Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Reform vun der Constitutioun, ma a wat fir enger politescher Verfassung? 

Reform vun der Constitutioun, ma a wat fir enger politescher Verfassung?
image credits:tripadviser.in

Scho Joer lang brukken vereenzelt Deputéiert- mat Virléiwt Juristen- iwwert eng Reform vun der Lëtzebuerger Verfassung no. Et geet drëm, den Text inhaltlech ze moderniséieren, och wat d’Rechter an d’Pflichten vum Grand-Duc betrëfft. Do ass all Zeil wichteg, jo, jidfer eenzelt Wuert, normal also, datt dat e Strap dauert, ëmsou méi, wou d’Regierung de gréisstméigleche Konsens muss fannen, also och mat der Oppositioun!

D’Regierung Bettel 1 hat keng Problemer mat der CSV, well där hieren Topspezialist Paul-Henry Meyers goung mat hinnen zesummen Artikel fir Artikel,Paragraph fir Paragraph duerch an et konnt eigentlech ëmmer e Konsens an der zoustänneger Chamberkommissioun fonnt ginn. D’Regierung Bettel 2 misst also elo zimlech séier de Sak kënnen zouzéien. Dat riskéiert e Problem ze ginn fir d’CSV!

“…Bei deene Konservativen ginn et nämlech ëmmer méi Vertrieder, déi soen, et sollt een sech der Roll an der Oppositioun bewosst ginn.”

D’Regierungsvertrieder schéngen Drock ze maachen, dee geplangte Referendum esou séier wéi méiglech festzeleeën, a sech dann och mat der Oppositioun eens ze ginn, fir d’Campagne. Een zweeten Echec an engem Referendum ka sech d’Dräierkoalitioun schlecht leeschten. De Referendum iwwer d’Verfassung kënnegt sech schon

imagecredits:tripadviser

zanter Joer méi komplizéiert unn, wéi dee Leschten, well ,wéi decidéiert Dir: vu 50 Punkten an der Reform sidd Dir matt 49 averstaanen, ma een eenzege Punkt geet Ierch komplett géint de Stréch, zum Beispill wat d’Rechter vum Déier betrëfft: stëmmt Dir dann nach mat “jo” oder awer éischter mat “neen”?! Dat gëtt héichspannend Diskussiounen, an der Politik, an der Gesellschaft, op de soziaale Medien.

et wär also eng gutt Geleegenheet fir d’CSV, d’Regierung eleng gewäerden ze loossen, si also an d’bredouille ze bréngen. Woot si tatsächlech als ëmmer nach serieux Partei, dëse Mentalitéitswiessel? Een Text, dee Jore laang mat deenen aneren duerchdiskutéiert a fir gutt fonnt gouf, op bemol schlecht ze rieden?D’Diskussioune laafen hannert de Kulissen an do héiert een dach ganz Iwwerraschendes: d’Bettel 2-Regierung huet den Eenheetsbezierk fir Nationalwahlen an d’Gespréich bruecht. Dat war esou nach nie an der Oeffentlechkeet diskutéiert ginn, och wann nom 14. Oktober et eng Partie Stëmme gouf, déi d’Meenung vertrueden hunn, et wier dee gerechste Wee! Dobäi däerf een net vergiessen, datt op d’mannst grad esou vill Leit gëtt – ech nennen se emol:Lokalpatrioten- déi géint deen Eenheetsbezierk sinn. Et sief! D’CSV gouf vun där Initiative iwwerrascht an huet e bëssi motzeg zeréckgeschloe  mat der Propose fir an d’Verfassung: no Wahlen muss mat där gréisster Partei geschwaat ginn, fir ënner Ëmstänn eng Regierung zesummen ze kréien.Dir kënnt Ierch virstellen, wéi déi dräi, also Gréng,Blo, Rout doropper reagéiert hunn! Villäicht ass den Hannergedanken vun de Regierungsparteien och just deen heiten: mir si selwer net iwwerzeegt vum Eenheetsbezierk, da loosse mer d’CSV decidéieren; an déi wäert nee soen. Also kënnen d’Regierungsparteien ëmmer mol de Konservativen de schwaaarze Péiter zouschousteren.

Et ass also nach op deenen zwou Säiten net gelaf!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *