Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Billjee: Gemauschels à la luxembourgeoise? 

Billjee: Gemauschels à la luxembourgeoise?
Image par Bessi de Pixabay

aGrand-Duc’s Land ass et gemenkerhand gutt liewen. Virausgesat, et hält een sech u gewësse Spillreegelen, déi zwar néierewou festgeschriwwe sinn, ma awer iergendwéi an eise Käpp zirkuléieren. Land a Leit sinn iwwersiichtlech, wat net gläichzestellen ass mat Transparenz. Am Géigendeel! Verschiddenes läit net nëmmen ënner engem décken Perserteppech, ma ënnert enger chape de plomb: Bommeleeër-Feuilleton, SREL-Auer-Affär…

Wéi all Land ass och Lucilinburhuc agedeelt. Ech géif do vun zwou Kasten schwätzen. Déi éischt ass déi Gréisst, mat enger breeder Majoritéit vun éierleche Staatsbierger. Déi zweet Kast – bedeitend méi kleng-, mat den Onéierlechen, mat krimineller Substanz. Déi zwou liewen niefteneen, ma mat Amenter och mateneen.

An der éischter Kast gesinn ech de ganze statut unique, also Aarbechter, Handwierker, Beamten, Fonctionairen, plus indépendanten, Affekoten, Politiker. Si all wibbelen fir d’Wirtschaft an d’Gesellschaft um Dréien ze halen. Enfin! Wir sind alle kleine Sünderlein. Et däerf een och mol aus der Rei danzen, ma et muss ee wëssen wéi wäit datt ee geet. Deen ee weess, wat deen anere gemauschelt huet, klenge Krich ënner gudden Noper ass erlaabt: et hält een et fir sech a benotzt et bei Geleeënheet als Joker.

An der zweeter Kast, déi däischter Säit vun der Gesellschaft: Banditen, Gangster. Leit, déi anerer erpressen, iwwerfalen, zerschloen, Leit ouni Skrupel mat kretinéise Geschäfter, zum Beispill de Verkaf vun Drogen. Och an dëser Kast kennt een deen aneren, jiddereen ass a sengem eegene Beräich aktiv; och hei ginn et Spillreegelen, déi zwar net a Steen gemeesselt sinn, ma un déi sech ze halen ass, sos gëtt d’Uerdnung op d’Kopp gehäit.

verschiddentlech kënnt et zu Intersektiounen tëscht deenen zwou Kasten. Zum Beispill wann e brave Bierger Droge brauch. Kee Marihuana, schonn eppes méi Staarkes, wéi Cocaïne. Dee kann een nach net ob Amazon bestellen, dee muss een nach tatsächlech “akafe” goen, also muss de Bierger mat der Leeder erof an d’Unterwelt. Do waarden si op hien, schliisslech wëllen se “donidden” Geschäfter maachen. Trotzdeem! Ongeféierlech ass et net. Eise brave Bierger exposéiert sech: hie weist säi Gesiicht, et dauert net lang, dann ass säin Numm och bekannt. Kuerz, hie mécht sech erpressbar!

Déi Ënnerwelt ass grad esou iwwersiichtlech. Mat Alkohol-a Fëmmgesetz gouf de strip- tease-Baren därmoossen zougesat, datt eng no där anerer huet musse Raute wénken, zoumaachen. Ma et gëtt nach e puer Nuets-Cabaret. Dat mécht d’Saach méi einfach an zugläich méi komplizéiert: an där souwisou klenger Welt Lëtzebuerg ass et quasi onméiglech pour passer inaperçu!

Trotz oder grad wéinst der Pandemie a wéinst dem Confinement gëtt et an der Kast vun de “Braven” an de leschte Wochen besonnesch vill Gemauschels. Wer reitet so spät durch Nacht und Wind? Wien huet sech esou alles net un d’Restriktioune gehalen a goung trotz der Ausgangsspär nuets eraus an eventuell esouguer “shoppen”? Wéi gesot, vill Gemauschels! Jiddereen wëll eppes méi héieren hunn an dat féiert zu enger gewëssener Onrou, déi friddlech Kohabitatioun tëscht deenen zwou Welten steet op der Kopp!

Villäicht gehéiert des Geschicht och ganz einfach an d’Kategorie vu science fiction. Se non è vero, è ben trovato, eng schéi Geschicht an dach méi bedréckenden Zäiten. Mä,opgepasst: et muss ee wëssen, wéi wäit ee geet, och an der Welt vun de soziale Medien….

 

Le billet est une forme courte, informationnelle, humoristique, souvent satirique. Elle s’apparente à la fois au « witz » freudien, ou mot d’esprit, et au pamphlet. La forme est aussi ancienne que la presse. (Wikipedia)

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *