Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Corinne Cahen: eng Schonggréisst drënner wier besser! 

Corinne Cahen: eng Schonggréisst drënner wier besser!

Déi politesch Spillreegelen sinn einfach: en Deputéierten däerf niewt senger parlamentarescher Aarbecht nach jobben, daerf zum Beispill am Verwaltungsrot vun enger Gesellschaft siegéieren. Dat gouf a gëtt verschiddentlech kritiséiert, well et zu enger onglécklecher Situatioun vun Interessekonflikter ka féieren. Dorëms geet et hei allerdéngs net. Ech bréngen e Member vun der Regierung an d’Spill, well fir e(ng) Minister(in) sinn d’Reegelen vill méi strikt: dës Persoun däerf keen zweeten Job hunn. Wat am Fall vun der Madame Corinne Cahen net bedeit, datt si hiere Schongbutték viru 6 Joer, wéi si an d’Regierung koum, hätt mussen opginn, verkafen! D’Reegel wëll einfach, datt si 24 Stonnen op 24 fir d’Regierung schafft ( les membres du gouvernement sont en fonction en permanence et sont disponibles à tout moment) a virun allem, datt si net an d’Versuchung kënnt, hir politesch “Muecht” zu Gonschten vun hirem Geschäft ze mëssbrauchen. Si hat also déi lescht 6 Joer e gérant mam daily business chargéiert an huet selwer just Schong verkaaf ronderëm d’Deeg vun der Braderie. Publicity-gag!

 

D  att den Tram fir vill Onzefriddenheet ënner de stater Geschäftseit suergt – an och bei der Madame Cahen-, ass weder verwonnerlech nach verwerflech, schliisslech bleift d’Ministesch permanent au courant, wéi gutt oder schlecht d’Geschäfter lafen; an datt also déi garer Kommerzanten déck Bake maachen bei der Politik, fir eng finanziell Entschiedegung ze kréien fir déi Verloschter, déi se während dem Schantchen mussen astiechen, ass grad esou wéineg eng Iwwerraschung, eigentlech éischter eng normal Reaktioun vu Geschäftsleit, déi während bal zwee Joer uereg gebeidelt ginn.

D’Corinne Cahen, selwer mol Presidentin vum staater Geschäftsverband, huet an engem Ulaaf vu grousser Onzefriddenheet deem Verband eng gepeffert Kommunikatioun zoukomme gelooss, e Schreiwes, fir déi midd Trupp mol waakereg ze rëselen. Villäicht ass dat jo ubruecht, wär do net déi domm Situatioun, datt d’Madame Ministesch ass, an zwar fulltime! Wann d’Madame Corinne Cahen e Bréif opsetzt als Proprietärin vun engem Schongbuttek, da kommen déi Zeilen beim Adressat natiirlech un als Cahen, Madame la ministre. Do kann si maachen, wat si wëll, geännert kritt si déi Situatioun net, a scho guer net, wann si dat Schreiwes als mail fortschéck, ënnert der Sammeladress vun der Regierung, mam Zousaz: “Ministre de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Region”A si genéiert sech iwwregens och sos kee Fatz. All Geleegenheet gëtt genotzt, fir op de Buttek opmierksam ze maachen, zum Beispill op facebook:

 

 

D at kann ee witzeg fannen, ma d’Madame beweegt sech do op ganz dënnem Äis. Grad ewéi mat deem Bréif un de stater Geschäftsverband, wou d’Madame Cahen sech net genéiert, déi zwou Kapen opzedoen, wëll heeschen, als Ministesch an zugläich als Geschäftsfra; eng Copie vum Bréif goung iwwregens e.a. och u Luxtram, also un déi Verwaltung, déi responsabel ass fir de Schantgen a fir de ganze Schlamassel op der stater Gare. An deem Schreiwes verweist si mol fir d’alleréischt drop hinn, datt si net op de Butték ugewisen ass, fir en Akommes ze hunn. Si? Ween ass si an dësem Fall? D’Geschäftsfra oder net éischter d’Ministesch, déi op e gutt Gehalt kann zeréckgräifen? Am näechste Saz geet et weider, datt si sech Gedanke mécht,

Image parPexels de Pixabay

datt hir Ugestellten och an Zukunft nach e geséchert Akommes hunn. Si? Hei also ganz kloer d’Geschäftsfra. An d’Madame geet weider an den Detail: “…J’ai investi 15 à 20.000€ dans la pub pour le magasin, nous avons une remise exceptionnelle de 20% sur toutes les chaussures pendant 3 semaines afin d’avoir une caisse un peu remplie avant le chantier pour pouvoir continuer à payer les frais et les salaires…” Och hei ganz kloer d’Kommerzantin, déi schreiwt an déi eng ganz Rëtsch – iwwregens valabel- Propositiounen un de stater Geschäftsverband mécht.

Et versteet een d’Madame Cahen als Persoun: de garer Quartier ass den Ament een eenzegt grousst Duergerneen, absolutt keng Plaz fir gemitterlech ze trëppelen an d’Vitrinen vun de Butécker ze lecken; doniewt gouf zweemol bannent kuerzer Zäit an hiert Geschäft agebrach, eng Situatioun also, wou engem d’Sécherungen kënnen duerchbrennen. Mä nach ass si Ministesch an huet sech net op dës Manéier ëm hiert Geschäft ze këmmeren. Si hätt jo duerchaus de Bréif kënnen opsetzen an de Gérant ënnerschreiwe loossen! D’Ziel wier dat nämmlecht gewierscht, mat hirer eegener Ënnerschrëft awer -also als Geschäftsfra + Ministesch- sollt iergendwéi dem Geschäftsverband, der stater Gemeng an och Luxtram mat der Scheierpaart gewonke gin!

De code de déontologie fir Regierungsmemberen ass zimmlech vague: “Un conflit d’intérêts au sens du présent arrêté grand-ducale existe lorsqu’un membre du Gouvernement a un intérêt personnel qui pourrait influencer indûment l’exercice de ses fonctions en tant que membre du Gouvernement”. Dat ass hei net onbedéngt de Fall! Ass dat Behuelen dofir awer ubruecht? Reng hypothetesch: et kéinte jo nach aner Regierungsmember de Besëtzer vun engem Geschäft sinn; wann da jidderee vun hinnen esou äerdech wier ewéi d’Madame Cahen, da géing d’Regierung ewéi eng stänneg Braderie ausgesinn, oder? Elo wou zanter Stonne gewosst ass, datt d’Al Avenue fir déi meescht Automobilisten verbueden ass, muss wuel mat enger kontroverser Diskussioun iwwer dës politesch Situatioun gerechent ginn; et wier schéin, wann d’Madame Ministesch sech do eraus géing halen!

Et erënnert ee sech un de Spektakel, deen et sengerzäit gouf mam CSV-Regierungsmember Jean-Marie Halsdorf: dee Mann hat et jo net gewot, a senger Kalitéit als Minister den Telefon an de Grapp ze huelen a bei enger Bank nozefroën, wéi et dann elo ëm de Kredit vun enger Persoun “x” stéing?! Ëmmerhinn hat dee Politiker domatter net fir privat Interessi geschafft, an awer krut hien – zu Recht- de Virworf gemach, als Regierungsmember politeschen Drock op dee Bankdirekter gemaach ze hunn. Am Fall vun der Madame Cahen ass et kee Telefonsgesréich, ma e Schreiwes, schwaarz op wäiss also: si ass Familjeministesch, weist och doropper hinn a klot hiert Leed als Geschäftsfra!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *