Recent Posts

Post Categories

Weiterer Leserbrief in Sachen Fussballfeld in Useldingen: 2,7 Millionen für eine Notlösung?!  
Es ist verständlich, dass der FC Jeunesse Useldange sich über eine Modernisierung freut, denn der aktuelle Trainingsplatz ist derzeit immer...
Stellungnahme des FC Jeunesse Useldange zur geplanten Modernisierung des Fußballfeldes 
In den letzten Wochen wurde die geplante Erneuerung des Fußballfeldes in Useldingen öffentlich diskutiert – teils sachlich, teils emotional. Dabei...
Frank Bertemes: Demokratie in der Krise? 
„Ich plädiere für eine grenzenlose Meinungsfreiheit.“ So jedenfalls der durchaus interessante Vorschlag des Philosophen Paul Liessmann. Er definiert eine Krise...
D’CSV am Turbo-Labyrinth vun der Kommunikatioun 
Zwee Joer huet d’Land elo eng schwaarz-blo-Regierung. Zwee Joer de Luc Frieden als Staatsminister. Den “neie Luc” an der Roll...

Blog Post

Divers

De Jean Wampach ass doud! 

De Jean Wampach ass doud!
guykaiser.online

Ech sinn e bësselchen traureg. E bësselche vill! Virun e puer Wochen gouf ech vum Doud gewuer vum Jürgen Overdick, fréieren Aarbechtskolleeg vum däitschen RTL-Radio. Mat him hat ech an der Zäit eng Partie EU-Sommeten erlieft, mat him souz ech e puer Joer an der RTL-Personaldelegatioun. De Mann

Luxemburger Wort

hat eng wonnerschéi Radio-Stëmm. Kuerz drop gouf ech da gewuer, datt et dem Jean Wampach gesondheetlech net gutt goung. A mat him hat ech e ganz speziellt Aarbechtsverhältnes.

Gläich um Ufank vu menger Beruffskarriär hunn ech mir e puer Repèren mussen eraussichen, fir mech a mengem neien Job zurecht ze fannen. De Jang war een dovunner. Vun him hunn ech ofgeluusst, datt “Noriichte-maachen” zwar e ganz eeschten Job ass, an datt een nawell ka Sënn hu fir Humor, fir Sprëtzegkeet, fir Akrobatien an der Sprooch, fir Wuertspillereien. Dat war seng Zort vun “Infotainment”: d’Nolauschterer bei de Staang halen, datt si esou laang ewéi méiglech derbäi bleiwen.

Ech hu mech also geéiert gefillt, wéi an den 80-ger Joer de Big Boss Gusti Graas an de Chefredakter Roby Rauchs mech froten, zesumme mam Jang a matt Fernand Mathes a Vic Reuter als Anchor-Männer, d’Fréischicht op Radio Lëtzebuerg ze moderniséieren: keng Noriichte méi ewéi eng Doudemass, mä mat Léift zum geschwaatene Wuert. Kee Selbst-Monolog, ma no beim Nolauschterer. Kee Blabla vun uewen erof – wien et net vesteet, ass ze domm dofir-, ma komplizéiert Themaen esou duerleeën a formuléieren, datt si bei deene meeschten Nolauschterer am Kapp hänke bloufen. A virun allem, méi frech am Toun.

De Jang war e Meeschter an all deem. Ee Beispill ënner villen, ganz villen. Et kann een duerchaus am Journal d’Noriicht sober matdeelen, datt en Automobilist vun der Police gestoppt gouf, dee mat 210 Kilomter an der Stonn iwwer d’Autobunn gejauwt ass. Et kann.een et awer och méi phantasievoll formuléieren: d’Police huet e prësséierte Pilot, dee mat 210 iwwer d’Autobunn gebriedert koum, aus der Course geholl. Hie krut säin Ticket op der Plaz ofgeholl. 

10 Joer laang hunn de Jang an ech dës Aarbecht gemaach. Tëscht 3 Auer an hallwer 4 an der Nuecht hu mir ugefaangen, ëmmer mat enger Taas Kaffi a mat enger Zigarett; hien Gauloise, ech selwer gedréiten Drum. 10 Joer wéi an engem Stot. Gestridden hu mir ni – ausser eng Kéier-, well mir waren eis beruflech ëmmer eens, och a grad wat déi kleng lëtzebuerger Politik ubelaangt.

“Frënn” aus der politescher Szeen hate mir keng, scho guer net aus de Reien vun der CSV. D’Pafen ware séier do, fir eis op d’Fanger ze klappen, wéi zum Beispill 1982. De 5. Abrëll vun deem Joer war ganz Lëtzebuerg op de Been, fir sech géint d’Ofschafen vum Index ze wieren. Deemools war de Knuedler tatsächlech schwaarz vu Leit, aneschters ewéi haut!

ogbl

De Jang huet de ganzen Dag live-Interviewen gemaach, dorënner och een mam OGBL-Boss John Castegnaro. An engem net präparéierte Gespréich huet ee gären e Wuert ze vill gesot, net nëmmen als Politiker, ma och als Journalist. Dat krut de Jang deemools um eegene Leif ze spieren. Hie sot nämlech am Interview: Dee Streik ass gutt organiséiert, zu iergendwellechen Tëschefäll koum et net. Chapeau! Deen “Hutt-oof” war ze vill. D’Pierre Werner-CSV – duerch de Streik an den Eck gedréckt a geschwächt- huet bei Radio Lëtzebuerg intervenéiert. Déi Zäit war Pressefräiheet en eidele Begrëff, de Jang koum nach gudd ewech.

Hie gouf fir 3 Méint an d’Sportredaktioun zwangversat, wat weider net schlëmm war well seng Carrière am Sport bei Radio ëtzebuerg ugefaangen hat. Ma déi vill Joren duerno goufen et och sos fir hien Schréibsen an Téitschen: als Presentateur vum Haaptjournal ass een dem Nolauschterer komplett ausgeliwwert. Dat mierkt ee besonnesch haut, wou den Internet derbäi koum, wou Journaliste munchmol zerfleesht ginn ewéi Fleesch vu Piranhas. Villäicht ass dat d’Explikatoun, firwat de Journalismus haut esou sober, esou dréchen, esou onperséinlech, esou langweileg ass.

Et sief. De Jang huet seng 40 Joer bei RTL mat Freed an Asaz gemaach, eng Dynamik déi hie mat eriwwergeholl huet an d’Pensioun. Déi lescht Méint goung et dunn allerdéngs fatzeg séier: hei e Bobo, do e Bobo, beemol gouf et deess Gudden ze vill. De Liewenswëllen war ugeschloen, eng kleng Hierschtlëftchen goung duer, fir de Jang mat iwwer de Reebou ze huelen. Hien hat kierzlech seng 80 Joer gefeiert. Senger Famill a besonnesch senger Fra, dem Monique, mäi Bäileed.

Ech schléissen dëse klengen Noruff d’nämmlecht of wéi de Jang 10 Joer laang säi Journal ofgeschloss huet: an esou war et!

Related posts

2 Comments

  1. Nickels Marianne

    Gudde Moien Här Kaiser.Mech interesséieren är gudd geschriwwen Texter besonneg vill.Ech wlllt froen ob e geschwagen Text och méiglech wier.Wëll ët mir zeitlech schwéier fëlkt se ze liesen,wär eng mendlëch Versioun mer ganz entgéige kommen.Merci

    1. Guy Kaiser

      Gudde Moien Madamnm Nickls a Merci fir d’Blummwn.
      Ech hunn där Texter an der Zäit vill opgeholl, dat mécht mir ioch Freed, nëmmen, et hëlt vill Zäit ewech. Bsonnesch fir een alen Dapp, deen esou gutt net ass an der Informatik. Mä, ech wàert dorobber zeréckkommen. Schéinen Dag

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *