Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Aussepolitik

Venezuela-Asselborn-Turlututu 

Venezuela-Asselborn-Turlututu
image credits:wikipedia

15Minutten nodeem am Venezuela sech de Parlamentspresident Guaidò selwer zum neien Iwwergangspresident erkläert huet, koum vun amerikanescher Säit di voll politesch Ënnerstëtzung! No wat richt dat? No faulen Eeër, op d’mannst no enger Ofsprooch tëscht deenen zwou Säiten. Well de Guaidò hätt sécherlech net de Courage gehaat, sech zum groussen Oppositiounsleader vis-à-vis vum Nachpresident Maduro opzespillen. An hie gouf den USA mat Sécherheet dat eent oder aanert Verspriechen…och Petrol richt!

De Lëtzebuerger Ausseminister huet sech no e bësselchen Zëcken am Ufank relativ séier op d’Säit vun deenen europäesche Länner geschloen, déi grad ewéi d’Amerikaner de Guaidò ënnerstëtzen. Dat ass alles aaneschters ewéi glécklech! Den Ausseminister gëtt jo och nach de Chef vun der Diplomatie genannt…trëfft dat hei zou? Op kee Fall! Wee reecht sech dann ëmmer op, wann de béise Russ sech an d’Ugeleegenheeten vun anere Länner amësche geet? Natiirlech d’AMIS, awer och d’Länner aus der europäescher Unioun. An elo maache mir dat nämmlecht, oder wéinstens zur Halschecht, well et ginn europäesch Natiounen, déi wieren sech géint d’Ënnerstëtzung vun der amerikanescher Politik, wéi zum Beispill Italien oder Griichenland, ma do si jo souwisou Gelungener um Rudder.

Kloer, de Maduro ass kee Gudden, huet op d’mannst extreem vill politesch Feeler gemaach, an d’Konsequenzen dofunner kritt d’Vollek auszesippen! A grad esou kloer: de Russ huet schonn am Venezuela op Buedem opgeschloen an ënnerstëtzt mat China, dem Iran an der Tiirkei de Maduro-Regimm. Et geet ëm vill: d’Leit sinn zwar mausaarem, ma d’Land ass superräich. An elo schécke mir Iesswueren dohinner, déi de Maduro net einfach esou kann iwwer d’Grenze fuere loossen. Well, mécht hien dat, gëtt hien d’Faillite vu sengem Regime zou; mécht hien et net, kënne mir hien un de Pranger stellen a soen:”gesidd Dir? Hie léisst säi Vollek ausbludden, et ass e Säckdréier!” Elo schonn ass d’Situatioun am Venezuela no un engem Biergerkrich, et muss ee jo net de Fixspoun am Grapp hunn, fir d’Saach zum Explodéieren ze bréngen. Et geet scho wäit, wann europäesch Länner wéi Däitschland, Groussbritannien, Spuenien a Frankräich dem Maduro en Ultimatum stellen. Dee Maduro huet extreem vill Feinden, ma och vill Symphatisanten; sech also esou däitlech ze positionnéieren, wéi Lëtzebuerg dat gemaach huet, bedeit näischt aneschters, ewéi zu enger zousätzlecher Konfrontatioun bäizedroen

Ech droen déi dote Positioun op kee Fall mat!

 

Related posts

Uncategorized

Venezuela-Asselborn-Turlututu 

15

Minutes after Venezuela declared President Guaidò himself the new transitional president, the American side had the full political support! So what does that mean? No lazy eggs, at least after a conversation between the two sides. Because Guaidò certainly would not have had the courage to play the great opposition leader in the face of President Maduro. And he became the United States for sure, one or the other promise … even petrol!

Initially, the Luxembourg Minister for Foreign Affairs has moved quickly to the side of European countries, which, like Americans of Guaidò,

support. That’s all different than happy! Is the Foreign Minister also named the head of diplomacy … does this apply? No way! So how does evil Russ intervene in the affairs of other countries? Of course, the AMIS, but also the countries of the European Union. And now we do so, or at least for half of it, because there are European nations who would be against the support of American politics, such as Italy or Greece, but there are similar genders at the helm.

Clearly, Maduro is no good, has at least made an awful lot of political mistakes, and the consequences therefor get the people to vote! And just as clearly: Russ has already hit the ground in Venezuela and has supported Maduro’s regime with China, Iran and Turkey. This is a lot of things: people are mousey, but the country is rich. And now we send food there that Maduro simply cannot cross the border with. Well, if he does, he will shut down his regime; if he does not, we can put him to the test and say, “Do you see? He is bleeding his people, it is a sackcloth!” Already, the situation in Venezuela is close to a civil war, but you do not have to have the fixing point to explode the thing. It goes a long way when European countries such as Germany, the United Kingdom, Spain and France give Maduro an ultimatum. Maduro has many enemies, but many sympathizers; to position itself as clearly as Luxembourg did, meaning nothing else but contributing to an additional confrontation

I don’t carry that position!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *