De Sujet ass net nei, ma seng Envergure schéngt dach dramatesch zougeholl ze hunn: d’Aggressioune vu Patienten an de Klinicken! Wuelverstanen: gréisstendeels eng verbal Aggressivitéit vu Patiente vis-à-vis vum Fleegepersonal. Déi ass zwar inacceptabel, ma léisst sech munchmol duerch méi ewéi chaotesch Situatiounen an den Urgencen explizéieren. D’Personal selwer ass nervös, onfrëndlech an dat fierft of op Mënschen déi ënner Ëmstänn mat Péng do sëtzen ze waarden an ze waarden…bis hinne schliisslech de Colis platzt. Déi Aggressivitéit schéngt awer elo fatzeg zouzehuelen.
Dat geet a verschiddene Klinicken esou wäit, datt d’Fleegepersonal vereenzelt Schichten einfach net méi wëll maachen. Eng Zort Refus de travail deen si domadder motivéieren, datt d’Aarbechtsconditioune miserabel wären: stänneg géingen si vun de Patienten ugejaut an och sos kujenéiert an aggresséiert ginn, verschiddener ënner dem Personal géingen esou guer fäerten. Den CSV-Volleksvertrieder Laurent Mosar, deen eréischt kierzlech eng parlamentaresch Fro iwwer den Absenteismus an de Spideeler gestallt hat https://bit.ly/40MYw2b, leet elo eng Schëpp no a kënnt mat enger weiderer Fro un d’Gesondheetsministesch.
Et géife Problemer vun der Onsécherheet an de Spideeler ginn; et wier nämlech alles aneschters ewéi rar, datt Patienten – besonnesch déi an den Urgencen- sech aggressiv verhalen esou gutt vis-à-vis vum Personal ewéi och vis-à-vis vun anere Patienten. Fro also: kann d’Ministesch dat confirméieren? Wa jo, ginn et ieren Statistiken iwwer esou Tëschefäll? An iwwerhaapt: wat geschitt mat esou Leit, déi fir Ramba-Zamba suergen?
Wéi ginn esou Leit behandelt? Ginn et speziell (Sécherheets)Zonen? De Laurent Mosar freet weider, ob an de Klinicke genuch Sécherheetspersonal recrutéiert gëtt? Méiglecherweis eng diplomatesch Uspillung op ee Spidol, dat besonnesch mat dësem Phänomen geplot ass a wou souzesoen eng Spezial-Unitéit eleng fir an den Urgencen opgebaut gëtt.
Eng GSG-9 fir Dokteschstull an Operatiounsblock? On aura tout vu! Et gëtt eben näischt wat et net gëtt!
Hei déi parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar
Monsieur le Président,
Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je souhaiterais poser une question parlementaire à Madame le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale.
D’après mes informations, les établissements hospitaliers sont de plus en plus confrontés à des problèmes d’insécurité. Il semblerait qu’il n’est en effet pas rare que certains patients, surtout ceux qui visitent les services d’urgence, se montrent agressifs envers le personnel hospitalier et les autres patients.
Dans ce contexte, je voudrais poser les questions suivantes à Madame le ministre de la Santé et de la Sécurité sociale :
• Madame le ministre est-elle informée des faits décrits ? Quelle est son appréciation ?
• Est-ce qu’il existe des informations sur le nombre d’incidents reportés dans des établissements hospitaliers ? Et sur l’évolution de ce nombre ces dernières années ?
• Quels efforts sont entrepris pour assurer la sécurité du personnel hospitalier et des autres patients ? Est-ce que le personnel de sécurité est recruté en nombre suffisant ?
• De quelle manière sont traités les patients qui se montrent agressifs envers le personnel hospitalier et les autres patients ? Existe-t-il des zones spéciales réservées aux patients qui font preuve d’un comportement agressif ?
Je vous prie d’agréer, Monsieur le Président, l’expression de mes salutations distinguées.