et ass Brennnesselzäit! D’Affär Gaardenhaischen ass wuel nach laang net politesch iwwerstanen. Et dréit sech neierdéngs nees ëm de Récktrëtt vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Dat goung bekanntlech Ratz-Fatz. Ma elo stellt sech eraus, datt d’Madamm e Virspronk hat vu 24 Stonnen fir hir Decisioun ze huelen. Spontan gesäit aneschters aus! D’Justizministesch gouf gëschter selwer d’Explikatiounen dozou.
An der parlamentarescher Justizkommissioun huet si vu sech aus erkläert, datt si vun der Procureure générale telefonesch kontaktéiert gi war, fir matgedeelt ze kréien, datt d’Geschicht Gaardenhaischen géing zeréck un d’Parlament goen fir eng eventuell mise en accusation. Dat Gespréich war deen nämmlechten Dag wéi de Courrier vum Parquet fortgeschéckt gi war. D’Procureure huet präziséiert, datt den Dag duerno eréischt d’Decisioun vum Parquet géing ëffentlech gemaach ginn. ( e puer Stonnen no der Publikatioun vun dësem Artikel schreiwt de Justizministère mir: ” Dësweideren hat d’Ministesch Tanson keng Informatiounen doriwwer, datt de Parquet den Dag duerno géif e Communiqué publizéieren”. Ech huelen dovunner Kenntnis an hunn och kee Probleem, dat an dësen Artikel bäizesetzen. Ech sinn natierlech op Deputéierten ugewisen, déi an dëser Kommissiounssëtzung derbei waren…an déi bleiwen bei hirer Versioun!) Si, d’Ministesch, hätt no deem Telefon probéiert, un de grénge Vizepremier François Bausch ze kommen.
Dorausser gouf näischt. An also hätt si d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kontaktéiert, déi domadder Bescheed wosst, 24 Stonnen éier d’Saach public gouf!
Dës Erklärungen huet d’Sam Tanson gemaach ouni datt iergendeen si dorobber ugeschwat hätt. Dat gëtt elo politesch als mea culpa interpretéiert. Et stellen sech tatsächlech an der Haaptsaach zwou Froen: wat goung d’Madamm Solovieff un, d’Justizministesch ze kontaktéieren? Gëllt do d’séparation des pouvoirs net méi? Ech erënneren drunn, datt de fréiere Justizminister Luc Frieden senger Zäit ënner anerem vun de Gréngen ëffentlech un de Pranger gestallt gi war wéinst engem Gespréich mam Procureur iwwer d’Affär Bommeleeër. Natierlech huet déi Affär eng aner Envergure ewéi déi vun engem 3-Fënster-Weekendhaus, ma de Prinzip ass deen nämmlechten.
An ass et deontologesch ze vertrieden, datt d’Sam Tanson am nämmlechte Kontext hir Regierungs- a Parteikolleegin Dieschbourg kontaktéiert hat? Firwat wollt si mam grénge Vizepremier schwätzen? Wär et net méi logesch gewiescht, si hätt direkt mam Staatsminister selwer geschwat? Schliisslech goung et jo ëm e Regierungsmember. An et stellt sech nach eng drëtt Fro.
De Courrier koum Donneschdes an der Chamber un. Op d’mannst beim President. Firwat gouf dee Courrier net direkt weidergeleet un all déi aner Deputéierten, déi réischt den Dag drop vum Communiqué vum Parquet iwwerrascht goufen? Dysfonctionnement am Parlament? Oder politescht Gemauschels?
Et bleift ofzewaarden, wéi d’Oppositioun reagéiert. Perséinlech sinn ech der Meenung, datt et sech ëm ondelikat Ausrutscher handelt, esou gutt vun der Procureure ewéi vun der Justizministesch. Ausrutscher, faux-pas, méi net! Ma et betrëfft nees eng Kéier déi Gréng, déi Partei déi Joerzéngte laang op de Bänken vun der Oppositioun beim geréngsten Tëschefall Luch a Bedruch gejaut huet an elo der Meenung ass, datt d’Gesetzer do sinn fir jiddereen, ausser fir sech selwer.
Wéi een an de Bësch rifft, esou schaalt et erëm! Et ass dovunner auszegoen, datt et déi nächst Méint bis d’Wahlen nach vill Postkaarte ginn vum Gaardenhaischen…