Recent Posts

Post Categories

Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...
Iwwer d’Feigheet vun der Press 
An Amerika zitt sech de Joe Biden aus der Presidentecourse zeréck. Eng Decisioun déi iwwerfälleg war! An eng Decisioun déi...
Iwwer déi Haart mat de mëlle Baken 
De Staatsbeamten a -Fonctionnaire genéisst de Ruff, extreemt Sëtzlieder ze hunn. Et däerf een sech also net weider wonneren, datt...

Blog Post

Gesellschaft

Cherchez la femme! 

Cherchez la femme!
Bild von Gerd Altmann auf Pixabay

Et héiert een esou Verschiddenes aus de Koalitiounsgespréicher. Zum Beispill datt mat engem Staatsdefizit vun ëm déi 3 Milliarden Euro ze rechnen ass! Dat kënnt vun enger Jore laanger Politik vum et kascht wat et kascht. Gelungen, datt dat weider keen Thema an de Medie wärend der Wahlcampagne war! Politesche Sputt bleift domadder fir déi nächst Zäit allemol esou gutt ewéi keen.

Et héiert een och, datt déi zwee Koalitiounspartner Schwieregkeeten hunn, genuch Fraen an d’Regierung ze kréien. Woubäi dat Éischt mech beonrouegt an dat Zweet mech nervt! Grad an dësen Zäite wär et wichteg, datt de Stat nach méi a ganz geziilt enger Partie Leit finanziell ënner d’Äerm gräift, well si et sos net méi packen, riskéieren an d’Aarmutt ze glëtschen. Op deem Punkt ass politesch Kompetenz gefrot: de Sozial-Stat stäerken ouni den Triple A a Gefor ze bréngen.

An do ass et mir egal, ob et e Jong oder e Meedchen ass. Ech kann nach domadder liewen, datt beim Opstellen vun de Wahllëschten probéiert gëtt, eng Paritéit tëscht den zwee Geschlechter hierzestellen- obwuel schonn do munchmol cocasse Situatiounen entstinn, e potentielle Kandidat net a Fro kënnt nëmmen well hien e Mann (méi) ass: eventuell gutt Kompetenze kënnen deen Ablack manner wäert sinn ewéi “just” Fra sinn.

Komplett donieft fannen ech et, wann eng Ministesch genannt gëtt eleng op der Basis vun hirem Geschlecht. Ech gi jo och net deementspriechend wielen! 30 Stëmmen ze verginn, also 15 fir d’Männer a 15 fir d’Fraen? Ech wielen no de Kompetenzen. De Geschlechterkrich war fréier! Haut huet d’Fra exakt déi nämmlecht Méiglechkeeten ewéi de Mann, si muss et just wëllen. Si huet esou vill Liichtegkeeten, datt si mol net méi weess, wien oder wat den MLF war, sech net bewosst ass, wéi haart déi weiblech Generatioune virdrun hu musse wudderen, fir zu hire Rechter ze kommen.

Dacks awer ass et d’Fra déi sech selwer ausbremst. Dat hunn ech – als Mann – wärend menge 40 Déngschtjoer och am Beruff festgestallt. Intelligent an duerchaus progressiv Fraen hunn a leschter Minutt hire Choix fir d’Familljeliewe gemaach an déi professionnell Leeder an d’Spënnche gestalt. An nawell geet d’Fra hire Wee.

Wien hätt sech viru 40 Joer kënne virstellen, datt de Chauffeur an engem Bus eng Fra ass? Haut ass dat reegelméisseg de Fall. Ganz rezent hunn ech eng éischte Kéier dat sougenannte schwaacht Geschlecht als Chauffeuse gesinn vun enger Bëtonneuse. Der Fra huet et Spaass gemaach an et hat jo wuel kaum een si zu deem Beruff forcéiert!

Wikipedia

Eng Astrid Lulling, eng Colette Flesch, eng Erna Hennicot-Schöpges oder eng Lydie Polfer hunn et virgemaach: e Liewe laang als Fra an der Politik. Aus deem nämmlechten Holz geschnëtzt ass eng Corinne Cahen. Si seet zwar an de leschten Deeg, datt si sech nëmme schwéier kéint virstellen, de stater Schäfferot ze verlossen, ma well grad déi Liberal en manque si vu weibleche Kandidatinnen ass net auszeschléissen, datt si nees eng Kéier an d’Regierung katapultéiert gëtt. Dat politescht Liewen ass munchmol ganz schéin ongerecht…

 

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Wou der schon d Astrid Lulling ernimmt….dat wier bestemmt net ofgeneigt och nach e ministeschmandat en toute fin de carriere unzehuelen.
    A wann just dei Liberal eng fra sichen…och en erneite parteiwiessel keim fir d Astrid secher nach a fro.
    Da kann d Corinne am schaefferot bleiwen.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *