Eppes muss een de Fransouse loossen: si verkafen sech exzellent; als Bierger an als Natioun. Dat beschte Beispill dofir ass den Tour de France. De Vëlo ass Niewesaach, awer d’ganz Welt soll matkréien, wéi schéin hiert Land ass a wéi gutt et dem Härgott a Frankräich geet..A wann dann esou eng Icône ewéi den Johnny Hallyday stierft, dann ass Staatstrauer, déi ganz Natioun ass op sengem Begriefnes derbäi, schliisslech huet jo och dësen Artist zu der Renommée vum Land wärend Joerzéngte bäigedroen. E leschten Äddi ass also ubruecht. Lëtzebuerg huet do eng komplett aner Kultur, wann iwwerhaapt!
Et ass jo evident, datt dee klenge Grand-Duché op deem Plang net ka mathalen. Mir haten a mir hu keen Edith Piaf, kee Jean-Paul Sartre, keen Alain Delon….et tous les autres. An trotzdeem war ech entsat, wéi am Juni 2021 de Sculpteur Wil
Lofy bei sech doheem gestuerwe war, an d’Liewen zu Lëtzebuerg säi gewinnte Gang goung. D’Medien hu wuel eng leschte Kéier op dem Mann säi kreatiivt Schafen zeréckgekuckt, mä dat war et awer schonn. Eng Story vun 48 Stonnen, duerno näischt méi!
Rezent huet eis de Gaston Vogel verlooss, de Vulle Gast, wéi d’ganzt Land hie genannt huet. En Haarden mat mëlle Baken, en Humanist duerch an duerch, e Jurist dee méi ewéi eng Kéier e Reklammeschëld war fir d’Land vum Kachkéis an der Bouneschlupp. Beschtens bekannt natierlech mat der Affär Bommeleeër. Seng Formulatioun chape de plomb ass bis haut e Begrëff. An Omerta net vergiessen!
Enger Algarade goung hien ni aus dem Wee, am Géigendeel: hien huet se provozéiert! Och a grad mat sengesgläichen, mat Affekoten, mat Riichter, mam Procureur, mam Justizminister.https://bit.ly/3Zh6UED Reegelméisseg och huet sech de Vulle Gast an d’ëffentlecht Liewen agemëscht: d’Haaptstad wär am gaangen, ze verkommen, ze vill Bussen, ze vill organiséiert Heeschen.
A war net do nach eng Geschicht casier bis, déi wuel op dëser Websäit hiren Ufank hat, ma déi zu enger reegelrechter Affär gouf wéi de maître sech juristesch drëm gekëmmert huet?! Déi groussherzoglech Press wollt Méinte laang näischt dovunner wëssen, schliisslech war hir d’Gambia-Koalitioun mat deene Gréngen helleg.
Elo ass dee Mann am Alter vu 87 Joer vun eis gaangen. An dat soll et gewiescht sinn? Ni vu ni connu? De striktste Minimum wär, wann d’Stad Lëtzebuerg him géif e Stroossennumm ‘schenken’. Oder e Bus-Arrêt op säin Numm, oder déi Zwee, esou wéi dat de Fall ass mam fréiere Buergermeeschter Camille Polfer um Cents. Et wier alt wéinstens eng butzeg Unerkennung fir dësen iwwerkultivéierte Mënsch a mat engem klenge clin d’oeuil op dem Gast seng grouss Léift fir de Bus. Et ass bekanntlech fir ze katzen, oder fir a senger Ausdrocksweis ze bleiwen: lamentabilissime!
Fir éierlech ze sinn: den Numm vun enger Strooss ze ginn, ass déi absolutt einfachst Léisung. Déi fréier Staatsministeren Pierre Werner a Gaston Thorn sinn och Dafpätter vu méi wéi enger Strooss am Land an hätten allebéid méi Unerkennung verdéngt! Déi nämmlecht Iwwerleeung gëllt fir den Ex-OGBL-President John Castegnaro. Bei eis gëllt eben d’Maxim: et muss einfach sinn, ëmzesetzen an et däerf näischt kaschten!
Vill där ‘Déckkäpp’ huet Lëtzebuerg net grad an der Reserve an dach sollt d’Land driwwer nodenken, wéi et an Zukunft esou Leit dee leschten Äddi erweist. De Gaston Vogel hätt bestëmmt näischt dogéint, wann e Sall an engem Musée säin Numm déit droen. Kultur war fir hien de Bensinn am Motor. Keen Dag ouni! Scho seng Etude. huet gewimmelt dovunner., och wat d’Miwwelgarnituen betrëfft. Bei him gouf een direkt an eng aner Zäit katapultéiert, an aner Gesellschaftsformen.
Oder an der neier Cité judiciaire e Gebai op säin Numm deefen…souzesoen als Ofschreckung. Et bestinn also Méiglechkeeten, esou engagéierte Leit als Land Merci ze soen. Si gehéiere mat zum Mantel vun eiser Geschicht. Et muss ee just driwwer nodenken.
Deem wichtege Commentaire vum Här Kaiser zu enger exceptioneller Perséinlechkeet an diverser Hisiicht, wéi de Gaston Vogel wuel onbestridden eng war, kann ee just voll zoustëmmen. Just eppes: kritësch Stëmmen, “Kritikaster”, Leit déi sech trauen, riicht eraus an däitlech hir Meenung ze soen, waren a sinn am Ländchen net onbedingt beléift. Stéchwuert aus engem Interview mat him: “Les moutons….” Och wann een net laanscht se kënnt, sou kréien esou Leit leider net déi Estime, déi hinnen zousteet. Fir de “Maître” misst een sl ee Monument opriichten an ee Sall an engem Musée wäer fir deen absolute Konschtexpert, deen de Gaston Vogel e. A. och war, sécherlech ee Minimum. Säin Haus um Lampertsbierg ass schonn ee komplette Musée, deen ech mat menger Fra d’Freed hat mat perséinlecher Féierung vum Här Vogel ze “besichtegen” – eng aussergewéinlech intressant Erfarung. Egal wéi: sou ee Mann vum Niveau an der Kultur vum Gaston Vogel ass ni vergiess, och wann Anerer an hirer Béisaartegkeet a Falschheet wuel opootmen , well seng Stëmm elo verstommt ass a seng Fieder elo leider fir ëmmer am Fiederhalter bleift . Héchste Respekt dem Undenken vum Gaston Vogel!
E gudden Commentaire vun engem nach besseren Journaliste fiir eng aussergeweinlech Perseinlechkeet. Ech kann dem Requiem vum Här Kaiser nemmen zoustëmmen.
Schein dass him op desem Site him senger nach emool geduecht gouff.