Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Mat engem Gaardenhaischen laanscht eng Regierungskris? 

Mat engem Gaardenhaischen laanscht eng Regierungskris?

den Traversini huet dat gemaach, wat hien huet MUSSE maachen: hien huet als Deputéierten demissionnéiert. De Mann gouf uerg gebeidelt! Bannent zwou Wochen zwou wichteg Fonktioune verluer, déi als Buergermeeschter an elo déi als Deputéierten. Hie sëtzt souzesoen op der Strooss. An dat wéinst engem Gaardenhaischen?! Hu mir sos keng Probleemer?! housch et méi wéi eng Kéier an de Commentairen. Natiirlech ass Politik e knaschtecht Geschäft; ma paradoxerweis geet et jo grad hei ëm méi propper Politik, och wann et sech just ëm e Schapp handelt. Wann een esou “kleng Affairen” duerchléisst, mécht een onbewosst d’Dieren fir méi grouss illegal Geschäfter op. Schliisslech gëtt et jo och dee penale Volet, esou guer just fir e Schapp! An et ass eng Lektioun fir déi ganz Politik: haut huet et e Grénge getraff, muer…? Den Här Traversini sollt een elo mol e bësselchen a Rou loossen, an dach stellen sech nach Froen.

 

Wann dat Gaardenhaischen sollt ofgerappt ginn, da gëtt de Recours um Verwaltungsgeriicht hifälleg. An anere Wieder, et kann och ni vun de Riichter decidéiert ginn, op der Ministesch Dieschbourg hir Autorisatioun legal wor oder net. Mä, nach ass déi Plainte net vum Dësch, et stellt sech also d’Fro: kann dee Schapp ofgerappt ginn, an där Zäit, wou sech e Prozess ukënnecht? An et stellt sech d’Fro: huet den Här Traversini déi Decisioun – de Schapp ofzerappen- eleng geholl, ass dat op senger Mëscht gewuess, fir seng Partei aus der Schosslinn ze huelen, oder war et éischter ëmgedréit, datt mat him geschwat gouf, hien souzesoen enner Drock gesat gouf?

 

hu mir sos keng Suergen?! Dat Haischen goung allemol duer, den Term vu “Regierunsgskris” an den Ëmlaf ze bréngen. Déi zwou Koalitiounsparteien DP an LSAP hu sech an d’Fäischtche gelaacht a vun der Geleegenheet profitéiert, sech de grousse Gewënner vun de leschte Wahlen zurecht ze stutzen! Fir d’éischt wor de François Bausch mam “geheime” casier ënner Drock geroden, dunn dee schlëmmen Häerzinfarkt vum Felix Braz an direkt hannendrop d’Affairen Traversini an Dieschbourg. Et héiert ee vu Gespréicher de part et d’autre tëscht Deputéierten, och mat CSV-Leit; déi Gespréicher sinn allerdéngs zu dësem Ablack net eescht ze huelen, si ware just geduecht, den Drock op déi Gréng ze héigen. Dat huet geklappt: déi Gréng sinn ugeschloen, kënnen sech net méi dermatter bretzen, datt et ouni si Gambia 2 iwwerhaapt net déit ginn. Stellt sech nach d’Fro: wee war an ass an all dëse Geschichten de WHISTLEBLOWER?

 

wann een zur Konklusioun kënnt, datt déi Gréng sech eng bluddech Nues geholl hunn, da bedeit dat kloer, datt och déi ganz Regierung eng erwëscht huet. Sollten also weider Detailer aus Ëmweltministère a vun Déifferdéng an d’Ëffentlechkeet kommen, an anere Wieder: sollt weider um Image vun der grénger Partei gekraazt ginn, da wär et tatsächlech net auszeschléissen, datt DP oder LSAP deene Gréngen “Aeddi an net merci” soen. Deen Ament bestinn dräi Méiglechkeeten: d’DP geet eng Koalitioun an mat der CSV, an där si de Posten vum Staatsminister behällt, respektiv d’LSAP klëmmt op en Neits mat deene Schwaarzen an d’Bett fir eng GROKO, déi allerdéngs nach just op 31 Sëtz kënnt. Drëtt Méiglechkeet: Neiwahlen.

Am meeschte Sënn mécht eng Koalitioun DP-CSV. Géingen déi Rout mat deene Schwaarzen zesumme goen, géingen déi zwou Parteien riskéieren, awer besonnesch d’LSAP déi Wahlen drop komplett ënnerzegoen. Wat d’Neiwahlen betrëfft, huet keng vun de Regierungsparteien an och net d’CSV sech e Bonus ze erwaarden, Majoritéit an Oppositioun goufe schliisslech gewiélt fir ze schaffen, net fir sech ze zerfleeschen!

Wéi gesot, et handelt sech hei ëm Gespréicher, déi tatsächlech gefouert goufen. Et soll een se zu dësem Ablack net iwwerbewäerten: si goufe gefouert, déi Grouss Gréng kleng ze halen. D’Equipe ronderëm de François Bausch ass gewarnt! Déi näechst 4 Joer changéiert de Klima tatsächlech….

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *