt hien an 10 Méint wärend eventuelle Koalitiounsgespréicher net ka soen: wat interesséiert mech mäi Gebabbels vu gëschter! D’LASEP mécht den nämmlechte Feeler ewéi d’CSV viru 5 Joer, si vertraut ze vill engem Sondage. Erënnere mir drun, datt am Süden den Alex Bodry net méi matgeet, dee viru 5 Joer nach op der véierter Plaz gelant war. Den Asselborn wäert seng Problemer hunn, säi leschte Score vu 40.000 Stëmmen kënnen ze halen; idem de Mars di Bartolomeo mat sengen 27.000.

Am Osten keen Nicolas Schmit mat 5600, am Zentrum keen Etienne Schneider mat 17.000, am Norden keen Romain Schneider mat iwwer 12.000 Stëmmen. Do fänkt d’Loft un dënn ze ginn, ëmsou méi wou d’Genossen 2018 hiert schlechtste Resultat aus der Nokrichszäit ergattert haten, nämlech ganzer 10 Mandater!

Zoufall oder net? D’Paulette hat zu Schengen de Mikro knapp néiergeluecht, dunn hat ech den Dag drop e Reklammeblietchen vun der LASEP an der Bréifkëscht. Zäit fir eng staark sozial Demokratie. Eng Zeitenwende? E bësselche Scholz ass am Message duerchaus erëmzefannen:…fir datt an dësen onsécheren Zäiten keen op der Streck bleift… A Punkto Gesondheetssystem gëtt sech – wien wonnert et?- op d’Schëller geklappt wat d’Covid-19-Kris betrëfft. Fir de Rescht soll d’Santé op muer virbereet ginn. Eigentlech haten d’Sozialisten dofir elo 24 Joer Zäit, oder?

De Logement däerf a kengem Parteiprogramm feelen. Fett gedréckt gëtt drun erënnert, dat 0,5% vun der Bevëlkerung 50% vum bebaubaren Terrain besëtzen. D’Inneministesch Taina Bofferding gëtt op d’Front geschéckt, fir géint déi systematesch Spekulatioun op Terrainen an de Krich ze zéien.

Steieren: all d’Paien ginn bis zu 11.600€ de Mount zolidd entlaascht. Héiert sech verdammt gutt un. Dofir ginn Groussverdénger zur Oder gelooss. Fir déi mat engem Akommes vun 300.000 Euro ass eng Steiertranche vun 48% virgesinn, fir déi bis zu enger hallwer Millioun wieren et 49 Prozent. Den Ament sinn et 42 Prozent bei engem Akommes iwwer 200.004€. Villäicht un der Zäit fir déi Déck, d’Land ze verloossen?

Dann nach erausgepickt zwou Zeechnungen, Genre Franz Fayot: op där enger, alles gro, knaschteg Industrie, 7 Autoen dämpen hiren Dreck eraus, vu Mënschen keng Spuer. Déi aner schéin fuerweg, vill Gréngs, Kéiventilateuren, e schéine rouden Auto, dräi Vëlo a jiddereen kuckt glécklech dran. Also wierklech Zeitenwende ënnert der Fieder vun deene Rouden?

D’Genossen hunn allemol ugefaangen, sech gedanklech an och inhaltlech aus Gambia eraus ze katapultéieren. Wou d’Rees si soll hiféieren, ass ongewëss. De Premier – virun engem knappe Mount nach op den Hausseegen konzentréiert- fänkt un, de Spunnes mat hinnen ze dreiwen. Beispill: den Neijoerschpatt vun der FEDIL, also der Industrielle-Federatioun.

Dat ass fir vill Politiker esou eppes ewéi eng Houmass, laanscht déi een net kënnt, besonnesch natierlech fir déi, déi mat Wirtschaft ze dinn hunn. An de Franz Fayot war net do. De Xavier Bettel sot: “Il est ailleurs”. Huet sech unhéieren: wéi an de Wolleken. Hilarité générale ënnert deenen puer honnert Gäscht. Kuerz drop. Ah!Oui, il est en Costa Rica”. Nach eemol Hilarité. Villäicht grad esou gutt, datt de Wirtschaftsminister net do war, well hien hätt zimmlech plakeg do gestanen. De Bettel huet nämlech déi kleng lëtzebuerger Welt wësse gedoen, datt d’36-Stonnewoch net an d’Tut kënnt. Uff! Vill Invité hunn herno an e Canapé gebass an dobäi dem Fayot säi Comic Strip mat sengen Zukunftsvisiounen zerbass. An der Industrie an och am Bankesecteur ass de Minister duerch de Kuerf. Wou bleiwen do déi politesch, virun allem wirtschaftlech Kompetenzen?

Villäicht awer och huelen ech d’Politik ze vill eescht. Ëmmerhin hunn 9 Parteien en Ofkommes ënnerschriwwen, wat de Verlaf vun den zwou Wahlcampagnen betrëfft. Ech zitéieren den Text op RTL.Lu: “Dem Akkord no ginn d’Campagnë fir d’Gemengewahle 4 Woche virum Wahlsonndeg un. Bei de Chamberwahlen ass et 5 Woche virdrun. D’Parteien an d’Kandidate verzichten an där Zäit op perséinlech Beleidegungen an Diffamatioun.

E lëschtegt Vollek, déi Politiker! Si hu wuel eng aner Definitioun vu “Wochen”….

Related posts

1 Comment

  1. Frank Bertemes

    ‘t schéngt mir zwar net esou ze sinn, datt d’Sozen sech elo schonn aus där Koalitioun zréckgezunn hunn – déi loossen sech do schonn eng Hannerdier op. Dat besonnësch mat enger Spëtzekandidatin, déi mat Sécherheet (well “sozialistësch” total onverdächteg – mir si jo elo offen “sozialdemokratësch”) absolut “kompromissfäheg” wäert sinn an och anerer hannendrunn, déi hir Ministëschposten net aus politëschem “S” Prinzip sécherlech sou einfach a kampflos verloossen. Sécherlech huet d’LSAP elo ee Virdeel,besonnësch well d’CSV (an do soen der vill “déi sinn elo erleedegt”) sech selwer mat engem héich diskutable Spëtzekandidat Frieden e Bärendéngscht erwisen huet -‘t ass effektiv scho bal lächerlech an enger “sozialer” (a “chrëschtlech” war geschter) Partei indigne esou ee Mann, deen erwisenermoossen ee Mann vum Kapital ass, elo – an esou batteren Zäiten – als Spëtzekandidat ze proposéieren – si hu jo nach Zäit, sech selwer dee Misère z’erspueren. Polit-Harakiri ouni Kalkül? ‘t mengt ee bal, déi Leit hätten de Verstand verluer a si hätten tatsächlech soss keen…(?!) Wat elo d’LSAP ugeet, sou hunn se mam Dan Kersch ee Mann fir dat lénkt Image no baussen, ass awer absolut “realpolitësch” eng Partei vun der Mëtt, wou sech all déi etabléiert Parteien selwer gesinn an erëmtummelen – do deet ee bekanntlech kengem wéi an ‘t ass ee fir alles op. Sou Leit vun enger LSAP vu gëschter si gutt fir d’Gesiicht no baussen – a fir eng iergendwéi nach acceptabel Relatiiun mat de Gewerkschaften- intern gruewe mir s’awer an (fräi nom Herbert Grönemeyer sengem Song iwwer d’C-Parteien : “Wir geben uns unverbindlich “christlich” – fir d’LSAP ëmgewandelt: unverbindlich “sozialistisch”- an dat liest sech haut – realpolitësch ugepasst – “sozialdemokratisch”…Ob dat awer keng Wielerstëmme kascht, dat sollen d’LSAP-Sozialdemokraten, déi jo op hirer Neijoers-Walparty gemaach hunn, wéi wann hei guer näischt besonnësches u grave Problemer wär – trotz “Paulette” – Euphorie nach ganz gutt iwwerleeën…Déi Partei ass nach laang net do, wou si sech selwer gesäit an ëmmer méi Leit gesinn dat och esou!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *