Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Krich am Noen Osten: en éischte grousse Flopp vun de Medien! 

Krich am Noen Osten: en éischte grousse Flopp vun de Medien!
Bild von Amber Clay auf Pixabay

Evirechten Dënschdeg hunn d’Medien drop an derwidder gepusht. Et goung ëm de Krich am Noen-Osten, mat enger Explosioun an engem Spidol. Informatiounsquelle vun der Hamas hunn Israel fir den Doud vu 500 Persoune responsabel gemaach. Detailer waren nach keng gewosst an awer hu sech ausgerechent esou grouss a renomméiert Medien wéi d’BBC, CNN, New-York Times zu tendenziéise Pushen hiräisse gelooss. E krasse Feeler!

Esou hat d’BBC geschriwwen: Honnerte Mënschen wiere laut palestinensesche Responsabelen ëm d’Liewe komm oder blesséiert ginn bei engem israeeleschen Iwwerfall op e Spidol an der Gaza-Sträif.

CNN: Honnerte Mënsche kéinten bei enger israeelescher Attack op eng Klinik an der Stad vu Gaza ëmkomm sinn, seet de palestinensesche Gesondheetsministère.

An d’New-York Times: Op d’mannst 500 Persounen hunn hiert Liewen an enger israeelescher Flijerattack op e Spidol am Gaza gelooss, huet de palestinensesche Gesondheetsministère deklaréiert.

Bild von Mahesh Patel auf Pixabay

Et gouf sech also exklusiv op d’Palestinenser als Informatiounsquell beruff. Waren se wouer oder net? Et goufen allemol keng zousätzlech Recherche gemaach. Dobäi hu sech déi dräi Alerten gelies ewéi eng Uschëllegung: Honnerten Affer, an d’Israeeli ware wuel Schold! Palestinensesch Quelle kënnen natierlech grad esou glafwierdeg sinn ewéi israeelescher, ma d’Autoritéiten an der Gaza-Sträif si kontrolléiert vun der HAMAS, vun enger islamistescher Organisatioun déi virdrun 1400 israeelesch Zivilisten ëmbruecht huet.

Pushen vun esou renoméierte Medie provozéieren automatesch eng Lawin vu Konsequenzen. Kleng Zeitungen oder Radiostatiounen beruffen sech an der Haaptsaach op Presseagencen (afp, dpa, reuters asw) an awer och op d’BBC oder CNN. Dat heescht: 1 Push vu BBC kann a Krichszäiten Milliounen aner Pushen matsechbréngen. Esou ass et net verwonnerlech, datt direkt no dësem Push de Kinnek vu Jordanien e Gespréich mam US President ofgesot huet, an datt kuerz drop an Däitschland zwee Onbekannter Molotow-Cocktailer op eng Synagog zu Berlin geschmass hunn.

En eenzege Push kann also enorm Auswierkungen hunn! 10 Deeg duerno wësse mir et besser. Ech zitéieren aus dem L’Express: “Israël a publié des enregistrements crédibles d’agents du Hamas évoquant l’explosion comme étant le tir erroné d’une roquette du Djihad islamique. Au lever du jour, de nouvelles photos du site ont montré un très petit cratère correspondant davantage à un projectile palestinien mal tiré qu’à un missile israélien. Il semblait même douteux que le missile ait directement touché l’hôpital.

10 Deeg méi spéit ass et quasi erwisen, datt d’Medien sech esou kolossal geiert haten. Eng vun den Haaptursaachen dofir ass déi heiten:

  • D’Tragedie huet fir d’éischt hiren Tour iwwer d’sozial Medie gemaach, wéi Facebook, Twitter etc. Reaktioun bei de klassesche Medien: a mir hunn näischt? Mir mussen onbedéngt eppes bréngen. E Push!
Bild von Stefan Schweihofer auf Pixabay

Duerch den Internet ass de Journalismus ëmmer méi zur Vitesse gezwonge ginn, woubäi dacks d’Qualitéit vun der Aarbecht ze kuerz kënnt. Eng aner Ursaach ass awer warscheinlech och, datt d’Journaliste befaange sinn, datt si nawell éischter op der Säit sti vun de Palestinenser. De l’Express mécht deen heite Verglach: L’une des raisons de soupçonner un parti pris est le contraste frappant entre l’empressement des médias à rapporter les affirmations du Hamas concernant les attentats à la bombe dans les hôpitaux, et leur extrême lenteur à rapporter le massacre par le Hamas de plus de 1400 Israéliens!

Stonnen drop hu Joe Biden, Emmanuel Macron, Justin Trudeau vun terroristeschen Attacke geschwat. Am Wall Street Journal huet sech dat par contre esou gelies: D’Militanten aus der Gaza-Sträif lancéieren en Iwwerraschungsugrëff. Den New-York Times koum mam Titel: Gaza an Israel sinn am Krich no Attacke vu Militanten. Attacken? Et war e Massaker mat iwwer 1400 Doudeger!

Klamer op: Et ass interessant ze notéieren, datt déi däitsch Medie vill méi no bei Israel stinn. Dat huet wuel eppes mat der däitscher Virgeschicht ze dinn. De SPIEGEL zum Beispill schreift tatsächlech vun engem Blutbad, also vun engem Massaker: Die radikalislamische Palestinenserorganisation hatte am Samstag vergangener Woche einen Großangriff auf Israel gestartet. Sie feuerte tausende Raketen ab und drang mit hunderten Kämpfern nach Israel ein. Hamas-Kämpfer richteten in mehreren Orten in Südisrael ein Blutbad an…E SPIEGEL-Journalist ass esou guer der Meenung, datt am Noutfall déi däitsch Arméi  misst hëllefe goen!

D’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen – och eng Däitsch- huet sech unilateral op d’Säit vun Israel geschloen a gëtt dowéinst hefteg kritiséiert; ma wéi gesot eng éischter däitsch Spezificitéit. Klamer zou.

Op Twitter (X) a Facebook gëtt vill Mëscht verbreet. De Clou war déi Kéier allerdéngs, datt déi traditionel Medie grad op si ugewise waren. An duerch déi sozial Medien verléiert d’Press ëmmer méi u Glafwierdegkeet an uschléissend u Gewiicht. Virun 20 Joer waren 8 Britten vun 10 iwwerzeegt, datt d’BBC-Journalisten hiert Bescht gi fir d’Wouerecht ze soen. Haut sinn et der nach just 5 vun 10. Also d’Halschecht vun de Leit géing dovunner ausgoen, datt d’BBC Desinformatioun bedreift!

Bild von Gerd Altmann auf Pixabay

Déi klassesch Press schéckt de Ball zeréck: d’Desinformatioun kéim aus de soziale Medien an déi traditionell Zeitungen, Radio- an Televisiounsstatioune kréichen d’Quittung dofir. Dat stëmmt allerdéngs just zum Deel. A wann esou krass Feeler geschéien ewéi an de leschte 14 Deeg, bleift de Slogan vun der Lügenpresse ganz aktuell!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Dass dei israelesch armei entretemps zu Gaza vill mei wei dei 1400 zivilisten dei affer vun der beiser Hamas waren embruecht huet, get allerdengs och a villen deeler vun der westlecher propaganda presse…fir net d wuert luegenpresse ze benotzen…ennerschloen oder erofgespillt.
    Genausou wei de fait dass de beisen hamas terror och nemmen eng aentwert op de jore lange terror vun israel an de besetzte gebidder an zu Gaza geint zivilisten ass.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *