Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Politik

Einfach fir ze katzen! 

Einfach fir ze katzen!
image credits: pixabay

Haut op den Dag genee viru 86 Joer gouf den Adolf Hitler Reichskanzler. Net duerch e Putsch, duerch eng Revolte, ma ganz legal.4 Wochen duerno war dat éischt KZ prett fir den Asaaz. Wéi den däitschen Ausseminister erënnert: gedroen duerch seng Propaganda an duerch de Frust am Vollek. Wehret den Anfängen! gëtt dann ëmmer gesot.

Et wier esou lues un der Zäit! Däitschland huet dee leschte Weekend un den Holocaust zeréckgeduecht, an do ass bei mir eng Statistik hänke bliwwen:

40 Prozent vun de Jugendlechen an Däitschland wëssen net méi esou richteg eppes mam Wuert ‘Auschwitz’ unzefänken!

Dat ass dramatesch! Esou laang ass et jo nach net hier, datt 6 Millioune Judden verfollecht, gefoltert, erschoss, vergaast goufen! Wéi ass esou eng Entwécklung an eiser Gesellschaft méiglech? Grad haut, wou mir esou vill Méiglechkeete méi hunn, fir eis ze informéieren: Radio an Televisioun goufe liberaliséiert, déi soziaal Medie koume bäi. Sécher, déi niddereg Instinkter mussen befriddegt ginn, an esou ginn et ëmmer méi Speckfilmer. Virwat och net? Wann et engem Freed mécht?! Ma, et ginn esou vill Méiglechkeeten, sech ze informéieren, mol méi eescht, mol manner. Et ginn esou vill Talkshows, wou iwwer  Aktualitéit diskutéiert gëtt a virun allem: et gëtt ZDF/Doku, wou een 1-2 mol d’Woch Filmer gewise kritt eben iwwer d’Nazi: wéi si konnten un d’Muecht kommen, wéi si sech séier konnten an der Gesellschaft breet maachen, wat hir Ideologie war…a virun allem, et kritt een d’Filmer vun deemols gewisen, déi meeschtens vun Nazi gedréit woren, wou an de KZ’er d’Läichen mam Bagger ewech geschëppt goufen.

Sollt een et net den amerikaneschen Zaldoten nomaachen, wéi si demools déi Däitsch gezwongen haaten, an d’KZ’er eranzegoen, fir sech déi ganz Schwéngerei (sorry) vun den NAZI mat eegenen Aan unzekucken? Ech weess net, wéi d’Situatioun am Schoulwiesen zu Lëtzebuerg ass, ma sollt een net zur Pflicht maachen, datt Jugendlecher – vun engem gewëssenen Alter unn- sech esou Dokumentarfilmer mussen ukucken, natiirlech begleet mat den néidegen Explikatiounen?! Et soll elo kee kommen, a soen, dat wier net gutt fir déi jugendlech Séil, déi géif traumatiséiert ginn. Déi Jonk sinn, grad duerch déi soziaal Medien, ganz aner Saache gewinnt!

Et kann dach net sinn, datt 73 Joer no der Befreiung vun de KZ’er schonn alles vergiess gëtt! Grad haut, wou déi brong Pescht riskéiert, sech nees auszebreeden. Wann 40 Prozent vun de Jugendlechen an Däitschland net méi esou richteg wëssen, wat si mam Wuert AUSCHWITZ sollen ufänken, da geet dat jo bedeitend méi wäit: wann nämlech en Dabo vu der AFD d’Mahnmal zu Berlin als Mahnmal der Schande ofstempelt, kann de Jugendlechen grad esou wéineg eppes domatter ufänken.

Et ass nach net laang hir, datt de Mënsch vum Baam erofgeklotert ass; haut gesäit et duerno aus, wéi wann hien zeréck op säi Baam wéilt….einfach just fir ze katzen!

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *