Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

RTL: Alas Leoni dedit 

RTL: Alas Leoni dedit
Aloyse Anen Fils, photographe de la Cour, rue Beaumont 28, Luxemburg;

Déi lescht Deeg huet RTL d’Rubrik “Mir iwwer eis” opgeschloen am Kader vum sougenannte Prozess Lunghi. Niveau: zimmlech bas de gamme. Interne Beschass no baussen! En äusserst ongesonde Prozess. Dobäi kann ech déi Ugekloten duerchaus verstoen. Fir d’Situatioun aus hirer Siicht ze beliichten, fir sech ze justifiéieren a sech ze verdeedegen, waren si ze soe gezwongen aus den Interna vun der RTL-Redaktiounsstuff ze poteren.

Bei Verschiddenen hunn d’Emotiounen héich gekacht a si hunn et lafe gelooss. D’Bild no baussen: een ass deem aneren säin Däiwel! Net gutt dat doten. An déi gëfteg Atmosphär wäert nohalteg sinn. Et gesäit duerno aus wéi wann e bësselchen Aarbecht op de CEO Christophe Goossens duerkéim!

Och Radio Lëtzebuerg ass wéi an enger Schock-Starre. Den 8. Oktober ware Chamberwahlen a bis den 20. Oktober – also 12 Deeg duerno- keen eenzege Commentaire dozou vun engem Journalist. Just eppes Ironesches iwwer den CSV-Wahlprogramm. Dobäi hätt spéitstens den Dag no de Wahlen de Chefredakter missen zur Fieder gräifen, den Ofgesang vun de Grénge musse kommentéieren, d’Wäiwaasserdëppchen eraushuele fir den Doud vu Gambia, de Genosse mussen Äddi a Merci soen, dem Xavier Bettel  bonne Chance als Vizepremier wënschen, dem “neie Luc” an d’Gewësse rieden als “neie PM” asw.

De Chef awer huet et just fäerdeg bruecht, um Wahlowend selwer, géint 19 Auer 15 – also zu engem Ablack wou d’Wierfele gréisstendeels gefall waren- nach vun engem méigleche Sëtz fir d’Partei vum Frank Engel ze dreemen. Am Fokus waren deen Ament scho längstens déi Gréng déi vun de Wieler carrement deziméiert gi waren an domadder Gambia III zu Graf gedroen haten. Am Fokus also de Regierungswiessel, ma bis Freides den 20. Oktober keng Zeil doriwwer an de Commentairen.

D’CSV ass wuel bei wäitem stäerkste Partei ma koum nëmmen an d’Regierung well déi Gréng esou staark verluer hunn! Et ass duerchaus aussergewéinlech, wat do den 8. Oktober geschitt ass. Wir müssen reden! seet an esou engem Fall d’Maybrit Illner um ZDF. Bei RTL zéien se Kapp an an de Schwanz bäi.

Radio Lëtzebuerg war ëmmer e politesche Sender, bedéngt schonn nëmmen eleng well d’Statioun am Kanal 18 esou massiv vun de Lëtzebuerger gelauschtert gouf. Deen Impakt huet an der Lescht ofgeholl – ë.a. duerch d’sozial Medien-, ma nawell räissen sech d’Politiker drëm, op de Kierchbierg invitéiert ze ginn. Wann een awer elo d’Rubrik vun de Commentaire kuckt, kënnt een zur Konklusioun: et waren iwwerhaapt keng Wahlen! Fir RTL just e Fake?

Grad de Radio ass e flott Instrument fir de Leit politesch Informatiounen ze ginn, d’Politik ze erklären an e liewege Meenungsaustausch ze féieren. De Radio geet an d’Ouer, bleift am Kapp! Keen awer fillt sech méi dozou beruff. Ass et well déi Gréng an déi Rout an d’Oppositioun geschéckt goufen? Et gesäit tatsächlech no engem ganze Batz Aarbecht fir de CEO aus, deen endlech misst säin e bësselche Courage an de Grapp huelen. Eleng d’Exspektative fir an 8 Joer ënner dem finanzielle Prabbeli vum Staat ze stoen, kann dach net elo schonn esou midd maachen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *